Search

You may also like

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?
International Neiegkeeten

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?

D’APCCA (Association du Personnel des Centres de Compétences et de

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
International Neiegkeeten

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

Eis däitsch Noperen hunn de Covid19 fest am Grëff
International Neiegkeeten

Eis däitsch Noperen hunn de Covid19 fest am Grëff

Am Landkrees Gütersloh (Nordrhein-Westfalen) sinn d‘Crèchen an d‘Schoulen zougemaach ginn,

Ankara réit Paräis, sech aus Syrien erauszehalen

Ankara réit Paräis, sech aus Syrien erauszehalen

Den tierkesche Verdeedegungsminister huet um Samschdeg virun enger franséischer „Invasioun“ am Norde vu Syrien gewarnt. Dat nodeems Vertrieder vun de syresche Kurden zu Paräis empfaange gi waren, a vun enger Verstäerkung vum franséische militäreschen Dispositif an der Regioun rieds gaangen ass.

„Sollt Frankräich eng Mesure ergräifen, wéi d‘Stationéiere vun Truppen a Nordsyrien, da wier dëst eng illegitim Mesure, déi géint internationaalt Recht géif verstoussen“, behaapt den tierkesche Verdeedegungsminister Nurettin Canikli, géintiwwer de Medien zu Giresun. „Et wier eng Invasioun“, ënnersträicht de Minister, deen déi tierkesch Presenz a Syrien als legitim betruecht.

Frankräich hat sengersäits schonn am Februar d‘Tierkei gewarnt, vun enger Invasioun vu Syrien ofzegesinn. Den Ugrëff op d‘Kurdemiliz YPG an der Regioun Afrine, déi vun Ankara als Terroristen duergestallt ginn, wier net ze rechtfäerdegen. D‘Kurdemiliz, e wichtegen Alliéierte vun der internationaler Koalitioun géint den Islamesche Staat (IS), wëll Ankara awer ausradéieren.

Tierkeschen Ugrëffskrich ass eng Police-Aktioun

Während enger Ried zu Istanbul, huet den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan sech beméit, den Emmanuel Macron, bezunn op déi tierkesch Absichten an Syrien, ze berouegen. Esou wier d‘Operatioun „Olivenzweig“ keng Invasioun an internationaalt Recht géif hei net zum droe kommen. Et wier eng „Police-Aktioun“, déi geduecht wier, d‘Regioun vu Gangster ze befreien.

An den Erdogan hat nach eng op Lager: „Wéi kanns du dech erhiewen an eis eng Lektioun an Zivilisatioun ginn? Kuck der emol deng eege Geschicht un“, attackéiert de Mann vun Ankara de franséische President. Erwähnt gouf dann och den Algerien-Krich an déi franséisch „Operatioun“ a Libyen 2011, déi vun der Tierkei als „Besatzung“ bezeechent gëtt.

NATO-Partner sollte besser matenaner ëmgoen

Paräis ass net op Kaméidi mat der Tierkei aus, muss sech awer gezwongenermoossen der tierkescher Rhetorik stellen. Aus dem Elysée koum awer emol fir unzefänken d‘Bestätegung, datt een net géif virgesinn, sech am Norde vu Syrien, ausserhalb der internationaler Koalitioun géint den IS, militäresch ze engagéieren. Dat verhënnert net, datt ee sech Optiounen op léisst.

Esou heescht et vun der Presidence: „Et gëtt net ausgeschloss, datt Frankräich seng Interventioun a Syrien nei bewäert (…) fir seng Ziler am Kader vun der Koalitioun ze erreechen“. Weider Detailer huet et net ginn. Et ass dann awer gewosst, datt franséisch „Spezialisten“ a Syrien agesat ginn, mee verständlecherweis, geet Paräis mat dësem Punkt ganz diskret ëm.

D‘Präzisioune waren awer Noutwenneg ginn, nodeems d‘Kurde, déi am Elysée empfaange goufen, verséchert haten, datt Paräis nei Truppen an d‘Géigend vu Manbij géif verleeën. Hei hunn am Ament d‘Kurden nach d‘Iwwermuecht, mee Ankara huet versprach och hei d‘Miliz auszeradéieren. Iwwerhaapt huet d‘Tierkei bestätegt, no Afrine, seng militäresch Offensiv weiderzeféieren.

Foto: Tierkesch Militärpoliziste kontrolléieren déi nordsyresch Stad Afrine. Am Kader vun der Operatioun „Olivenzweig“ déi vun Ankara ordonnéiert ginn ass, war Afrine den 18. Mäerz vun der tierkescher Arméi ageholl ginn. Elo soll och Manbij aus dem Grëff vun der Kurdemiliz YPG befreit ginn. © Nazer al-Khatib/AFP

Related topics Afrine, Frankräich, Kurdemiliz YPG, Manbij, Syrien, Tierkei
Next post Previous post