Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
EU-Finanzminister minimaalst solidaresch (Analys)
Neiegkeeten

EU-Finanzminister minimaalst solidaresch (Analys)

D‘Doudegriewer vum Projet „Europa“ hu sech vum Covid19 d‘Maske vum

Sécherung vun de Fielswänn am Val de Hamm/Polvermillen
Neiegkeeten

Sécherung vun de Fielswänn am Val de Hamm/Polvermillen

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt um Sonndeg, de 25. August d’Fielswänn

money
Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon
Neiegkeeten

Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon

No méintelaangen Ausenanersetzungen, si Berlin a Paräis mëttlerweil ganz no

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?

Ee Mol queesch duerch de Corona-Gaart

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?

Bei der ëffentlecher Chambersitzung vun haut huet de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel eng Deklaratioun vun der Regierung zur sanitärer Kris ofginn. Heibäi huet hien déi lescht Méint Revue passéiere gelooss, woubäi hie besonnesch houfreg iwwert d’Solidaritéit vun der Bevëlkerung war. Et gouf Aussergewéinleches geleescht, an awer dierf een d’Situatioun vum Confinement net vergiessen, fir net en zweete Lockdown mussen ze erliewen. Ma, nieft der kierperlecher a mentaler Gesondheet ass de Premier och nach emol op d’Tracing App agaangen.

Weltwäit ginn et iwwer 539.000 Doudeger, déi un den direkten an indirekte Suitte vum Covid-19 gestuerwe sinn. Zu Lëtzebuerg bleiwe mir stabel mat 110 Doudeger. De Premier Xavier Bettel huet betount, datt bei alle Moossnamen, déi getraff gi sinn oder nach getraff ginn, d’Mënscheliewen déi iewescht Prioritéit ass, woubäi divers Facteuren – net nëmme kierperlech, mee och mental Gesondheet – hu missen abezu ginn, fir d’Verbreedung vum Virus ze limitéieren.

Wat Fräiheet, Sécherheet, Stabilitéit a Wuelergoe bedeit, hu mir eréischt mat dëser sanitärer Kris geléiert. Et konnt ee sech u kengem Beispill orientéieren. Oft war d’Zäit tëscht Informatioun, Consultatioun an Decisioun immens kuerz an d’Regierung ass frou, eege Moossname getraff ze hunn a sech net ze schnell op éischt Aussoen, wéi beispillsweis vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) verlooss ze hunn.

Ma, et huet een awer kontinuéierlech dobäi geléiert. Mondschutz a sozial Distanz sinn effikass, Jonker a Kanner stieche sech manner séier un wëll si manner Rezeptoren sollen hunn wou de Virus kann undocken. Mir léiere mat der Zäit.

Pandemie

© Chamber

D’Léieren vun de leschte Méint

Bei der Deklaratioun huet de Premierminister sech nach emol op déi neist Etüd vum Statec bezunn, bei är een Drëttel vun de Befroten uginn huet, datt déi mental Gesondheet ënnert dem Lockdown gelidden huet. Besonnesch Jonker ware betraff.

D’Decisioune vun der Vergaangenheet empfënnt de Xavier Bettel awer als richteg an hie steet hannert de Moossnamen. „De Maximum ass gemaach“ a Lëtzebuerg ass vum Material hir esou gutt opgestallt, wéi et nëmme méiglech ass. Dobäi war et och wichteg nach emol dorobber ze kucke, wat bis ewell an de leschte Méint passéiert ass.

Um 22. Januar 2020 huet de Premier no der Evaluatioun vun der Situatioun a China am Ëmgang mam neiaartege Coronavirus gefrot. Uschléissend gouf et ee reegelméisseg Austausch mat verschidden Acteuren, dorënner och d’Cargolux, wéi een am Fall vum Fall selwer kéint handelen. Um 26. Februar koum et dunn zur éischter Reunioun vun der Krisenzell fir ze diskutéieren, wéi Lëtzebuerg mam Virus ëmgoe géif. A schliisslech koum um 12. Mäerz d’Nouvelle vun der éischter lokaler Ustiechung, wouduerch sech d’Regierung direkt zesummegesat huet, fir ze handelen.

Um 15. Mäerz sinn d’Lockdown-Moossnamen opgestallt a presentéiert ginn. Just een Dag méi spéit war den Alldag komplett anescht: Sozial Kontakter sollten evitéiert ginn, just wichteg Deplacementer waren erlaabt, Teletravail a Stëllstand vum sozialen a kulturelle Liewe goufe grouss geschriwwen.

Bal 4 Méint ass de Lockdown elo hir, a mir schénge wuel vergiess ze hunn, wéi déi extrem Restriktiounen sech ugefillt hunn. D’Evolutioun vun der Pandemie zu Lëtzebuerg bestätegt d’Richtegkeet vun de Moossnamen, an awer muss ee sech grad elo, zur Zäit vum Deconfinement a mam Zeréckgewanne vu verschidde Fräiheeten, un d’Reegelen halen, fir eng zweet Well ze vermeiden.

