Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden
https://moien.lu/san-diego-dating-site/ https://moien.lu/actors-dating-website/

https://moien.lu/dating-sites-chicago-il/

Däitschland gesäit sech als Land vun de Dichter an Denker,

https://moien.lu/online-dating-quiz/
https://moien.lu/san-diego-dating-site/ https://moien.lu/actors-dating-website/

Mussen d‘Schüler fir d‘Sprangprëssessioun fräi kréien?

Wann et dem LSAP-Deputéierte Jos Scheuer nogeet, da jo. Deen

Iechternach: Aktioun „Grouss Botz 2019“ a „World Disco Soup Day“
https://moien.lu/san-diego-dating-site/ https://moien.lu/actors-dating-website/

Iechternach: Aktioun „Grouss Botz 2019“ a „World Disco Soup Day“

D‘Aktioun „Grouss Botz 2019“ gëtt organiséiert vun der Stad Iechternach

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Vun der ganzer Welt hierkomm oder op der Plaz rekrutéiert, dausenden Dschihadisten déi komm ware fir d’Schlëssele vum Paradäis ze gewannen, hunn hir läscht Rou an engem Massegraf fonnt. Wien et bis dohinner net gepackt huet, gëtt och emol vun den Hënn gefriess.

Vun der Koalitioun, déi vun den USA geleet gëtt, heescht et: 80.000 Dschihadiste vum Islamesche Staat (IS) sinn zanter 2014 ëm d’Liewe komm. Hei wieren déi Dschihadisten, déi vun de Russen an dem Regimm vun Damaskus ëmbruecht goufen, net matgerechent.

Zu Dhoulouiya, ronn 90 Kilometer nërdlech vu Bagdad, gesäit een um Buedem nach d’Spuere vun de Bulldozer. Hei goufe schnell an ouni Gedeessems honnerten Dschihadisten an engem Lach zougeschott. Op Iwwerreschter déi hei an do nach ze gesi sinn, Mécken déi sech zu Drauwe sammelen an e Gestank deen net ze beschreiwen ass.

„Se hätte sollen am Mo vun den Hënn landen. Wa mir se hei begruewen hunn, dann ass dat net well mir frou mat hinne waren, mee fir Krankheeten ze verhënneren“, verséchert de Mohammed al-Joubouri, Polizist an dësem Bauerenduerf. „Et hätt een se an d’Waasser kënne geheien, mee mir hunn eise Floss ze gären, wéi datt mir dee wéilte verschmotzen“.

Kee Numm, nach net emol eng Nummer

„Mir hunn se mat de Bulldozer begruewen“ an net nom moslemesche Ritual, bestätegt den Chaalane al-Joubouri, e Bauer vu véierzeg Joer. „Esouguer ënnert dem Buedem sinn se an hirem Dreck bliwwen. Si hate gesot se géifen an d’Paradäis kommen, dat se d’Friichte vum Gaart vun den Delikatesse géifen iessen. A kuckt wou se hikomm sinn“.

E puer honnert Meter méi wäit, en anere Kierfecht, e richtegen. Een déi vun enger Zillemauer ëmginn ass: de Kierfecht vun de Märtyrer déi d’Famille beschützt hunn. Leit aus dem Duerf déi gestuerwe sinn, wéi se sech géint den IS zur Wier gestallt hunn. Déi hu Griewer, Schied vun de Beem an deels och Poster mat hirer Foto.

An der sunnitescher Provënz vun al-Anbar sinn déi glécklech Dschihadisten déi, wou ëmbruecht goufe wéi hir „Kollegen“ d’Géigend nach ënner Kontroll haten. Am Zentrum vu Falluja, eng Stad déi 2014 vum IS ënner Kontroll bruecht ginn ass, en improviséierte Kierfecht.

Hei stinn nach d’Grafsteng mat de „Krichsnimm“ vun den auslännesche Kämpfer, déi vun hire Komerode begruewe goufen. „Fir all déi aner ass et d’Anonymitéit vum Massegraf“ erkläert de Generol Mahmoud al Fellahi, deen d’Operatiounen an der Provënz leet wou den IS seng läscht Bastioun huet.

De Bulldozer ersetzt den Doudegriewer

An der Provënz vu Ninive, mat senger Haaptstad Mossul, wou d’Verloschter fir den IS am gréisste waren, erënnert sech en Offizéier Bulldozer agesat ze hunn. Esou sinn se „begruewe“ ginn, nodeems d’Informatiounen iwwer Nationalitéit an Identitéit agesammelt waren.

Och am syreschen Deel vum Kalifat ass et den Dschihadisten net besser ergaangen. An e syreschen Offizéier faasst sech dann och kuerz: „Fir de Moment interesséiert eis méi wat um Terrain lass ass, manner dat wat sech ënnert dem Buedem ofspillt“. En aneren erkläert, datt d’Terroriste versichen hir Doudeg anzesammelen. „Wa mir se kréien, kucke mir datt mir se identifizéiert kréien, besonnesch d’Auslänner, fir dann d’Informatioune weiderzeleeden“.

Wäit ewech vun den urbanen Zonen, an der Wüst vun Deir Ezzor, Aleppo oder Raqqa, ginn d’Läiche vun den Dschihadisten zréck gelooss. Hei waarden d’Hënn op se. De Chef vun enger Miliz erkläert: „Direkt wann d’Schluecht eriwwer ass, kommen d’Hënn aus hire Stoppen eraus a krope sech d’Iwwerreschter.

Op déi Leit, déi sech dem Islamesche Staat ugeschloss hunn, dru geduecht haten dat esouwäit kéint kommen? Et ass net dovunner auszegoen. Déi wou nach ëmmer d’Waff an der Hand hunn an de Kalifat bis zur leschter Patroun wëlle verdeedegen, déi wëssen elo awer wéi d’Enn ausgesäit. Sech ze ergi schéngt trotzdeem keng Optioun ze sinn.

mam Ammar Karim an dem Maher al-Mounes/AFP

Foto: © Ahmad al-Rubaye/AFP

Ähnlech Sujeten Dschihad, Irak, islamesche Staat, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel