Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass de griichesche Feierdag vun der Fra
https://moien.lu/comment-se-preparer-job-dating/ https://moien.lu/dating-a-female-with-borderline-personality-disorder/

https://moien.lu/free-best-online-dating-apps/

All Joer gëtt um 8. Januar d’Fest mam Numm „Yinekokratia“,

clover dating search
https://moien.lu/comment-se-preparer-job-dating/ https://moien.lu/dating-a-female-with-borderline-personality-disorder/

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?

Datt den Tram an der Stad fir onbequem Situatioune Suergt,

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A
https://moien.lu/comment-se-preparer-job-dating/ https://moien.lu/dating-a-female-with-borderline-personality-disorder/

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A

Déi chinesesch „Legend Holdings corp.“ iwwerhëlt d‘BIL an den OGBL

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs

Autonomiebehörd setzt déi mat Israel geschlosse Verträg net méi ëm

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs

Dem Mahmoud Abbas, President vu Palestina, geet de Beholl an déi nei politesch Ausriichtung vun Israel déck duer. Zu Ramallah huet de Palestinenserpresident gëschter annoncéiert, datt d‘Exekutiv vun der Autonomiebehörd den Entschloss gefaasst hätt, déi mat Israel geschlosse Verträg net méi ëmzesetzen. En Aarbechtsgrupp géif sech domadder befaassen, wéi dat konkret kann ëmgesat ginn.

Et ass net fir d‘éischt, datt sech déi palestinensesch Autonomiebehörd fir eng Suspendéierung vun de Verträg asetzt, mee esou eendeiteg wéi dës Kéier war et nach net. Dobäi ass déi „Kooperatioun“ tëscht Israel a Palestina a ville Beräicher „iwwerliewenswichteg“. Esou beispillsweis beim Stroum oder der Waasserversuergung, mee natierlech och bei Sécherheetsfroen. Dat si keng gutt Nouvellen.

PalestinaWoubäi den Dissens ëmmer nees duerch „Mesuren“ an „Aktiounen“ béidersäits um kache gehale gëtt. E Méindeg haten déi israelesch Autoritéiten am besate Westjordanland 70 Haiser ofgerappt. Si haten d‘Aktioun domadder begrënnt, datt déi Konstruktiounen „ze no un der Späranlag opgeriicht“ gi wieren, déi dat annektéiert Ostjerusalem a Siidlungen am Westjordanland schütze soll.

Palestina

© PLO/NAD

Dogéint hat et vun der internationaler Gemeinschaft vill Kritik ginn. Bréissel hat wuel den direkt Stopp vun der Moossnam gefuerdert, mee d‘EU ass och an dësem Kontext net vereent. Fakt awer ass, datt déi israelesch Siidlungspolitik géint internationaalt Recht verstéisst. Israel sengersäits huet kee Problem mat de Virwërf, a seng Aktioune gi bei der UNO vun den USA ëmmer gutt verdeedegt.

PalestinaSollten d‘Palestinenser elo awer tatsächlech d‘Verträg aussetzen, wann net esouguer ganz ad acta leeën, da riskéiert et nees zum Konflikt ze kommen. Israel schéngt sech domadder ofzefannen, an dierft d‘Lag als „profitabel“ aschätzen. Am Fall vun enger bewaffenter Ausenanersetzung, géif et d‘Annektéierung vu weiderem palestinensesche Gebitt rechtfäerdegen. Dat si schlecht Aussiichten.

mat indymedia/tlv an IMEMC

Foto: © PLO/NAD

Ähnlech Sujeten Israel, Mahmoud Abbas, Palestina, Ramallah, Siidlungen, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel