Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmmen e béise Jong?
Neiegkeeten

Nëmmen e béise Jong?

Mat groussen Ae kuckt am Moment déi ganz Welt op

Back to live: D’Philharmonie lackelt mat super Concerten!
Neiegkeeten

Back to live: D’Philharmonie lackelt mat super Concerten!

Um 12. Mäerz huet d’Philharmonie duerch d’Pandemie fir ongewëss Zäit

Philippinnen: Regimmkritesch Journalistin verurteelt
Neiegkeeten

Philippinnen: Regimmkritesch Journalistin verurteelt

Dat philippinnescht Online-Noriichteportal „Rappler“ huet sech mat sengem kriteschen Ëmgang

Palestinenser dierfen am CHL behandelt ginn

Staatsrot gëtt gréng Luucht fir bis zu 12 Jugendlecher déi zu Gaza blesséiert goufen ze soignéieren

Palestinenser dierfen am CHL behandelt ginn

Am Kader vun der Sëtzung e Freideg, huet de Staatsrot engem Budget fir de Gesondheetsministère zougestëmmt, dee benéidegt gëtt fir d‘Spidolskäschten ze decken, déi am CHL fir 2020 am Kontext vun engem humanitäre Projet ufalen.

Bei dësem Projet handelt et sech ëm Behandlung vu jonke Palestinenser aus Gaza, déi bei Onrouen an/oder Protester blesséiert goufen. Dës Jonker ginn aktuell a Strukture vun Dokteren ouni Grenzen (MSF) behandelt. Dat zu Gaza selwer an zu Amman (Jordanien). De CHL soll 12 Patienten d‘Joer ophuelen, déi orthopedesch Soinen an Operatioune brauchen.

 

Ëm d‘Prise en Charge këmmert sech de Service Orthopedie an Traumatologie, vir eng Dauer vun ëm déi dräi Méint. Déi medezinesch Honoraire am Kontext vun der Hospitalisatioun gi vum CHL gedroen. Déi aner Fraisen déi am Kader vun der Spidolsservicer an dem Openthalt zu Lëtzebuerg ufalen, gi vum Gesondheetsministère an iwwert de Budget vun der humanitärer Hëllef vun der Lëtzebuerger Kooperatioun finanzéiert.

Fir den Transport vun de Patiente mat komplizéierte Schossverletzungen, déi och eng rekonstruktiv Chirurgie brauchen, ass MSF zoustänneg. Den Ausseministère bedeelegt sech och, a këmmert sech méi speziell ëm déi konsularesch Prozeduren an alles wat mat der Immigratioun ze dinn huet. Et ass elo scho gewosst, datt dat eng Erausfuerderung gëtt.

D‘Folge vum Konflikt

Säit 2018 d‘Gestreits an déi domatter verbonne Konfrontatiounen nees eng nei Dimensioun erreecht hunn, huet et elo eng zolidd humanitär Kris. All Freideg manifestéieren dausende Palestinenser un der Granz zu Israel. Hei bedeelegen sech immens vill Jugendlecher a Kanner. Laut den Zuele vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) si bei den Zesummestéiss mat israeleschen Zaldote bis ewell 321 Persounen (dorënner 52 Kanner) ëm d‘Liewe komm.

 

Vun den iwwer 35.000 blesséierte Persounen, sinn eng 6.200 Mënschen duerch Kugele verletzt ginn an dat besonnesch un de Been. Vill blesséiert Persounen hätte wichteg Stécker Schank verluer, esou eng Erklärung. Vill Kanner leiden ënnert Osteomyelitis (Knachemuerchentzündung) an ouni datt ee behandelt, misst amputéiert ginn.

D‘Regierung stellt fest, datt obwuel MSF zu Gaza seng Kapassitéite verdräifacht huet, weder déi humanitär Acteuren nach déi lokal Spidoler dem Zoulaf Stand hale kënnen. Ze vill Patienten a weder genuch Better nach genuch Chirurgen, déi dëser Demande eppes entgéintzestellen hätten. D‘Partenariat mam CHL huet mat der Demarche vu MSF ze dinn, déi bei europäesche Spidäler no Kooperatioune sicht, fir déi Patienten déi zu Gaza net kënne behandelt ginn, ze iwwerhuelen.

Foto: Den Eyad an enger MSF-Klinik zu Gaza am September 2018. Him war bei der Demo „de grousse Marsch vum Retour“ de 14. Mee 2018 an d‘Bee geschoss ginn. © Alva Simson White / MSF

Ähnlech Sujeten CHL, Gaza, MSF, Palestina, Staatsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel