Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi
Neiegkeeten

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi

Nach ass et keng „Ausgangsspär“ am eigentleche Sënn, mee elo

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval
Neiegkeeten

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval

De François Bausch, Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister, ewéi och President vun

Esch-Uelzecht: D‘Fixerstuff soll déi nächst Woch hir Dieren opmaachen
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: D‘Fixerstuff soll déi nächst Woch hir Dieren opmaachen

Bis ewell war huet et just eng Fixerstuff ginn, an

Paperjam mat klorer politescher Haltung

Paperjam mat klorer politescher Haltung

Als Héichglanz-Publikatioun fir déi gehuewe Mëttelklass, ass Paperjam kee Magazin wéi déi aner. Dat mussen och déi Lénk feststellen. Den 12. September hat Paperjam eng Tableronde am Kader vun de Gemengewahlen 2017 organiséiert, an nëmmen „ausgewielte“ Parteien aus der Stad Lëtzebuerg agelueden.

Grond genuch fir déi Lénk sech zu Wuert ze mellen. Si weisen drop hin, datt och si zwee Conseilleren am Gemengerot sëtzen hunn an en Deel vun der politescher Landschaft an der Haaptstad sinn. Si weisen och drop hin, datt si zanter Jore kredibel Léisungen am Beräich vum Wunnengsbau virleeën. E vun den zentrale Punkte bei dëser Tableronde.

Eng Exklusiv Ronn

Nëmmen d’LSAP, DP, CSV an déi Gréng anzeluede géing wéineg Versteesdemech géintiwwer dem demokratesche Prozess an eiser Gesellschaft beweisen. Et wier zudeem eng kloer Beaflossung vum Wieler, deem de ganze Spektrum vu Meenunge verwiert géif ginn.

Elo wier et awer richteg, datt keen enger privater Entreprise ka virschreiwe wéi se en Debat an der Gesellschaft wëll oprecht erhalen. Duerch den Ausschloss vu „gewësse“ politesche Parteien – och d’Piraten, d’KPL an den ADR waren net agelueden – konnt Paperjam awer och déi eege Siicht kanaliséieren.

Op et dem Debat geschuet huet, ass dann och net gewosst. D’Press, also déi offiziell, war och net ageluede ginn. Paperjam hätt bewosst eng politesch Wielerschaft mat senger Tableronde ugeschwat. Datt och d’Bedeelegung vun – wéi an dësem Fall monéiert – déi Lénk, d’Invitéeën zum politeschem Ëmdenken animéiert hätt, sief dohinnergestallt.

Déi Lénk hunn via Communiqué protestéiert an hoffe bei zukünftegen Debaten och agelueden ze ginn. Eng Fuerderung deenen sech och déi aner Parteie bestëmmt gären uschléissen. Op Paperjam sech allerdéngs vun esou Fuerderunge beandrocke léisst ass dann awer net ze erwaarden. Si sinn Här an hirem Haus an et steet hinnen zou och d’Demokratie esou ze interpretéieren wéi si et fir gutt befannen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

 

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, déi lénk, DP, LSAP, Paperjam
Nächsten Artikel Virrechten Artikel