Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei am Verlag Guy Binsfeld: D’Schmetten an d’Schmooen
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: D’Schmetten an d’Schmooen

Dat neit Kannerbuch D’Schmetten an d’Schmooen erzielt vun enger verbuedener

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?
Neiegkeeten

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?

E Freideg huet ArcelorMittal op senger Internetsäit matgedeelt, bereet ze

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!
Neiegkeeten

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!

Um Samschdeg Owend hunn d’Beaufort Knights bewisen, datt d’Gléck zeréck

Brauch et e Paradigmewiessel am Logement?

Henri Kox setzt d‘Prioritéit op d‘Locatioun an d‘Schafung vu bezuelbare Wunnraum

Brauch et e Paradigmewiessel am Logement?

D‘Oppositioun gëtt es sech net midd der Regierung virzewerfen, si géif d‘Logementskris net an de Grëff. An der éischter Rei d‘CSV, déi sech selwer kenger Schold bewosst ass, an der Koalitioun elo virgehäit, sechs Joer laang d‘Hänn an de Schouss geluecht ze hunn. Den Henri Kox léisst sech awer net beandrocken a versprécht bezuelbare Wunnraum ze fannen.

Wann ee bedenkt datt de Logementsministère ënnert dëser Koalitiounsregierung schon de véierte Minister beusprocht, dann heescht dat zwar net datt d‘Regierung d‘Hänn de Schouss geluecht hätt, mee et mécht däitlech, datt een esou ne viru komme kann. Vill Käch versaue bekanntlech dat beschten Iessen, woubäi den Henri Kox sollt d‘Méiglechkeet kréien, sech an der Saach ze beweisen.

Hien huet dann och an enger Äntwert un den CSV-Deputéierte Marc Lies bestätegt datt ee sech an der Regierung dem Problem bewosst ass an d‘Drénglechkeet och net kleng riede wëll. Fir den neie Minister am Logement ass et essentiell, datt déi ëffentlech Hand (Staat, Gemengen an ëffentlech Promoteuren) nees de Wunnengsmaart muss ënner Kontroll kréien, firwat sech eppes muss änneren.

Et bréicht e Paradigmewiessel an et misst een der Locatioun d‘Prioritéit ginn. Wann et zum Verkaf komme sollt, misst een op de „Bail Emphytéotique“ – dat ass eigentlech nëmmen ee laangfristege Pachtvertrag – zréckgräifen. Esou soll verhënnert ginn, datt bezuelbare Wunnraum no enger Vente dem private Maart zougedroe gëtt. Et wier seng Missioun déi generell Interessen ze verdeedegen.

Logementspakt 2.0

Fir seng Ziler ze erreechen, wëll den Henri Kox d‘Gemengen an de Staat nees méi no unenaner bréngen, dofir wier de Logementspakt 2.0 geduecht. Dat geet natierlech net duer, also mussen och déi privat Investisseure „motivéiert“ gi bezuelbare Wunnraum ze schafen. Am Kloertext heescht dat, datt de Minister e Sockel u bezuelbarem Wunnraum imposéiere misst. Mee ass dat realistesch?

Wat dem Marc Lies seng „Reklamatioun“ betrëfft, esou ass festzehalen, datt de Programm vun der Regierung villes u Virschléi – ebe grad vun der CSV – vun der Oppositiounsbänk berécksiichtegt huet. Bei der vun der CSV gefuerderter Erweiderung vum Bauperimeter muss den Henri Kox awer passen. Et géifen 2.800 Ha Bauland a mam ministerielle Remembrement géif villes méiglech.

Esou kéint bei der Erstellung vun engem Lotissement, och beim Widderstand vum Proprietaire vun enger Parzell „gehandelt“ ginn. Wien net fräiwëlleg matmécht soll dann en aneren Terrain als Ersatz ugebuede kréien. Zudeem huet de Remembrement de Virdeel, datt ee séier d‘Baulücken – déi 900 Ha ausmaachen – viabiliséiere kann. Wéi séier „do“ Wunnraum geschafe ka ginn ass net gewosst.

Interessant well eppes kontradiktoresch, de Fait datt an enger Äntwert op eng Fro vum Octavie Modert (CSV), d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) gemengt huet, datt hire Ministère net systematesch géint eng Erweiderung vum Bauperimeter ass. Woubäi d‘Erweiderung vum Bauperimeter net zwéngend mat sech bréngt, datt ee sech nees en Terrain leeschte kann.

Mat Steieren de Spekulatioun entgéint trieden

Den Henri Kox huet nach wësse gelooss, datt hie sech mam Inneministère a Verbindung gesat huet fir eng Analys realiséieren ze loossen, déi soll Opschloss ginn, wéi „opportun et ass eng Tax op eidele Wunnraum ze erhiewen“. Esou en Instrument gëtt et allerdéngs schonn, woubäi keen sech bis ewell zougetraut huet et och anzesetzen. Et ass souwisou eng generell ëmstridde Mesure.

Zum engen ass et richteg, datt esou Steieren eleng de Problem net léisen an zum aneren hunn déi, bei deenen sech d‘Moossnam rentéiere géif, esou gutt „Steierberoder“ oder längst Weeër fonnt, sech deem ze entzéien. Dat léisst sech och dorunner festmaachen, datt et an der Steierreform och zu Changementer bei der Grondsteier komme soll. Detailer gëtt awer och hei net wierklech.

Ob d‘Verflichtung, beim Bau vun engem Lotissement mat méi wéi 25 Logementer, 10% als „Moderaten“ als tatsächlech bezuelbare Wunnraum auszeweisen de richtege Wee ass muss sech erginn. Der Oppositioun ginn 10% net duer. Et kann ee sech awer Virstellen, datt d‘Promoteuren sech och mat Lotissementer vu 24 Logementer zefridde ginn, an esou weider fräi handele kënnen.

Promoteuren a privat Investisseure mussen awer matspillen, wann et zu enger Léisung komme soll an iert aus der Logementskris e Sozialkonflikt entsteet. Den Henri Kox géif dës nawell gären iwwerzeegen, hir Logementer der ëffentlecher Hand zur Verfügung ze stellen. Domatter ass an éischter Linn un esou Projete wéi déi „Sozial Immobiliëgesellschaft“ geduecht ginn.

Fir den Ament gëtt nach debattéiert

Am Kontext vum Logementspakt deen 2008 lancéiert gouf hat d‘Regierung eng Rei Mesure an Ugrëff geholl, déi zu méi Wunnraum féiere sollten. Fir all neien Awunner hunn d‘Gemengen eng Prime vun 4.500 Euro zougestane kritt, also nëmmen déi 96 Gemengen déi de Pakt mam Ministère ënnerschriwwen hunn. Käschtepunkt bis ewell: 379 Milliounen Euro. Huet et eppes bruecht?

Leider net, well dat Geld datt de Logementsministère iwwerwisen huet, hunn d‘Gemengen agesat fir Schoulen oder Maison Relais ze bauen. Esou war et net geduecht, mee och Lokalpolitik huet eege Regelen an elo muss de Lokalpolitiker eppes besser erkläert ginn ëm wat et eigentlech geet. Esou wäert et zukünfteg och nëmmen nach Goss ginn, wann tatsächlech Wunnraum entstanen ass.

Dat alles an nach vill méi, dierft déi nächst Woch bei der grousser Consultatiounsronn um Krautmaart zur Aussprooch kommen. D‘Erwaardungen un dësen Debat si grouss, mee et sollt een déi eegen Hoffnungen net iwwerstrapazéieren. Et brauch couragéiert Politiker a virun allem e Parteiiwwergräifende Konsens de Maart reguléieren ze wëllen an d‘Spekulatioun ze besteieren.

Hei ginn d‘Meenungen nees wäit ausenaner an sollt een d‘Groussgrondbesëtzer net ënnerschätzen. Bei enger Wäertsteigerung vu bis zu 11% am Joer, sinn déi duerchaus gewëllt ganz Affekoten-Arméien opzebréngen. Datt wunnen ee Grondrecht kéint sinn, ass dëse Leit esou onbegräiflech, wéi se bei Nestlé kee Versteesdemech dofir hunn, dat Drénkwaasser aus dem Krunn kommen dierf.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Henri Kox, Logement, Logementskris, Logementsministère, Logementspakt, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel