Search

You may also like

money
G20 Buenos Aires: de Protektionismus als „Plat de Resistence“
Money Neiegkeeten

G20 Buenos Aires: de Protektionismus als „Plat de Resistence“

De G20-Sommet vun de Finanzminister an de Gouverneure vun den

money
Esou bëlleg waren d‘Autoen nach ni
Money Neiegkeeten

Esou bëlleg waren d‘Autoen nach ni

Well d‘Automobilindustrie nom Lockdown am Kontext vun der Covid19-Pandemie méi

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen
Money Neiegkeeten

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen

Dënschdegowend zu Esch Uelzecht, et ass eng Auer zéng an

money

Panama Papers: Den Ament gëtt emol analyséiert

Panama Papers: Den Ament gëtt emol analyséiert

Nodeems den Deputéierte Mars di Bartolomeo (LSAP) am September matkritt hat, datt déi belsch Steierverwaltung aus Däitschland Ënnerlagen zu „genannte“ Persounen erhalen huet, deenen am Kontext vun de „Panama Papers“ Steierflucht virgeworf gëtt, wollt dëse vum Finanzminister Pierre Gramegna (DP) wëssen (parlamentaresch Fro 2931) ob mir och dëser Dokumenter kritt hätten?

De Fall gesat, esou de Sozialist a senger Fro un de Minister, mir hätten Ënnerlage kritt, wat ass da mat dëse geschitt, respektiv wéi eng Follegen hunn se mat sech gezunn? D‘Äntwert vum Minister ass denkbar knapp ausgefall: „Den 2. September huet déi kompetent däitsch Autoritéit spontan der Steierverwaltung eng gréisser Unzuel un Dokumenter am Bezuch op d‘Panama Papers zougestallt“.

Weider heescht et, datt déi bei der Steierverwaltung zoustänneg Beamten am Begrëff wieren, dës Ënnerlagen auszewäerten. Heibäi géif et sech ëm ee Sammelsurium vun e-Mails, Akten, Verträg, Bréifverkéier a Kopie vu Päss handelen. Bei esou enger ëmfangräicher Äntwert, déi vu prezisen a detailgetreien Informatioune strotzt, ass direkt kloer: dat wäert elo zolidd Konsequenzen hunn.

Gutt et sollt ee keng Witzer maachen, an am Allgemenge ass een zu Lëtzebuerg net esou kriddeleg, besonnesch well ee selwer jo och ëmmer nees Steiermodeller, fir net ze soe Steier-Schlupflächer (wéi am konkrete Fall vun de speziellen Investmentfongen (FIS) a méi generell der Besteierung vu Kapitalakommes) ëm- an duerchsetzt. Och wann et heescht, et géif een dogéint Mesuren ergräifen.

Eppes Hannergrond

Dës Affär déi als „Panama Papers“ bekannt gouf, ass 2016 lassgetrëppelt ginn, nodeems engem internationale Journalistekonsortium d‘Daten aus Panama zougespillt goufen. Déi investigativ Recherche vun de Journalisten huet en onmoossege Steierhannerzéiungssystem opgedeckt, dat vill Steierverwaltunge weltwäit alarméiert hat. Et geet hei haaptsächlech ëm eng Affekoten-Etüd.

Bei dëser handelt et sech ëm déi an den 80er Jore gegrënnten Etüd vum däitschstämmege Jürgen Mossack an dem Ramon Fonseca. Géint béid Rechtsverdréier huet déi däitsch Staatsanwaltschaft leschten Dënschdeg en internationalen Haftbefehl ausgestallt. Si sollen esou däitsche Staatsbierger Bäihëllef zur Steierhannerzéiung geleescht an eng kriminell Vereenegung gegrënnt hunn.

Datt de Grënner vun der Kanzlei Mossack & Fonseca an Däitschland de Prozess gemaach gëtt, ass éischter onwahrscheinlech. Panama liwwert seng Bierger grondsätzlech net aus. Zu Lëtzebuerg huet et awer scho Folge gehat. D‘Finanzopsiichtskommissioun CSSF hat no eegenen Ermëttlungen néng Geldstrofe géint Finanzinstituter (Gesamtwäert 2 Milliounen Euro) verhaangen. Net der Däiwel vill.

Illustratioun: Et gouf gefrot a geäntwert, domadder sollt dësen Thema fir Lëtzebuerg esou gutt wéi erleedegt sinn. © Nathan Riley / unsplash

Related topics CSSF, Mossak a Fonseca, Panama Papers, Steierflucht, Steierhannerzéiung
Next post Previous post