Search

You may also like

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft

D’EU-Parlament stëmmt an dëser Woch iwwert d’Virschléi vun der EU-Kommissioun

Editorial: Eppes hin an hir gerappt
International Neiegkeeten

Editorial: Eppes hin an hir gerappt

Meng Positioun zu „Klimawandel“ an „Äerderwiermung“ dierft dem opmierksame Lieser

Full House zu Barcelona: E Concert virun 2.292 Planzen
International Neiegkeeten

Full House zu Barcelona: E Concert virun 2.292 Planzen

Vu Stolz erfëllt, kann d’Oper zu Barcelona matdeelen, datt de

Paräis: Gesondheetsministesch Agnès Buzyn iwwerhëlt Kandidatur

Nom Réckzuch vum Benjamin Griveaux hu se bei „La Republique en Marche“ séier missen en Ersatz fannen – Grond dofir war d‘Verëffentlechung vu Videoe mat sexuellem Inhalt

Paräis: Gesondheetsministesch Agnès Buzyn iwwerhëlt Kandidatur

Nodeems de Benjamin Griveaux, presidentielle Kandidat fir dat prestigiéist Mandat vum Paräisser Buergermeeschter, sech aus dem Wahlkampf zréck gezunn huet, war eppes Opreegung entstanen. Zum engen ass d‘Fro, wéi eng Roll de russeschen Aktiounskënschtler Piotr Pavlenski – deen huet d‘Videoe mat sexuellem Inhalt verëffentlecht – gespillt huet, zum aneren, wéi et elo weider geet?

Bannent 48 Stonnen hu se bei „La Republique en Marche“ (LREM) dann eng Léisung fonnt: déi aktuell Gesondheetsministesch Agnès Buzyn leet hiert Mandat néier, a stellt sech op an trëtt an de Wahlkampf ëm de Poste vun der Buergermeeschtesch an. „Ech maachen dat an ech wëll dat“, esou déi 58 järeg Politikerin, där awer am Kampf géint d‘Anne Hidalgo kaum Chancen zougestane ginn.

Streng „technesch“ betruecht, muss d‘Kandidatur vum Agnès Buzyn elo nach vun enger LREM-Kommissioun ofgeseent ginn, déi fir d‘Ernimmung vun de Kandidate fir d‘Kommunalwahle vum 15. Mäerz zoustänneg ass. Dat schéngt éischter eng Formalitéit ze sinn well et gëtt keng Alternativ. Zudeem behält d‘Politikerin hire Ministère bis d‘Kommissioun d‘Kandidatur aktéiert huet.

Aktiounskënschtler festgeholl

Firwat de Piotr Pavlenski, ee russeschen Aktiounskënschtler deen zanter 2017 als „Refugié“ am Frankräich lieft, deen un eng Fra geriichte Videomatschnëtt vun engem sech masturbéierende Mann am Internet verëffentlecht huet, a sech drop behaapt, datt et sech bei dësem Mann (d‘Gesiicht ass net ze gesinn) ëm de Benjamin Griveaux handelt, dat muss elo juristesch gekläert ginn.

Offiziell heescht et, datt de Russ – dee kaum franséisch kann an deem de Benjamin Griveaux, en Acteur aus der zweeter Rei, net wierklech ka geleefeg sinn – dem Kandidat seng Schäinhellegkeet wollt bloussstellen, well dësen sech ëmmer als treie Familljepapp presentéiert huet. De Kënschtler a seng Liewensgefäertin goufe mëttlerweil vun der Police festgeholl a ginn an der Saach verhéiert.

De Piotr Pavlenski war allerdéngs schonn e Samschdeg wéinst enger anerer Saach verhaft ginn. Hie gëtt verdächtegt op Silvester mat engem Messer op d‘Leit vun enger Soirée – déi vu sengem Affekot organiséiert gouf – lassgaangen ze sinn. Nodeems dem Russ seng Frëndin wéinst dem Video festgeholl a befrot ginn ass, gouf entscheet och de „Kënschtler“ an der ze befroen…

mat indymedia/par

Note: Esouwäit et bekannt ass, haten de Russ a seng Frëndin kee Bezuch zum „Affer“ firwat sech och d‘Fro muss gestallt ginn: wéi ass hien un déi verëffentlecht Opname komm? Zudeem dierf een an dësem Fall unhuelen, datt de Mann, deem säin Affekot haaptsächlech an der lénker Zeen aktiv ass a sech fir déi giel Gileten asetzt, ka beaflosst gi sinn. Hie riskéiert mat senger Frëndin 2 Joer feste Prisong (a well de Piotr Pavlenski schonn ëfters am Frankräich veruerteelt ginn ass fält de Sursis aus) an eng Geldstrof vu bis zu 60.000 Euro. Zudeem verléiert hien elo definitiv de Statut als Refugié.

Foto: D‘Agnès Buzyn soll de Gesondheetsministère géint d‘Kandidatur fir d‘Mandat vun der Buergermeeschtesch vu Paräis tauschen. Een éischter strategesche Choix, woubäi realistesch Chance bei de Kommunalwahle vu de Paräisser gewielt ze ginn, hätt si keng. Dat soen esou d‘Experten, d‘Medien an d‘Sondagen, déi alleguerten d‘Anne Hidalgo, aktuell Buergermeeschtesch vun der Haaptstad als potentiell Gewënnerin uginn. © Antonio Duarte

Related topics Agnès Buzyn, Benjamin Griveaux, Kommunalwahlen, LREM, Paräis, Piotr Pavlenski, Politpoker
Next post Previous post