Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
Neiegkeeten Stories

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

Ponts & Chaussées: De Wanter ka kommen, eis Jongen si Virbereet
Neiegkeeten Stories

Ponts & Chaussées: De Wanter ka kommen, eis Jongen si Virbereet

Et gëtt esou lues ongemitterlech dobaussen a schneie sollt et

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt
Neiegkeeten Stories

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu

Covid19/Pandemiegesetzer: Den Avis vum Staatsrot

Covid19/Pandemiegesetzer: Den Avis vum Staatsrot

De Volet „Zwangsaweisung“ an de Gesetzer déi eis Fräiheeten och nom Etat de Kris beschränke, missten nach emol op de Leescht geholl ginn – virun allem soll net en héije Beamten eegemächteg esou eng wäitreechend Decisioun ouni Rekursméiglechkeeten erhalen.

Eis Regierung steet mächteg ënner Drock an dat villes wat esou an der „Urgence“ entscheet gouf, wéineg bis guer net zefriddestellend war an nach ëmmer ass, dierf net an de geplangte Gesetzer 7606 a 7607 weidergefouert ginn. Dat schéngt net d‘Siicht vum Premierminister a senger Ekipp ze sinn, firwat den Avis vum Staatsrot pertinent ass. Net ze vergiessen, dat dës Gesetzer schonn den nächste Méindeg „mussen“ an der Chamber gestëmmt an ugeholl ginn…

Fir d‘Membere vum Staatsrot gëtt zudeem „bedauert“, datt bei Gesetzer vun dësem Ausmooss a sengem Impakt op d‘Grondrechter vun de Bierger, dëser Kierperschaft zougemutt gëtt, den Avis „iwwert de Knéi ze briechen“. De Staatsrot wier quasi gezwonge gewiescht, sech op d‘Froen – déi vun dëse Gesetzer erhuewe ginn – ze beschränken. Anescht ausgedréckt: hei gouf spezifesche Punkte Rechnung gedroen, fir de Rescht „kuckt dat der eens gitt“.

An esou ergëtt sech, dat déi héich Kierperschaft zum engen op den ominéise Passage konzentréiert huet, bei deem den Direkter vun der Santé Dr. Paul Schmit (oder säi Vertrieder) kann decidéieren, datt Mënschen „zwangshospitaliséiert“ kënne ginn, wann si sech der Quarantaine verweigeren oder keng Plaz hunn, déi anzehalen. Zum aneren huet sech de Staatsrot mat den Agrëff an d‘Privatsphär befaasst. Et geet ëm d‘Zuel vun den Invitéeën déi een dierf empfänken.

Der Vollstännegkeet hallwer, muss hei nach drop higewise ginn, datt eng ganz Rëtsch un aneren Acteuren, der Regierung hir Bedenken ausgeschwat hunn. An éischter Linn sinn do natierlech d‘Oppositiounsparteien, a ganz besonnesch d‘CSV, déi kee Versteesdemech fir verschidde Passagen hunn. Och déi consultativ Mënscherechtskommissioun an esou d‘Dateschutzkommissioun, sinn alle anescht wéi begeeschtert. Dat trëfft och d‘Geriichter zou…

Wat sinn déi wichteg Punkten?

1) Dateschutz: An de Gesetzer ass virgesinn, datt d‘Gesondheetsdirektioun nieft dem dokumentéiere vu infizéierte Persounen, och dee faméise „Kontakt-Tracing“ analog duerchféiere soll an dierf. Esou solle méiglech Infektiounsketten zügeg erkannt an ënnerbrach ginn. Fir de Staatsrot wier et hei awer noutwenneg kloer ze bestëmmen, wéi eng Daten dierfen erhuewen an et spéiderhi muss méiglech sinn ze préiwen, wien wéi en Abléck zu wellechem Ament an zu wellechem Zweck hat. Zudeem misste persounebezunnen Daten no dräi Méint geläscht ginn. Et soll allerdéngs méiglech sinn, wann Donnéeën anonymiséiert sinn, dës zu wëssenschaftlechen Zwecker ze notzen.

2) Versammlungsrecht: Bei der Versammlungsfräiheet an dem Schutz vum Privatliewen, gëtt et gréisser Bedenken. Hei ass ee sech an der Kierperschaft eens, dat Beschränkungen net nëmmen onverhältnesméisseg sinn, mee och eng Kontroll vum Anhale vun dëse Mesuren, an déi da fälleg Sanktioun bei engem méigleche Verstouss, net realistesch ëmzesetze wieren. Wat elo déi „Treffen“ am ëffentleche Raum betrëfft, déi den Ament nach ëmmer op 20 Persoune begrenzt ginn, esou wier dat esoulaang verhältnisméisseg, wéi séchergestallt ass, datt d‘Demonstratiounsrecht net dovunner beanträchtegt gëtt, och wann do de Sécherheetsofstand net agehale ka ginn.

3) Zwangsaweisung: Beim Thema erzwongen Isolatioun – ëmmerhin ee vun den zentrale Punkten an dëse Gesetzer – huet de Staatsrot eng Rei Saache kloer gestallt. Datt eng mam Covid19 infizéiert Persoun, déi sech géif weigeren a Quarantaine ze goen, oder wou d‘Méiglechkeet sech ze isoléieren net ginn ass (dat wier beispillsweis bei enger Persoun ouni Wunnsëtz de Fall) soll kënnen an eng „entspriechend“ Struktur agewise ginn, gëtt net grondsätzlech a Fro gestallt. D‘Method allerdéngs, mat där d‘Gefor fir „anerer“ soll verhënnert ginn, déi wier esou wéi an den Texter net zoulässeg.

Hei verlaangt de Staatsrot, datt esou eng wäitreechend Decisioun weder vum Direkter vun der Gesondheetsinspektioun an/oder engem Procureur ouni Rekursméiglechkeet net de richtege Wee ass. Esou eng Entscheedung kéint nëmme vum Bezierksgeriicht geholl ginn, dat dann och nach bannent 24 Stonnen. Dat soll de Bekloten dierfe kontestéieren, an och dozou muss bannent 24 Stonnen eng Decisioun geholl ginn. Hei dierf een ze bedenke ginn, datt dës lescht Decisioun net virun enger weiderer Instanz ka reklaméiert ginn.

Bezunn op d‘Quarantaine – also der Isolatioun inklusiv dem Verbuet seng eege véier Wänn ze verloossen – bréicht laut dem Avis vum Staatsrot schonn eppes méi kloer Uweisungen. Hei notéiert déi héich Kierperschaft, datt fir dës Fäll weder d‘Fro zur Kontroll, nach de Sanktioune bei engem méigleche Verstouss, beäntwert sinn. Verlaangt gëtt iwwerdeems, datt wann den Direkter vum Gesondheetsdéngscht scho muss esou eng Decisioun huelen, seng Entscheedung an all Fall muss ganz prezis motivéiert ginn. Esou solle „Bauch-Entscheedunge“ verhënnert ginn.

Alles net esou einfach

Un dëse puer Beispiller gëtt awer och ersiichtlech wéi komplex déi ganz Gesetzer sinn. Wann et elo fir d‘Deputéiert manner eng Fro vun „Dofir oder Dogéint“ ass, si stelle jo d‘Majoritéit a wäerte jo wuel kaum der Regierung d‘Been stellen, esou wäert een aus de Reie vun der Oppositioun méi Widderstand gesinn an héieren. Net ze vergiessen, datt dës Gesetzer solle mat einfacher Majoritéit ofgestëmmt ginn. Et ass bal „egal“ wéi eng Doleancen d‘Oppositioun huet, wann hir Géigner „sech eens sinn“.

Mee egal wéi an op d‘Gesetzer duerch d‘Chamber ginn, de 24. Juni leeft den Etat de Kris aus. Wa sech do nächste Méindeg also dierft massiv verbal zerklappt ginn, esou sollt een sech awer vläicht virsiichtshallwer op de „worst case“ Zeenario astellen. Gëtt de Kontext vun der Zwangsaweisung esou wéi vun der Regierung gewënscht ugeholl, ass de Mëssbrauch quasi virprogramméiert…

Illustratioun: Besonnesch fir Mënschen ouni Dach iwwert dem Kapp, därer déi a Foyeren oder spezialiséierte Strukture (AbriSud, Wanteraktioun, o.ä.) ënnerbruecht sinn, mee och Mënschen déi a Wunngemeinschafte liewen, ass eng „Isolatioun“ wéi dat am Gesetz gemengt ass, schlecht duerch- oder ëmzesetzen. Déi kënnen sech zudeem oft kaum zur Wier setzen, firwat hei den „Decideur“ ee liicht Spill huet. An eigentlech sollt de Staat schützen an net bedrängen. © Mitchel Lensink / unsplash

Ähnlech Sujeten Chamber, Covid19, Gesetz 7606, Gesetz 7607, Oppositioun, Pandemie, Staatrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel