Search

You may also like

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“
Neiegkeeten

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“

E Freideg an der Nuecht, huet déi franséisch national Assemblée

Dem Sultan säi Krich (Analys)
Neiegkeeten

Dem Sultan säi Krich (Analys)

Den tierkesche President huet sécherlech eng zolidd mat der Dänn,

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur
Neiegkeeten

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur

Et geschéien nach Zeeche a Wonner: no 18 Méint Verhandlunge

Maintenance-Aarbechten um Panoramalift (05.10.2020)

Maintenance-Aarbechten um Panoramalift (05.10.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt ab e Méindeg, de 5. Oktober 2020 fir ronn 2 Woche Maintenance-Aarbechten um Panoramalift, deen de Pafendall an d’Uewerstad verbënnt, virgeholl ginn. Duerch d’Interventioun wäert de Lift fir d’Ëffentlechkeet gespaart sinn.

Souwuel nom Zoustand vun den Zuchkabelen, wéi och vun de Poulië gëtt gekuckt, Material ersat, fir esou d’Sécherheet an eng flott Erfarung fir d’Notzer ze garantéieren. E geneeën Datum, wéini de Panoramalift nees genotzt ka ginn, steet nach net fest. Hei hänkt alles vun der Schnellegkeet vun den Aarbechten of.

Panoramalift

Iwwert d’Cityapp ginn d’Notzer iwwregens an Echtzäit gewuer, wéi de Stand vun den Aarbechten ass, wéi déi eigentlech Ëffnungszäite vum Lift sinn, an och vill weider Informatiounen zur Stad Lëtzebuerg.

Related topics Aarbechten, Chantier, Cityapp, Maintenance, Panoramalift, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post