Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neistart Lëtzebuerg: Dat gëtt net bëlleg
Neiegkeeten

Neistart Lëtzebuerg: Dat gëtt net bëlleg

E Mëttwoch haten d‘Ministere Pierre Gramegna (Finanzen), Dan Kersch (Aarbecht)

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!
Neiegkeeten

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!

Um leschte Juli-Dag ass beim CGDIS den Appell eragaangen, datt

D’Begriefnis vum 4. Mee gëtt via Ecran iwwerdroen!
Neiegkeeten

D’Begriefnis vum 4. Mee gëtt via Ecran iwwerdroen!

Kommende Samschdeg, de 4. Mee fënnt d’Begriefnis vum verstuerwene Groussherzog

Paleo – mat saisonalen a regionale Liewensmëttel duerch den Alldag

Paleo – mat saisonalen a regionale Liewensmëttel duerch den Alldag

Virun net all ze laanger Zäit huet d’Nathalie Meier-Hottua säi Kach- a Fachbuch zum Thema Paleo eraus bruecht. Wien ufanks erféiert an déi modern stengzäitlech Liewensweis an ze tauchen wäert schnell iwwerrascht sinn, wéi villfälteg an onkomplizéiert Paleo dach ka sinn.

D’Autorin vum Buch hat selwer laang ze kämpfen mat Iwwergewiicht, Krankheeten an de klengen Alldags-Weh-Weh’chen déi mir haut als normal empfannen. No engem Besuch beim Dokter an der Lektür vun enger Rei Bicher zum Thema Gesondheet huet hatt schnell d’Manipulatioun vun der Liewensmëttelindustrie erkannt, déi versicht, eis mat vill Zocker ëmmer hongereg ze behalen an eise Konsum ze steigeren.

Zocker ass hautdesdaags a bal alle Liewensmëttel dran, ausser et baut een et direkt am Gaart un oder et keeft een bei klenge Gäert, Baueren oder a Geschäfter, déi d’Natierlechkeet vum Produit garantéiere kennen. Majo a genau heirun knäppt Paleo un: et geet drëms regional a saisonal Produiten ze consomméieren, se selwer zou ze bereeden an esou laangfristeg gesond ze bleiwen.

Wien denkt, datt eng stengzäitlech Liewensweis zimlech eesäiteg, langweilech a komplizéiert ass, oder datt ee just ee réit Stéck Fleesch ouni Gewürzer op den Dësch gehäit kritt läit falsch! Wéi een am Nathalie sengem Buch „Paleo – Die moderne steinzeitliche Lebensart“ eraus fënnt, ginn et enorm vill Rezepter, déi souguer mat 2 bis 3 Ingredienten schonn preparéiert sinn.

D’Buch ass esou opgedeelt, datt een am Ufank e bëssen Erklärungen zum Thema kritt, wéi eng déi grouss Iessensligen sinn a wéi eng Mythen dann elo stëmmen a wéi eng net. Uschléissend fënnt een am mëttelsten Deel ee Kachbuch, wat fir all Mount Rezepter, vun den dräi Gäng bis hin zum Gedrénks proposéiert. Vu Januar bis Dezember gesäit een op enger Säit ganz einfach d’Liewensmëttel, déi hei zu Lëtzebuerg an der Saison sinn, mat duerno leckeren Rezepter, wéi een se zoubereede kann.

Zu gudder Läscht kennt dann d’Beweegung an d’Spill. Mee keng Angscht, hei muss een net zwee Mol d’Woch 10 Kilometer lafe goen. Paleo besteet zu 80 % aus Ernierung an 20 % aus Beweegung, woubäi sech den zweeten Deel méi op Kraaftsport bezitt a Beweegung, déi ee ganz einfach an den Alldag abaue kann.

Et ass garantéiert, datt een hei eppes bäiléiert. A wa mir emol éierlech sinn ass et och guer net esou schlecht op déi regional a saisonal Produiten zeréck ze gräifen, wou ee weess wou a wéi et hiergestallt ginn ass. D’Buch vun Editions Schortgen ass elo an alle Librairien fir 39,50 € ze kréien.

Paleo

Foto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Fachbuch, Gesondheet, Kachbuch, Liewensmettel, Nathalie Meier-Hottua, Paleo, regional, saisonal, Stengzäit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel