Etikamera – D’Konscht vum sozialen an ekologesche Méiwäert
Sponsored Story – „Ech hu vill Lëtzebuerger kennegeléiert a si
Sponsored Story – „Ech hu vill Lëtzebuerger kennegeléiert a si
Ënnerstëtzt vum Kulturministère, hunn sech déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell
Am Kader vun der 5. Editioun vun der Luxembourg Art
Et ass en heftege Wanterabroch mat deem Pakistan, an d‘Nopeschland Afghanistan ze kämpfen hunn. Eleng an der südwestlecher Provënz Balutschistan huet et bannent engem Dag 14 Mënsche verstuerwen. Laut den Autoritéite sinn d‘Diecher ënnert der Schnéilaascht a sech zesummegefall.
Mat bis zu 15 Zentimeter Schnéi, huet de Wanter sech gewisen. An der Provënzhaaptstad Quetta huet et um Fluchhafe vill Ausfäll ginn an d‘Regionalregierung huet fir siwe besonnesch haart betraffe Bezierker den Noutstand ausgeruff. D‘Arméi ass alarméiert ginn an huet Zaldoten op d‘Plaz beuerdert fir bei de Rettungsaarbechten eng Hand unzepaken.
An der ëstlecher Provënz Punjab huet et massiv Néierschléi ginn. Hei sinn 11 Persoune gestuerwen. An den ofgeleeëne Biergregiounen am Grenzgebitt mat Afghanistan, sinn dausende Mënsche vun der Baussewelt ofgeschnidden. D‘Stroosse sinn duerch de Schnéi deels onpasséierbar an de Wiederdéngscht zu Islamabad huet keng gutt Noriichten. Et soll bis déi nächst Woch esou bleiwen.
Jee nodeem vu wou d‘Informatioun aus Afghanistan hir kënnt, sinn tëscht 7 an 18 Mënsche bei den heftege Wanterstierm ëm d‘Liewe komm. Besonnesch betraff sinn an Afghanistan d‘Provënzen: Herat, Kandahar an Helmand. Vum Katastropheschutz gëtt gemellt datt vill Stroossen hu misse gespaart ginn, well d‘Lawinegefor imminent ass. Zu Kabul hat et Temperature vu -15°C.
mat indymedia/lhe
Foto: D‘Police, ënnerstëtzt vun der Arméi, ass am Dauerasaz. Do wéi och bei eis, gëtt de Wanterpneu eréischt dann opgeluecht wann et net méi anescht geet. Mee och mat de beschte Wanterpneuen ass et schwiereg sech duerch d‘Schnéistierm ze schloen. © Pakistan Beauty