Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou
International Neiegkeeten

dating online black woman

Laut persistente Rumeuren, sollt d‘Patisserie Namur hir Filial an der

just potchefstroom dating
International Neiegkeeten

Egypten um Wee an eng Diktatur?

An Egypten geet et mat de Mënscherechter biergof, an dobäi

Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!
International Neiegkeeten

Ramborn: Lëtzebuerger Cider als groussen internationale Gewënner!

Bei den International Brewing & Cider Awards a Groussbritannien konnt

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen

„D‘Palestinenser wäerte kee Friddensplang dee vun den Amerikaner virgeluecht gëtt unhuelen, nodeem si Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt hunn“, esou d‘Deklaratioun zu Paräis vum palestinensesche President Mahmoud Abbas.

Mir akzeptéieren iwwerhaapt kee Plang dee vun den USA kënnt“, esou d‘Ausso vum Abbas, no enger Entrevue mam franséische President Emmanuel Macron, een Dag nodeems op der UN-Generalversammlung d‘Entscheedung vum US-President Donald Trump mëttels enger Resolutioun schaarf veruerteelt ginn ass.

„D‘USA hu sech selwer disqualifizéiert“, esou den Abbas weider. Hien huet dann och schonn emol refuséiert den amerikanesche Vizepresident Mike Pence während senger nächster Rees an de Noen Osten ze gesinn. Wat et fir de Friddensplang bedeit deen d‘Amerikaner grad ausschaffen an am Fréijoer wëlle virstellen, ass bis ewell nach net gewosst.

Gewosst ass zur Zäit, datt 128 vun den 193 UN-Memberlänner fir d‘Jerusalem-Resolutioun gestëmmt hunn, dorënner vill Alliéiert vu Washington, wéi Frankräich a Groussbritannien. Mee et hunn och méi Länner wéi erwaart hir Stëmm entweder guer net ofginn oder sech enthalen. Fir d‘USA hält sech de „Schued“ deemno nach a Grenzen.

Déi amerikanesch Erpressung

De Mahmoud Abbas ass dann och nach eng Kéier op „d‘Warnung“ vun den USA agaangen, sech all d‘Nimm opzeschreiwe vun deenen, déi d‘Resolutioun stëmme géifen. Och datt d‘USA hir Bäiträg un der UNO nach emol wëllen „iwwerdenken“ ass eng ongewinnten Haltung. „Et kann ee der Welt keng Positiounen operleeën an deem ee Geld benotzt“, esou den Abbas.

An d‘Entscheedung vum Trump, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, grad ewéi de Vott op der UNO, ass da schlussendlech e Réckschlag fir d‘US-Diplomatie. Där bleift am Moment näischt anescht iwwreg, wéi Gras iwwer d‘Saach wuessen ze loossen. Op dem Jared Kushner – dat ass den Eedem vum US-President – säi Friddensplang dann nach gebraucht gëtt…

Dobäi war dem „Beroder“ vum President säi Friddensplang scho vir Januar erwaart ginn. Dat huet dunn awer un d‘Enn vum éischten Trimester 2018 verluecht ginn. Méi wéi nëmmen däitlech huet de Mahmoud Abbas elo awer schonn ugekënnegt, datt sech d‘Amerikaner deen anzwousch dierfen histiechen. Et schéngt en aktuell awer net méi iwwert e Friddensaccord nozedenken.

Fir den Emmanuel Macron, hunn sech d‘USA an dësem Dossier „marginaliséiert“. Hien huet awer och net gesot, datt Frankräich elo bereet wier dëse Rôle ze iwwerhuelen. Dat wier awer de Wonsch vum Mahmoud Abbas. Hien huet offen erkläert datt hie grousst Vertrauen an de franséische President huet an sech eng méi „enk“ Zesummenaarbecht erhofft.

mam Joëlle Garrus an dem Fabien Zamora/AFP

Foto: De franséische President Emmanuel Macron (r) an de palestinensesche President Mahmoud Abbas (l) bei der Pressekonferenz no hirer Entrevue am Elysée. © François Mori/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Israel, Jerusalem, Mahmoud Abbas, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel