Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen
International Neiegkeeten Stories

USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen

Gigantesch Manifestatiounen an den amerikanesche Groussstied a Retour vun de

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…
International Neiegkeeten Stories

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Mëttlerweil misst ee sech eens sinn, datt d’Droe vun der

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft
International Neiegkeeten Stories

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft

Leschte Mëttwoch hunn d‘Ëmwelt-, Energie- a Klimaminister vum Benelux: Carole

Palmueleg: E Stéck Reebësch um Teller, um Kierper an am Tank

Wa Suen a Muecht iwwert der Ëmwelt an der Gesondheet stinn

Palmueleg: E Stéck Reebësch um Teller, um Kierper an am Tank

Ob am Iessen, am Botzmëttel, an der Kosmetik oder un der Zapsail, Palmueleg ass de weltwäit am meeschte verkaafte Planzenueleg a begéint dem Konsument konsequent am Alldag – ob e wëll oder net. Wie sech mam Thema beschäftegt, mierkt schnell, datt et sech ëm eng immens breetgefächert a komplex Saach handelt, bei där een den Duerchbléck verléiere kann. Dobäi dréint sech alles ëm d’Zerstéierung vum Ekosystem, d’Ënnerjubele vum Produit, sou wéi Direktiven a politeschen Entscheedungen mat genuch Spillraum fir se z’ëmgoen.

Wat ee sech méi an d’Thema Palmueleg era liest, wat een méi granzeg gëtt. Mee just wien de Problem erkennt an ufänkt sech ze informéieren, kann och no den noutwennege Léisungen an Ännerungen am Konsumverhalen sichen. An dësem Artikel sollen déi wichtegst Punkten zum bëllege Planzenueleg zesummegefaasst sinn.

Palmenueleg

Aus dem Fruuchtfleesch vun der Uelegpalm gëtt de Palmueleg hiergestallt, aus dem Som de Palmkärueleg

Vun der Produktioun bis hin zum Zweck

Palmueleg gëtt aus de Friichte vun der Uelegpalm gewonnen. Dobäi handelt et sech ëm eng Planz, déi just an de fiicht-waarmen Tropen, wéi a Südostasien, Latäinamerika oder Afrika ze fannen ass. Fir den Ubau bitt sech d’Regioun vum Reebësch besonnesch gutt un, wouduerch dësen fir d’Plantagen ofgeholzt an ofgebrannt gëtt.

D’Friichte gi bei héijen Temperaturen an ënnert Drock gepresst, wouduerch e roude cremegen Ueleg entsteet. Fir de Weltmaart gëtt dëse réie Produit oft nach raffinéiert, gebleecht an desodoréiert.

Palmenueleg

© oneVillage Initiative (CC BY-SA 2.0)

Palmueleg ass dobäi de bëllegsten an am meeschte verkaafte Planzenueleg weltwäit. Laut regenwald.org solle pro Joer 66 Milliounen Tonnen produzéiert ginn. Generell gëllt de rouden Ueleg als laang halbar, neutral am Goût an e ka gutt erhëtzt ginn. Bei eis ass de Palmueleg souwuel am Iessen, wéi och an der Kosmetik an am Kraaftstoff ze fannen. Ënnert anerem gëtt en an der Margarine, a Kichelcher, Seef, Zopp a villem méi agesat.

Zerstéierung vu Reebësch an Zwangsverdreiwung

Wéi schonn uewen erkläert, wiisst d’Uelegpalm just an tropesche Géigenden, wouduerch de Reebësch ofgeholzt an zerstéiert gëtt. Dobäi géifen d’Regierungen oft an Uerbëschgebidder d’Konzessiounen un Uelegpalmkonzäre verginn. Korruptioun a Muechtmëssbrauch ginn domat anhier.

Palmenueleg

Satellitebiller vun der NASA weisen, wéi op der Insel Borneo (Malaysien an Indonesien) de Bësch ofgeholzt gëtt, fir d’Plantage vun den Uelegpalmen

Wat am Welthandel als „bëlleg“ bezeechent gëtt, dréit allerdéngs en héije Präis fir d’Ëmwelt, d’Natur an d’Bevëlkerung: Aggressiv Pestiziden an Düngemëttel gëtt agesat, déi vum Mënsch geluecht Bëschbränn fir u Land ze kommen geroden gäre mol ausser Kontroll, kleng Baueren an indigen Vëlker gi verdriwwen an och den Déieren hire Liewensraum gëtt fir eise Konsum zerstéiert.

Ma, verschwënnt de Reebësch, geet eis och de gréissten CO2-Späicher um Planéit verluer. Dat huet uerg Konsequenze fir de kompletten Ekosystem.

Mir konsuméieren en all Dag

Déi däitsch Naturschutzorganisatioun Regenwald e.V. schreift: „D’Industrie jubelt eis iwwerall Palmueleg ënner, wëll en esou bëlleg an einfach ze verschaffen ass.“ Den Ueleg ass hei am Iessen, an der Kosmetik an am Kraaftstoff ze fannen – an dobäi méi oder manner gutt ze erkennen.

Liewensmëttel: Zënter der Veruerdnung vum 13. Dezember 2014 gëllen an der EU nei Kennzeechnungsvirschrëften, wouduerch speziell raffinéiert Ueleger a Fetter op der Verpakung däitlech markéiert musse ginn.

Duerch seng gesiedegt Fettsaieren kann de Palmueleg zu héije Cholesterolwäerter an Häerzkrankheete féieren. Iwwregens warnt den däitsche Bundesinstitut für Risikobewertung (BfR) virum raffinéierte Palmueleg. Seng sougenannt Glycidol-Fettsaierester sinn als kriibsausléisend Substanz agestuuft ginn.

Palmueleg

Kosmetik: Wärend de Palmueleg a Liewensmëttel relativ einfach ze fannen ass, trëtt de Produit – duerch Ëmwandlungsprozesser – gären ënnert aneren Nimm op. Mat Hëllef vum Palmueleg entstinn beispillsweis Emulgatoren an Tesnide (Derivate), déi uschléissend eng aner Kennzeechnung kréien. Si kënne beispillsweis als Sodium Lauryl Sulfoacetate oder Cetyl Palmitate optrieden. Eng Lëscht vun Inhaltsstoffer, déi Palmueleg enthale kënnen, fannt Dir HEI.

E Véierel vum produzéierte Palmueleg ass an der Kosmetik erëmzefannen. Et soll dofir gesuergt ginn, datt d’Seef an de Shampoing gutt schaimen an datt d’Haut herno geschmeideg ass.

Palmenueleg

Kraaftstoff: Ëmmer méi oft gëtt Palmueleg am Diesel a Biodiesel bäigemëscht. Laut dem Bréisseler NGO Dachverband Transport & Environment gi 65 % vum an d’EU importéierten Ueleg fir energetesch Zwecker genotzt, dovunner 53 % am Biodiesel.

D’EU-Kommissioun huet de Problem vun der Zerstéierung vum Reebësch fir d’Produktioun vu Palmueleg unerkannt a wëll ab 2030 weder de rouden Ueleg, nach Soja am Biosprit asetzen. Bis dohinner ass et allerdéngs nach eng laang Zäit a konkret Decisioune goufen nach net getraff, a scho guer net déi entspriechend Moossnamen ageleet. Säit dem 8. Februar 2019 gehéiert de Produit zu den net nohaltegen an héichemittéierende Stoffer. Zuelräich Naturschutzorganisatioune kritiséieren hei, datt weiderhin Palmueleg, deen op klenge Plantagen ugebaut oder op „ongenotzte Fläche“ produzéiert gëtt, weiderhin am europäesche Kraaftstoff bäigemëscht dierf ginn.

Palmenueleg

Dir hutt Responsabilitéit!

Um europäeschen Terrain gi genuch Planzenueleger – Léngen-, Maiskeim-, Oliven-, Raps- oder och Sonneblummenueleg – produzéiert, déi eng gutt Alternativ zum Palmueleg duerstellen. Mir dierfen net weiderhin op Käschte vum Reebësch liewen a konsuméieren. De Wandel ass net einfach, an awer ka jiddweree säin Deel bäidroen:

Kaaft keng Liewensmëttel a Kosmetik, déi den zerstéiereschen Ueleg enthalen. D’Applikatioun CodeCheck ass eng hëllefräich Plattform, déi d’Inhaltsstoffer vu verschiddenste Produiten analyséiert an ob Geforen opmierksam mécht. Am Beschten ass et nach ëmmer, lokal a regional anzekafen, selwer ze kachen an esou ze wëssen, wat am Iessen drastécht.

Palmenueleg

Einfach Barcode scannen oder den Numm vum Produit op der Internetsäit aginn

De Claude Schiltz vun Orang Utan Help Lëtzebuerg erkläert: „Dës Weideren wier et selbstverständlech wichteg dass de Palmueleg duerch gesond a lokal Produiten ersat gëtt. Leider ass a ganz villen Produiten op deenen “ohne Palmöl” steet, Kokosnoss-Ueleg dran. Dësen gëtt generell nach net esou ugeprangert wei Palmueleg, well d’Enverguren net déi selwecht sinn. Mee que vue dass déi Palmen op genau déi selwecht Aart a Weis ugeplanzt ginn wéi beim Palmueleg (also op ofgeholzte Flächen), an d’Kokosnoss e vill manner héije Rendement un Ueleg huet wéi de Palmueleg, ass dësen Ueleg ekologesch kengesfalls besser als Ersatz!“

Alternativ Ueleger, déi vu wäit hir kommen, sinn soumat keng Optioun. Ma, net nëmme fir de Schutz vun der Ëmwelt, mee och fir déi eege Gesondheet ass et gutt méi oft op de Vëlo als Transportmëttel zeréckzegräifen oder zu Fouss ze goen. D’Wëssen wat Dir hutt, sollt Dir weiderginn.

Opmaacherbild: © Victor Moriyama / Greenpeace

Ähnlech Sujeten bëllegen Ueleg, Biodiesel, Borneo, CodeCheck, Creme, Ëmwelt, Erklärung, EU-Kommissioun, Kapitalismus, Korruptioun, Kosmetik, Kraaftstoff, Liewensmettel, Muechtmëssbrauch, Natur, Orang Utan Help Lëtzebuerg, Palmenueleg, Palmueleg, Reebësch, Uelegpalm, Zerstéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel