Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Naturparkfest 2020 – Fantastesch Aktivitéite fir dobannen an dobaussen
International Neiegkeeten

Naturparkfest 2020 – Fantastesch Aktivitéite fir dobannen an dobaussen

Och an dësem Joer hält den Naturpark Our u sengem

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
International Neiegkeeten

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

„Goodbye“ Groussbritannien
International Neiegkeeten

„Goodbye“ Groussbritannien

Konsens wéi nach ni, London ënner Drock Zu Bréissel hunn

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl

Palestina, scho Member vun der UNESCO säit 2011, ass vun zwou neien UN-Agencen opgeholl ginn. Dat huet den Nikolay Mladenov, Coordinateur vun de Vereenten Natiounen, e Mëttwoch am UN-Sécherheetsrot bekannt ginn.

„De 15. Mee huet sech Palestina der Konferenz vun de Vereenten Natioune fir den Handel an d’Entwécklung (UNCTAD), an der Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir déi industriell Entwécklung (UNIDO) ugeschloss“, huet de Mladenov bei der Reunioun vum Sécherheetsrot zum Noen-Oste preziséiert.

Don UN-Coordinateur huet och drun erënnert, datt Palestina sech der Konventioun zum Verbuet vu chemesche Waffen (CWC) ugeschloss huet. D’Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW), déi hire Sëtz zu Den Haag huet, hat dat am Virfeld an engem Communiqué matgedeelt, a preziséiert, datt Palestina den 193. Staat ass, deen d’Konventioun ënnerschriwwen huet.

D’UNCTAD huet hire Sëtz zu Genève an ass e weidert Organ vun der Assemblée Generale vun de Vereenten Natiounen, deem säin Zweck doranner besteet, d’Entwécklungslänner an d’Weltwirtschaft ze integréieren. Dës zwëschestaatlech Instanz erliichtert den Dialog an d’Verhandlungen, mee bitt och eng Berodung bei Entwécklungsfroen.

D’UNIDO huet hire Sëtz zu Wien, an ass eng spezialiséiert Agence vun de Vereenten Natiounen, déi d’Promotioun vun der industrieller Entwécklung bedreift. Sënn an Zweck ass et d’Aarmut ze reduzéieren an déi nohalteg Entwécklung op internationalem Niveau virun ze dreiwen.

Washington gefält et net

Palestina huet den Statut vum Observateur „net-Member“ bei der UNO säit 2012, a sech schonn enge 50 internationalen Organisatiounen an Accorden ugeschloss, heescht et aus dem palestinenseschen Ausseministère. Dorënner den internationale Geriichtshaff (ICC) an d’UNESCO.

Datt sech d’Palestinenser der UNESCO ugeschloss hunn, a virun allem datt dës Agence se Opgeholl huet, war net nom Goût vun den Amerikaner. Si waren domatter net averstanen an hunn als éischt Moossnam, hir Joresbäiträg net méi bezuelt, iert si sech 2017 ganz aus der UNESCO zréckgezunn hunn.

„D’Efforte vun de Palestinenser sech internationalen Organisatiounen unzeschléissen si verfréit a kontra-produktiv“ huet en héije Verantwortlechen Amerikaner, dee net wëll genannt ginn, der AFP matgedeelt. „Deen eenzeg realistesche Wee fir d’Palestinenser zum Statut vun engem ‘Staat’ ze kommen, geet iwwer direkt Verhandlungen (mat Israel) fir e globalen an nohaltege Fridden“.

Am September 2017 haten d’Palestinenser de volle Memberstatut bei der Interpol erhalen. Interpol ass d’Organisatioun vun der internationaler Zesummenaarbecht vun de Policen.

Däitlech Kritik

Bei senger Interventioun, huet den Nikolay Mladenov och ganz däitlech déi zwee Länner – Guatemala a Paraguay – kritiséiert, déi rezent hir Ambassadë vun Tel Aviv op Jerusalem geplënnert hunn. Dat kuerz nodeems d’USA hiren „Transfert“ um Anniversaire vun der Staatsgrënnung mat groussem Pomp zelebréiert haten.

„D’Positioun vun de Vereenten Natiounen ass et, datt Jerusalem en Deel vum endgültege Statut ass, deen duerch Verhandlungen tëscht de Palestinenser an den Israelien, op der Basis vun UN-Resolutioune muss geléist ginn“, ënnersträicht den UN-Coordinateur.

An de Nikolay Mladenov betount och nach: „Bei der Berécksiichtegung, wéi wichteg Jerusalem fir d’Judden, d’Moslemen an d’Chrëschten ass, muss ee consideréieren, datt de Statut vun der helleger Stad fir Millioune vu Gleewegen an der Welt, eppes immens Sensibeles ass. De „statu quo“ fir déi helleg Plazen ze erhalen, bleift kritesch fir de Fridden an d’Stabilitéit“.

mat AFP

Foto: Den UN-Coordinateur fir den Noen-Osten, Nikolay Mladenov. (Archiv) © Mohammed Abed/AFP

Ähnlech Sujeten Palestina, UNCTAD, UNESCO, UNIDO, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel