Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?
Kultur Neiegkeeten

Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?

Um Freideg huet déi politesch Wahlkoalitioun vun ADR a Wee

money
Den europäesche Finanzsommet
Kultur Neiegkeeten

Den europäesche Finanzsommet

Haut geet et zu Bréissel ëm den EU-Budget an d‘Finanzhëllefe

20 Joer CIGL Esch: Är Besoinen, eis Projeten
Kultur Neiegkeeten

20 Joer CIGL Esch: Är Besoinen, eis Projeten

Zanter elo 20 Joer iwwerhëlt de CIGL (Zenter fir lokal

LCTO: Gudde Bilan fir e villverspriechende Päischtweekend

LCTO: Gudde Bilan fir e villverspriechende Päischtweekend

Wéi huet sech de Päischtweekend aus der Siicht vum Tourismus an eiser Haaptstad presentéiert? Dat weess de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) a hien huet seng Zuele virgeluecht. Aus dëse geet ervir, datt sech d‘Gewunnechten änneren, d‘Offer vu Lëtzebuerg awer weider attraktiv bleift.

D‘Kasematte vum Bock sinn a bleiwen onkontestéiert déi éischten Attraktioun vun der Haaptstad. Iwwert de Päischtweekend (vu freides bis méindes) konnten hei 4.031 Visiteure gezielt ginn. Dat ass eng Hausse vu 15% géintiwwer 2018, an si bestätegt d‘Tendenz vum Ouschterweekend 2019.

LCTO

Notze mir hei d‘Geleeënheet fir drun ze erënneren, datt d‘Kasematten och mat engem Guide kënne besicht ginn. Dat dräi mol den Dag: um 11, um 14 an um 16 Auer. Guidéiert Visitte vum Bock geet et bis de 15. September. © LCTO

Eng interessant Feststellung huet den LCTO dann och nach parat. Während sech d‘Zuele vun de Visiteure vun de Kasematte stänneg verbesseren, kommen der ëmmer manner an hiren Zenter um Knuedler. Esou waren am genannten Zäitraum 2.111 leit am Accueil passéiert, wat géintiwwer dem Virjoer enger Baisse vun 22% entsprécht. De gréisste Grupp hunn déi däitsch Touriste gestallt.

Déi guidéiert Visitte bleiwen – mat 138 guidéierten Tier, dovunner 107 sougenannt Privat-Tier an 31 regulär Tier – um Niveau vun 2018. Dat ass zimlech erfreelech, woubäi et vill mat der wierklech exzellenter Qualitéit vun de Guiden, dem Accueil an der Offer am allgemengen zesummenhänkt.

Et ass en Erfolleg deen sech den LCTO dann awer net eleng zouschreift. Hei gëtt drop higewisen datt de Succès sech nëmmen am Team a mat engagéierte Partner realiséiere léisst. Un d‘Partner dann och e grousse Luef. Et dierf een drun erënneren, datt Tourismus och e Wirtschaftsfacteur ass.

Foto: Wolfgang Staudt (cc by 2.0)

Ähnlech Sujeten Kasematten, LCTO, Luxembourg City Tourist Office, Päischtweekend
Nächsten Artikel Virrechten Artikel