Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill
hookup bars times square International backpacker dating australia

free dating sites uk only

Ufank Dezember ass d’Komedie „100 Dinge“ vum a mam Florian

red flags to look for when online dating
hookup bars times square International backpacker dating australia

Stater DP huet sech Zäit fir ee Bilan geholl

Um Donneschdeg huet d‘Sektioun Lëtzebuerg vun der DP hire Bilan

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken
hookup bars times square International backpacker dating australia

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken

Am Kader vum Dag vun der Diversitéit (15. Mee) organiséieren

dislike

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

En Dënschdeg huet den Donald Trump domatter gedréit, d‘US-Finanzhëllef fir d‘Palestinenser ze kierzen. Dat als Äntwert op d‘Haltung vum Mahmoud Abbas, deen no der Entscheedung vun den USA, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, all weider „Mediatioun“ vun den Amerikaner zréckgewisen huet.

An et ass wéi gewinnt op Twitter lassgaangen: „Mir bezuelen de Palestinenser honnerte Milliounen Dollar am Joer, ouni vun hinnen Unerkennung oder Respekt ze erhalen“, esou de Locataire aus dem Wäissen Haus. „Well d‘Palestinenser net méi bereet sinn iwwer Fridden ze schwätzen, firwat sollte mir hinne weiderhi massiv Geld iwwerweisen?“

Et ass richteg, datt iwwer d‘Entwécklungsagence USAID, d‘USA 2016 de Palestinenser 319 Milliounen US-Dollar iwwerwisen hunn. Dozou muss een och déi 304 Millioune rechnen, déi Washington iwwert d‘UNO a Programmer an de palestinenseschen Territoiren asetzt. Den Trump huet allerdéngs a sengem Tweet net gesot wéi eng Beiträg betraff wieren.

Domatter halen sech d‘USA och un hir bei der UNO gemaachte Menacen, all deenen d‘Finanzhëllef ze kierzen, déi fir d‘Jerusalem-Resolutioun gestëmmt hunn, a sech esou géint Amerika opgestallt hätten. „Mir wäerten eis erënnere, wann een eis nach emol freet, de gréisste Bäitrag ze leeschten“, hat d‘US-Ambassadrice Nikki Haley deemools ugekënnegt.

D‘Nikki Haley iwwerhëlt dann och d‘Trump-Rhetorik a bedauert „musse fir den zweiwelhafte Privileg veruecht ze ginn, och nach ze bezuelen“. D‘Ambassadrice huet dann och op e neits drop higewisen, datt ee gedenkt dem US-Bierger säi Geld zukünfteg besser auszeginn. Datt esou Aussoe seelen zu frëndleche Gespréicher féiere gëtt am Äifer liicht iwwersinn.

E geféierlecht Spill

Zanter den Donald Trump am Wäissen Haus agezunn ass, huet hien domat uginn, e Friddensaccord tëscht Israel a Palestina op d‘Been ze stellen. E Sujet op deem sech bis haut eng ganz Rëtsch un US-Presidenten d‘Zänn ausgebass hunn. Friddensverhandlungen ze féiere setzt allerdéngs Vertraue viraus, net eegemächteg Entscheedungen.

De Gesandte vum US-President fir de noen Osten, Jason Greenblatt, ass säit Méint an der Regioun ënnerwee an a beméit d‘Friddensgespréicher nees a Gang ze bréngen. Mee och dem Donald Trump säin Eedem a Beroder, de Jared Kushner, soll un engem Ofkommes „schaffen“. Säi Projet sollt jo u sech nach dëse Mount virgestallt ginn.

Et dierft allerdéngs schwéier ginn dem Kushner säi „Plang“ an d‘Verhandlungen afléissen ze loossen. Déi nei Mesuren a Sanktioune géint d‘Palestinenser – nëmmen e puer Wochen no der Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad – si (gewollt) kontraproduktiv an de Refus vum Mahmoud Abbas, esou wéi der internationaler Communautéit verständlech.

D‘Hoffnung op eng Zweestaateléisung ass dann um Dënschdeg och nach emol vun israelescher Säit beschiedegt ginn. An der Knesset, dem israelesche Parlament, ass e Gesetzprojet gestëmmt ginn, deen eenzeg drop aus ass, verschidden Zone vu Jerusalem aus der Souveränitéit vu Palestina ausklammeren, sollt et zu engem Friddensaccord kommen.

Fir de palestinensesche President ass dat eng „nei Krichserklärung“. „Gebidder vu Jerusalem aus engem Friddensaccord auszeklameren, kann nëmmen zu engem Ofbroch vun de Gespréicher féieren“, esou de Mahmoud Abbas, dee säit der US-Entscheedung vum 6. Dezember och an den eegene Reien der Kritik ausgesat ass.

Tëscht zwee Still gepaakt

Op déi eesäiteg Entscheedung vun den USA hin, huet den Donald Trump de Mahmoud Abbas mam Réck widder d‘Mauer gestallt. Eng fir den Dezember geplangten Entrevue tëscht dem palestinensesche President an dem US-Vizepresident Mike Pence war domatter vum Dësch. Se soll laut dem Wäissen Haus elo Mëtt Januar stattfannen.

Dem Mike Pence seng Spriecherin, Alyssa Farah, huet um Dënschdeg matgedeelt, datt ee sech an de nächsten Deeg zu den Detailer vun der Entrevue wëll äusseren. Interessant, well et ass ze bedenken, datt zwee héich reliéis Vetrieder – e Chrëscht an e Moslem – aus Egypten och scho bekannt gemaach hunn, dem US-Vizepresident net wëllen ze begéinen.

Jerusalem, déi helleg Stad fir Judden, Moslemen a Chrëschte gläichermoossen, ass a bleift dat zentraalt Thema vu méigleche Friddensgespréicher. Säit der Grënnung vum Staat Israel 1948, ass sech déi international Communautéit eens doriwwer, datt de Statut vu Jerusalem nëmme kann tëscht den Israelien an de Palestinenser verhandelt ginn.

D‘Annexioun vun Ostjerusalem, dem palestinenseschen Deel vun der helleger Stad, an d‘Deklaratioun vun Israel, d‘Stad als seng „éiweg an ondeelbar“ Haaptstad gesetzlech festzeleeën, bleift och 70 Joer méi spéit e „Problem“ D‘Vereenten Natiounen hunn d‘Annexioun ni unerkannt an d‘Palestinenser bestinn drop aus Ostjerusalem d‘Haaptstad vun hirem Land ze maachen.

mam Karim Lebhour/AFP

Foto: Eng US-Entscheedung mat direkte Konsequenzen. Zanter den Trump ugekënnegt huet, datt Jerusalem d‘Haaptstad vun Israel ass, geet déi palestinensesch Jugend an der helleger Stad op Konfrontatiounskurs mat der Besatzungsmuecht. Haut ass een faktesch nees ganz wäit vu Gespréicher „op Aenhéicht“ ewech. © Musa al-Shaer/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Israel, Jerusalem, Mahmoud Abbas, Palestina, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel