Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament
International Neiegkeeten

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament

Faschisten, rietsradikaler a Gläichgesënnter aus néng Länner hunn sech am

Europäesch Deeg vum Patrimoine 2019
International Neiegkeeten

Europäesch Deeg vum Patrimoine 2019

Vergaangene Freideg huet d’Kulturministesch Sam Tanson bei der Aféierung zu

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?
International Neiegkeeten

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?

Si hunn et an de Bistroen, am Bus, am Auto

Palestina kënnegt all d‘Ofkomme mat Israel an den USA

Palestina kënnegt all d‘Ofkomme mat Israel an den USA

Et war ofzegesinn, datt d‘Pläng zur Annexioun vum Jordandall an Deeler vum Westjordanland vun der „neier“ israelescher Eenheetsregierung, esou net vun de palestinenseschen Autoritéite kéinte „begréisst“ ginn. Gëschter huet de Palestinenserpresident sech der Erausfuerderung gestallt an déi bestoend Accorden, inklusiv dem Sécherheetsofkommes fir beendegt erkläert.

Bei der Sëtzung vun der autonomer palestinensescher Autoritéit zu Ramallah, waren d‘Absichte vun Israel, déi Lännereien op deene Siidlunge gebaut goufen (a voller Illegalitéit, bezunn op geltend internationaalt Recht) an d‘Jordandall ze annektéieren dat zentraalt Thema, wann net esouguer dat eenzegt. Vill Optiounen hunn d‘Palestinenser net, an no enger Zweestaateléisung gesäit et net aus.

Op de Mahmoud Abbas, President vun der palestinensescher Autonomieverwaltung, deen sech kaum Hëllef vun der internationaler Gemeinschaft erwaarde kann, kommen elo ganz schwéier Zäiten zou. Schonn am Juli wëll Israel Fakte schafen, an dierf sech der Ënnerstëtzung vun den USA sécher sinn. Den US-President hat dës „Mesure“ jo och a säi „Friddensplang“ afléisse gelooss.

A senger Erklärung, huet de Mahmoud Abbas kloer gemaach, datt Israel elo déi ganz Verantwortung fir déi besate Gebidder iwwerhuele muss. D‘USA, als „Partner“ vun der Besatzungsmuecht, wiere „voll verantwortlech fir d‘Ënnerdréckung vum palestinensesche Vollek“, esou de Wuertlaut. Dat kann ee esou bestätegen, bezunn op déi vill Decisiounen, déi sech Washington scho gegënnt huet.

Fir d‘Éischt Jerusalem an dann…

Scho mat der eegewëlleger Entscheedung d‘US-Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem ze verleeën, wouduerch déi gedeelte Stad faktesch zur Haaptstad vun Israel erkläert gouf, war d‘Ausriichtung vun der US-Politik kloer ze erkennen. Datt do géint UN-Resolutioune verstouss gëtt, ass en Detail mat deem sech Washington net ophale léisst, an si hu jo och anerer „animéiert“ kritt matzemaachen.

An d‘USA spillen an dësem „Annexioun-Programm“ eng ganz gewiichteg Roll. Ouni Washington kéint sech den Duo Netanyahu/Gantz esou ee Schratt guer net erlaben, an den Donald Trump huet d‘Jalone jo och scho geluecht. Säi stännegt Gestreits mat den Institutiounen ass weeweisend: Esou erkennt Washington den Internationale Geriichtshaff net méi un an notzt säi Vetorecht bei der UNO.

PalestinaDéi europäesch Unioun, géif sech am léifsten eraushalen, mee do gëtt et nach deen een oder aneren, deem de Fridde léiwer ass, wéi eng Destabiliséierung vun der Regioun. Esou de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, deen am EU-Ausseministerrot erkläert huet: „Wann een en Territoire annektéiert, dann ass dat ee schwéiere Verstouss an eng Verletzung vun internationalem Recht“.

Waffegewalt ass eng Optioun

Et ass awer net dovunner auszegoen, datt Bréissel Sanktiounen oder soss Strofmoossname wäert ergräifen, wann et bis esouwäit ass. Dat geet och aus der Kommunikatioun vum Ausseminister ervir, wou nees déi grouss Frëndschaft zu Israel an dat wirtschaftlecht Partenariat ervirgehuewe ginn ass. Domadder stinn d‘Palestinenser wuertwiertlech mam Réck zur Wand, an dat ass net gutt.

Mat der Kënnegung vun den Accorden, bleift Israel am presente Fall eigentlech nëmmen nach, déi vollstänneg Besetzung vun de palestinensesche Gebidder iwwreg. D‘Noperen dierften sech och net freeën: de jordanesche Kinnek Abdullah II, deem ee Konflikt zuwidder ass – mat wat sollt hien och kämpfen – geréit elo an Zochzwang, a wäert net derlaanscht kommen och d‘Accorden ze kënnegen.

D‘Palestinenser hunn sech iwwer Generatiounen ewech, mam Leed, Krich an der Ënnerdréckung duerch Israel net ënnerkréie gelooss. De Bluttzoll war entspriechend héich. Eng Intifada (arabesch fir Opstand) huet déi aner ofgeléist, mee dës Kéier wäert et domadder net méi gedoe sinn. Esou ganz eleng sinn d‘Palestinenser dann awer net, an et sollt een déi arabesch Liga net ënnerschätzen…

mat indymedia/tlv/lon

Foto: No der Presentatioun vum Plang „Peace to Prosperity“ hat de Palestinenserpresident op der UNO erkläert, wat et géif bedeiten, dëse Friddensplang unzehuelen. Elo gi Fakte geschafen, a vun de Vereenten Natiounen, der EU jo net emol den internationale Geriichtsbarkeeten, kënnen sech d‘Palestinenser Hëllef erwaarden. Israel an d‘USA hunn d‘Polverfaass op de Grill gestallt, an d‘Glous entfaalt sech schonn… © UN (Moien-Archiv, Feb2020)

Ähnlech Sujeten Annexioun, Besatzung, EU-Ausseministerrot, Friddensplang, Intifada, Israel, Jean Asselborn, Josep Borrell, Palestina, Peace to Prosperity, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel