Search

You may also like

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid
Kultur Neiegkeeten

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid

Zu Madrid fënnt ee Méindeg d‘COP25, d‘UN-Weltklimakonferenz, statt. Grond genuch

EU-Kommissioun warnt Ungarn
Kultur Neiegkeeten

EU-Kommissioun warnt Ungarn

Wéinst de Noutstandsgesetzer, déi dem Viktor Orban eng bal onbegrenzte

D’Nordstad kritt keen Zucharret bäi
Kultur Neiegkeeten

D’Nordstad kritt keen Zucharret bäi

D’Nordstad ass mat Ettelbréck an Dikrech eng wichteg Achs fir

En Owend voller palestinensescher a Lëtzebuerger Poesie

En Owend voller palestinensescher a Lëtzebuerger Poesie

De Comité fir e gerechte Fridden am Noen Oste luet Iech e Mëttwoch, de 7. Oktober 2020 um 19:30 Auer op en Owend voller palestinensesch a lëtzebuergescher Poesie an d’Mierscher Kulturhaus an.

“All Gedicht ass een Zeeche vum Widderstand”, sot de berühmte palestinenseschen Dichter Mahmoud Darwish. Op enger Plaz, op där all Beweegung kontrolléiert gëtt, si Gedanken a Wierder dat lescht Mëttel fir Palestinenser, fir der Besatzung entgéint ze wierken. Realitéiten, ewéi de Verloscht vum Land, Ënnerdréckung an den onerfëllte Wonsch, an Dignitéit  ze liewen, loossen sech am beschten a Gedichter ausdrécken.

Poesie

Folgend Poete wäerten op der Plaz sinn:

  • De Jean Portante gouf 1950 an Italien gebuer, ass Schrëftsteller, Dichter, Essayist an Iwwersetzer. Seng op Franséisch verfaasste Bicher goufen an ongeféier 20 Länner iwwersetzt. A senger fiktiver Aarbecht ënnersicht hien d’Laune vun der Entwuerzlung, eng Erfarung, déi Palestinenser deelen, déi aus hirem Land verdriwwe goufen. An dëse Gedichter hannerfreet hien d’Sprooch ënnert dem Gesichtspunkt vum “Aneschtsinn”. Hie gouf mam Servais-, Batty-Weber- a Mallarmé Präis ausgezeechent.

  • Den Najwan Darwish gouf 1978 a Jerusalem gebuer. Seng Gedichter, déi an der arabescher Welt (an net nëmmen do) gefeiert ginn, beweegen sech tëscht Verzweiwlung a Widderstand, tëscht schwaarzem Humor a politesch, haarde Realitéiten, andeems se eng radikal Neiinterpretatioun vun deem virschloen, wat et heescht Palestinenser ze sinn. Dësen neie Star um aus der palestinensescher Literatur huet seng Wierker a méi ewéi 20 Sproochen iwwersetze gelooss.

  • De Lambert Schlechter, 1941 gebuer, ass e lëtzebuergesch-franséischsproochege Schrëftsteller. Seng poetesch Aarbecht ass grouss a voller Spontanitéit, Zäertlechkeet, Demut a Selbstbeobachtung. Hien ass en Humanist an e Mann, dee sech der Welt verschriwwen huet. Hien huet nawell géint villes Stellung bezunn, ënnert anerem Muechtmëssbrauch, Apartheid an d’Doudesstrof. Seng Aarbecht huet dem Auteur etlech Präisser abruecht.

  • Den Issa Makhlouf gouf 1955 am Libanon gebuer a lieft a Paräis. Seng Aarbecht befënnt sech um Scheedewee vu verschiddene Kulturen. Hien ass Informatiounsdirekter bei Radio Orient a Sonnerberoder fir sozial a kulturell Affäre bei de Vereenegten Natiounen. 2009 krut hien de Max-Jacob-Präis fir säi Buch Lettre aux deux sœurs.

Den André Mergenthaler, berühmte Lëtzebuerger Cellist, wäert d’Liesung mat senge magesche Kreatioune begleeden.

Den Entrée ass gratis. Reservéiere kënnt Dir iwwer Telefon (47 08 95 1) oder Internet (www.luxembourgticket.lu).

Related topics André Mergenthaler, Ausdrock, Cello, Comité fir e gerechte Fridden am Noen Oste, Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient, Gedanken, Gefillswelt, Issa Makhlouf, Jean Portante, Lambert Schlechter, Lëtzebuerg, Najwan Darwish, Palestina, Poesie, Widderstand
Next post Previous post