Pandemie

© Daan Stevens / Unsplash

Um Héichpunkt hu mir funktionéiert – Solidaritéit an Äifer maachen et méiglech

Zu Lëtzebuerg huet ee sech engagéiert, fir schnell un dat noutwennegt Material ze kommen. Déi gutt Relatioun zu China, wat och der Cargolux ze verdanken ass, huet et méiglech gemaach. Haut ass ee prett, fir bis zu 180 Persounen intensiv ze betreien. Trotzdeem huet ee grad wärend dem Lockdown bemierkt, datt et u Personal am Gesondheetssecteur feelt a mir ouni d’Grenzgänger net dat wiere, wat mir haut sinn.

D’Regierung ass begeeschtert vun der Motivatioun vun alle Persounen, déi an dëser Zäit hu misse schaffen. All geheelte Patient war en Ureiz, fir den Dag drop weider ze kämpfen.

Ma, der Ausso „Alles zoumaache war einfach, nees opmaachen ass méi schwéier“ stëmmt hien awer net ganz zou. Wéinst de Kollateralschied war et immens schwiereg, e Stëllstand ze fuerderen. Kuckt een eleng d’haislech Gewalt, d’Konsequenzen fir eeler Leit an Alters- a Fleegeheemer, sou wéi d’Angscht virum eleng sinn, da war et sécherlech keng Decisioun, déi einfach erbäi bruecht ginn ass.

An jo, och en Deconfinement ass keng einfach Situatioun. Et huet ee laang Diskussioune gefouert, fir de richtegen Ament a Richtung Normalitéit ze geroden. Wéi informéiert een d’Bevëlkerung, fir et lues unzegoen, fir hinnen Vertrauen ze schenken a fir hinnen och d’Angscht ze huelen, wärend se awer nach den néidege Respekt virun der Krankheet opweise mussen?

Wou et an zuelräiche Beruffer nees zeréck an d’Normalitéit gaangen ass, sinn d’Neiinfektiounen net considerabel geklommen. Geännert huet sech dat mat de Fräiheete vu Privatleit, déi gemengt hunn, datt een den Deconfinement mat Partyen zelebréiere muss. Ass et dann ze vill verlaangt, sech un d’Reegelen ze halen, d’Mask unzedoen, d’Distanz ze halen? Esou ënnersträicht de Premier, datt mir kee groussen Effort ze maachen hunn, mee d’Konsequenzen sech net un d’Reegelen ze halen, awer enorm sinn.

An dësem Kader huet hien och un d’Teststrategie erënnert, bei där souwuel symptomatesch, wéi och asymptomatesch Persoune getest ginn. Sollt Dir de Bréif vum Ministère erhalen, Iech am Kader vum Large Scale Testing e Stäbchen an en Hals stiechen ze loossen, da maacht et!

Tracing-App: Et muss een se och notzen wa se do ass

De Minister Xavier Bettel huet ugekënnegt, datt ee sech no der Deklaratioun um 14:00 Auer nach emol zesumme setze géif, fir iwwert den Digital Tracing ze schwätzen. Wärend eist Land fir esou villes eng App huet an Digitaliséierung ganz grouss geschriwwe gëtt, gräift hien d’Fro op, wisou d’Regierung mësstrauesch ass.

Eng Applikatioun zum digitalen Tracing muss vun op mannst 60 % vun der Bevëlkerung net nëmmen erofgelueden, mee och genotzt ginn. Den héchsten Taux konnte bis ewell eis däitsch Noperen mat 20 % erreechen. A Frankräich huet d’Halschent vun den Notzer d’App nees geläscht an och an Norwegen, wou 10 % vun der Bevëlkerung den Digital Tracing genotzt huet, ass d’App erofgeholl an déi gesammelt Date si geläscht ginn. Dobäi kënnt nach d’Fro, op esou een Hëllefsmëttel sécher a vertrauenswierdeg ass.

„Mir wëlle keen zweete Lockdown“, betount de Xavier Bettel. An dowéinst well een op all Zeenario preparéiert sinn. Riets war och, datt een am Noutfall déi däitsch App un d’Besoinen vu Lëtzebuerg upasst.

Pandemie

© Chamber

Et dierf ee sech net blende loossen

Esou attraktiv d’Fräiheete vum Deconfinement och wierken, muss een och elo divers Erausfuerderungen ugoen, woubäi Solidaritéit nach ëmmer ganz grouss geschriwwe gëtt. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert weist sech houfreg, datt d’Majoritéit vun de Leit, déi wärend dem Lockdown gehollef hunn, och nach emol bereet wieren, Engagement a Motivatioun ze weisen.

Mat der Hausse vun den Neiinfektiounen ass een alarméiert, wat awer generell e gutt Zeechen ass. Just esou ass et méiglech d’Situatioun genee am A ze behalen a schnellstméiglech ze reagéieren. „Kee weess alles iwwert de Virus“, betount d’Ministesch Lenert, wouduerch et wichteg ass, ze observéieren, ze léieren an anzegräifen.

Opmaacherbild © Марьян Блан / Unsplash

Ähnlech Sujeten Cargolux, Chamber, Confinement, Covid-19, Deconfinement, Deklaratioun, Gesondheet, Large Scale Testing, Lockdown, Normalitéit, Pandemie, Paulette Lenert, Tracing-App, Vertrauen, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel