Search

You may also like

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
International Neiegkeeten

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

De Grenzverkéier an d‘Covid19-Pandemie
International Neiegkeeten

De Grenzverkéier an d‘Covid19-Pandemie

Zanter leschtem Freideg gëllt Lëtzebuerg nees als Risikogebitt, datt well

Video-Serie “EU BLIND DATE
International Neiegkeeten

Video-Serie “EU BLIND DATE

Am September 2020 huet de Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament

Tëscht Pinguin, Otter a Kaweechelchen: Wa Fleeger duerch d’Coronakris plënneren

Tëscht Pinguin, Otter a Kaweechelchen: Wa Fleeger duerch d’Coronakris plënneren

Fir zur Zäit vun der Covid-19-Pandemie weiderhin fir d’Wuelergoen vun den Déieren ze suergen, sinn véier Déierefleeger aus dem Paradise Park a Groussbritannien direkt bei Pinguin, Iesel an Otter erageplënnert. Mat dëser Decisioun isoléiere si sech zwar vun hire Léifsten Doheem, kënnen awer ongestéiert no den zwee- a véierbeenegen Geselle kucken.

D’Izzy Wheatley, eng vun de Fleegerinnen, déi fräiwëlleg op d’Aarbechtsplaz geplënnert ass, erkläert, datt och an der Coronakris déi ronn 1.200 Villercher a Mammendéieren gefiddert, ënnerhalen a gefleegt musse ginn. „Mir ginn ënnerstëtzt vun anere Fleeger, déi zu verschiddenen Zäiten vum Dag kommen, sou datt si fir sech kënne bleiwen an et ass offensichtlech, datt mir eis Distanz zou hinnen halen. Dat gëtt méiglech duerch geännert Déngschtpläng a getrennt Beräicher am Park, fir ze versécheren, datt jiddwereen op enger anerer Plaz schafft.“

Paradise Park

© Paradise Park

D’Alison Hales, Direktesch vum Park weist sech iwweraus beréiert duerch dës Aktioun: „All eis Fleeger sinn immens engagéiert mat den Déieren, mee verschiddener hunn awer och vulnerabel Familljemember Doheem. Wou si vun de Recommandatiounen zur eegener Isolatioun am Kampf géint de Coronavirus héieren hunn, misste si d’Decisioun treffen, ob si vun der Aarbecht fort bleiwen a sech mat der Famill isoléieren. Mee dunn hu si selwer virgeschloen ze kommen an am Haus vum Paradise Park ze bleiwen, fir esou all Dag fir d’Vullen do ze sinn, ouni d’Gesondheet vun der eegener Famill ze riskéieren.“

Wärend déi eng also just temporär um Terrain sinn, hunn d’Sarah-Jane Albert, d’Layla Richardson, d’Emily Foden an d’Izzy Wheatley sech dozou entscheet an d’Haischen, wou normalerweis d’Konferenzen ofgehale ginn, eranzeplënneren. Do dierf d’Lieblingsplanz an den Hula-Hoop-Reef natierlech net feelen!

Paradise Park

D’Izzy beim Plënneren © Paradise Park

D’Routine oprecht erhalen

Virun allem d’Aarbecht mat den Humboldt Pinguinen hieft d’Izzy besonnesch ervir. Eng Rei vun hinnen si per Hand opgezu ginn a gëllen als beléift Fotomotiv. Zu Normalzäiten ginn fir d’Fidderung um 11 a 15 Auer jeeweils eng Hand voll Visiteuren ausgewielt, déi beim Fësch verdeelen hëllefen an esou den Déiercher am Smoking ganz no kommen dierfen.

Wann de Park seng Dieren nees dierf opmaachen, wëll een op Alles virbereet sinn. Alldeeglech Routine, wéi beispillsweis déi verschidden Traininge mat Adleren a Papageien fir d’Vulleshows am Summer, ginn oprecht gehalen. T’well ee jo keng Middegkeet virtäuschen, oder faul op der eegener Haut, dem Pelz, de Plommen – oh dir wësst schonn – ronderëm setzen.

Paradise Park

Wien dierf wuel dës Kéier beim Fidderen hëllefen? © Paradise Park

Ma wärend eng Rei Déieren elo am Fréijoer mat der Fortplanzung beschäftegt sinn, géif een awer scho bemierken, datt verschidde Bewunner sech iwwert d’Absence vu Visiteure wonneren. Besonnesch verschidde Papageien, déi gäre mat Mënschen interagéieren, wonnere sech iwwert déi aktuell Situatioun.

De Park finanzéiert sech eleng duerch d’Visiteuren a Spenden. Bis ewell hätt een wärend de 46 Joer Bestoen just op Chrëschtdag an duerch ze vill Schnéi zougemaach. Fir d’Erëffnung no der Coronakris huet een speziell Eventer an Aktioune virgesinn. Zudeem ass eng Spendenaktioun iwwert GoFundMe ageriicht ginn, fir esou Fudder an aner noutwennegt Material kafen ze kënnen.

Paradise Park

© Paradise Park

Iwwert de Paradise Park

De fréieren Bird Paradise konnt duerch de Mike an d’Audrey Reynolds am Joer 1973 seng Dieren opmaachen. Mat der Zäit ass déi gravéierend Situatioun vun diverse Vullenaarten ëmmer méi ervir koum, wouduerch hiren Erhalt an de Fokus vun der Koppel geréckelt ass. Esou ass de Park schliisslech zu engem Doheem fir gefäerdet Déieren ginn.

Mam groussen Zil sech fir d’Déieren anzesetzen ass 1989 de World Parrot Trust opgebaut ginn, zuelräich weider Sensibiliséierungscampagnen sinn entstanen. An esou handelt et sech heibäi net ëm een Zoo, deen Vullen a Mammendéieren aspäert an zum Vergnüge vum Mënsch hannert Gittere presentéiert. Mat zuelräiche Projeten gëtt op d’Zwee- a Véierbeener opmierksam gemaach, fir si virum Ausstierwen ze retten.

Opmaacherfoto: © Paradise Park

Related topics Alison Hales, Coronakris, Covid-19, Déierepark, Emily Foden, Erhalt, Izzy Wheatley, Layla Richardson, Paradise Park, Plënneren, Sarah-Jane Albert, Sensibiliséierungscampagne, Wuelbefannen
Next post Previous post