Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?
Neiegkeeten

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?

Op mannst gesinn dat d’Piraten esou. Fir si geet de

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!
Neiegkeeten

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!

Schonn am Joer 2014 huet de Centre Culturel Kulturfabrik den

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!
Neiegkeeten

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!

Scho fir eng 10. Kéier kënnt de Poetry Slam de

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert

Datt de Familljeministère ënnert der Leedung vum Corinne Cahen net op eng eenzeg vun eise Froen zu de Mesure fir eis Strummerte geäntwert huet, ass verständlech, de Sujet ass sensibel. Dofir huet si dann awer missen op dem Deputéierte Marc Baum (déi lénk) op seng parlamentaresch Fro vum 23. Mäerz geäntwert.

Esou den Deputéierten de vun der Ministesch wësse wëllen, wéi eng Mesuren ergraff goufen, fir et de „sans-Abri“ ze erméiglechen, déi vun der Regierung beschlosse Moossnamen: Confinement, Sécherheetsofstand an Hygiènesmesuren anzehalen, an esou eng Verbreedung vum Covid19 an dësem Milieu ze verhënneren. Et geet och drëms wou si hir Wäsch maachen a sech erniere kënnen, wéi ëm medezinesch Soinen, déi och dës Leit brauchen.

An hirer Äntwert un den Deputéierten, huet d‘Ministesch elo drop higewisen, datt d‘Wanteraktioun, déi eigentlech nëmme vum 1. Dezember bis den 31. Mäerz organiséiert gëtt, sécher bis Enn Mee weidergefouert gëtt. Iwwert eng méiglech Verlängerung iwwert den 31. Mee eraus géif zu engem spéideren Zäitpunkt, d‘Decisioun geholl ginn, dat a Verbindung mat de Moossnamen déi am Kader vum Confinement nach ze bestëmme wieren.

Wat d‘Iesse betrëfft, esou heescht et säitens der Ministesch, datt um Site vun der Wanteraktioun um Findel, de Strummerten ee Mëttegiessen ugebuede gëtt, dat an éischter Linn fir d‘Deplacementer vun de Leit ze begrenzen. Et géifen och medezinesch Permanencen um Site ugebueden. An dësem Kontext gëtt dann och drop higewisen, datt e Covid19-Plang ausgeschafft ginn ass, fir eng Kontaminatioun mam Virus méiglechst geréng ze halen.

Um Findel sinn esou dräi „Phase“ virgesinn, falls eng Persoun Symptomer entwéckelt oder de Virus kontraktéiert huet. Asymptotesch oder „geheelte“ Fäll géifen am Haaptgebai ënnerbruecht. Wie Symptomer opweist géif an en anert Gebai iwwerstallt, bis d‘Resultater vum Test virleien. Ass dësen negativ geet et zréck an d‘Haaptgebai. Ass den Test positiv, geet et an ee spezialiséierte Foyer an d‘Persoun muss och do bleiwe bis se nees gesond ass.

Pandemie

Wie vun der Gesellschaft ausgegrenzt gëtt an noutgedrongen ee Wee fonnt huet iwwert d‘Ronnen ze kommen, dee léisst sech net och nach fräiwëlleg dirängelen. De Covid19 ass verständlecherweis net hire gréisste Problem. Zudeem wëssen si, datt et beschtefalls eng temporär Mesure ass, an si uschléissend nees genee do Lande wou si hierkomm sinn. © Sherise / unsplash

Elo ass déi sougenannte „Wanteraktioun“ net wierklech – besonnesch wann d‘Wieder sech bessert – fir d‘Leit ouni Daach iwwert dem Kapp, eng „flott Saach“. Dat huet engersäits mat den strikte Reegelen ze dinn, déi aus verständleche Grënn wuel noutwenneg sinn, awer esouguer net méi an dat Weltbild vun dëse Mënsche passt. Si hunn zudeem oft ganz aner Problemer, déi hiren Alldag bestëmmen, an esoulaang wéi ee sech dësen net unhëlt, léisst ee kee Problem.

Wann ee sech ob d‘Aussoe vun de Leit berifft, déi dëse Service an Usproch geholl hunn, da wier den Toun „speziell“ an den Ëmgang nach eng Grëtz méi provokant, wéi schonn ënner normalen Ëmstänn. Iwwerpréiwe léisst sech dat net, wëll en Zougang zum Site bleift eis verwiert. Esou ass et verständlech, datt si versichen op hir eege Manéier mat der sanitärer Kris ëmzegoen. Et besteet jo och nach keng Obligatioun sech um Findel „néierzeloossen“.

Esou zéien et dës Leit vir, vun der Méiglechkeet eppes z‘Iesse bei der Stëmm vun der Strooss oder der Vollekskichen ofzehuelen, gebrauch ze maachen. A wann ee bedenkt, datt hei d‘Demande éischter zouhëlt, stellt sech d‘Fro ob déi Servicer, déi vun der Wanteraktioun ugebuede ginn, Sënnvoll sinn, dat am Bezuch op d‘Realitéite vun de Suergen a Bedierfnesser déi dës besonnesch Populatioun jo awer huet. Mee et kann e sech net ëm alles këmmeren….

Illustratioun: Ouni Daach iwwert dem Kapp, gëtt de „beschte Frënn“ vum Mënsch och zur Stäip fir d‘Séil. Fir déi awer huet et keng Plaz um Findel. Och dat sollt ee wëssen. © Nick Fewings / unsplash

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, Coronavirus, Covid19, Familljeministesch, Marc Baum, parlamentaresch Fro 2014, Wanteraktioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel