100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora
Dat historescht Wierk 100 Jahre Russen in Luxemburg vun der
Dat historescht Wierk 100 Jahre Russen in Luxemburg vun der
No engem Tour duerch déi Escher Geschäftswelt leschte Méindeg, huet
Ee Samschdeg war nees eppes „Protest“ an der Stad ugesot.
Israel refuséiert de Palestinenser d’Nationalitéit a souguer dat permanent Wunnrecht, féiert doduerch eng ethnesch Säuberung duerch. Millioune weider Palestinenser bleiwen ouni elementar Rechter op engem komplett fragmentéierte Stéck Land zeréck. Dëse Schrëtt stellt eng uerg Verletzung vun den internationale Rechter duer a bitt béide Staate keng wierklech Léisung.
Israel ass zënter 1967 vum Westjordanland besat. Kolonialisatioun, Enteegnung, Ausweisungen Exekutiounen, Verhaftungen, Ännerunge bei den Terrainen – all dat a méi ass vun der Genfer Konventioun eigentlech verbueden a schéngt elo vergiess ze sinn an en Enn ze hunn.
Um 17. Dezember 2014 huet d’Chamber eng Motioun opgeholl, duerch déi Lëtzebuerg de Staat Palestina mat de Grenzen vun 1967 formell unerkennt. Den Ausseminister Jean Asselborn huet groussen Engagement bewisen, wouduerch de Groussherzogtum grad elo nees Ënnerstëtzung soll bidden. Méi wéi 70 % vun de Memberlänner vun der UNO, dovunner 9 aus der EU, hu Palestina unerkannt.
Am Februar 2020 hunn Politiker a fréier Europa-Deputéiert sech zesummegesat, fir op de Plang „Trump“ ze reagéieren. Dobäi hunn och d’Lëtzebuerger Jacques Poos a Jacques Santer en oppene Bréif verëffentlecht, deen Europa opfuerdert direkt an effikass Moossnamen géint dës Annexioun ze ënnerhuelen, fir esou d’Dignitéit an d’Rechter vun de Palestinenser, d’Zukunft vun der israelescher Demokratie ze schützen an den internationalen Uerder ze erhalen.
Elo näischt ze ënnerhuelen, géif trotzdeem bedeiten, datt een e politesche Kompliz vun der permanenter Spannung ass. Grad an dëser Zäit, wou géint Rassismus an d’Ënnerdréckung vu Minoritéiten, a fir d’Gläichstellung vun alle Mënsche gekämpft gëtt, soll en Zeeche gesat ginn.
Dofir invitéiert de CPJPO (Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient) op säi Protest um Samschdeg, de 27. Juni um 11:00 Auer op der Place Clairefontaine. Wien deelhëlt muss sech un déi sanitär Moossnamen halen an eng Schutzmask undoen.
Opmaacherfoto: @NicodelCAP1891 / Twitter