Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019
International Neiegkeeten Sport

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019

Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen
International Neiegkeeten Sport

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen

Mat enger verhältnesméisseg liichter Dagesuerdnung huet sech déi Fréisenger Gemengerotssëtzung

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)
International Neiegkeeten Sport

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)

Hien a seng neofaschistesch Fidesz gehéiert an der Unioun zu

Paräis brennt!

No der Championsleague-Finall hunn där „Dichteger“ Autoen a Brand gestach a Geschäfter verwüüst

Paräis brennt!
Et hat nees ee groussen Asaz a vill Poliziste gebraucht, fir d‘Rou an de Stroosse vun der franséischer Haaptstad nees hierzestellen. © Préfecture de Police, Paris
Paräis brennt!
An de Stroosse ronderëm de Prënzepark huet et schon wärend de Match nach am Lafe war ugefaangen. © Préfecture de Police, Paris
Paräis brennt!
Ronderëm de Stadion hunn d‘PolizistPréfecture de Police, Parisen éischt Ausschreidunge quasi direkt nodeems d‘Spill ugepaff gouf misse verhënneren. © Préfecture de Police, Paris
Paräis brennt!
Et ass eigentlech ee Widdersproch u sech, datt ee muss esouvill Sécherheetskräften am Kontext vun engem Fussballspill opstellen, wéi bei enger riseger Demonstratioun vu Giele Gileten. © Préfecture de Police, Paris
Paräis brennt!
Hei hu Mënsche randaléiert, déi eenzeg drop aus ware Schued unzeriichten. A wann ee Sport wéi de Fussball esou eppes ervirbréngt, muss een dësen och a Fro stellen dierfen. Mee et geet ëm vill Geld an do gett kriminell Energie generéiert. © Préfecture de Police, Paris

Et kléngt verréckt mee datt ass et elo grad net. Fussball, dee Sport vun deem d‘Politik an d‘Mafia gläichermoosse behaapten, datt en d‘Welt zesummenhält an d‘Mënsche mat enaner verbanne géif, verbiergt traureg „Geforen“.

D‘Finall vun der Championsleague ass zu Lissabon (Portugal) ausgedroe ginn. Hei stoungen sech de franséische Club PSG (Paris-Saint-Germain) an den éiweg däitsche Meeschter, Bayern München géinteniwwer. Wéinst dem Coronavirus ass et net zum gewinnte „Public-Viewing“ komm, woubäi se zu Paräis 5.000 Leit erlaabt haten am „Parc des Princes“ d‘Iwwerdroung ze verfollegen.

Hei schéngt de „Fans“ manner ëm d‘Spill gaangen ze sinn. Am Ëmfeld vum Stadion huet déi ganz randaléiers scho wärend dem Spill ugefaangen. Well Dommheet ustiechend ass, d‘Inkubatiounszäit nëmme Minutte brauch, huet sech de ganze Misär och séier ausgebreet fir op de Champs-Elysées zu Zeenen ze féieren, déi engem esou aus „Giel Gileten“ Zäiten nach a schlechter Erënnerung sinn.

Hallefgebackener an och soss net wierklech Gescheiter hunn Autoen an Dreckskëschten a Brand gestach, d‘Fënstere vun de Geschäfter zertrëmmert an do wou se erakomm sinn, alles vandaliséiert. D‘Police, déi wéi et schéngt, sech net op esou eng „Schluecht“ agestallt hat – et sollt jo ee Fest vun der Frëndschaft an der Léift zum Fussball sinn – konnt deem Ganze laang nëmmen nokucken.

ChampionsleagueEréischt nodeems sech d‘Sécherheetskräfte gesammelt kruten, konnten si effizient géint dës traureg Gestalte virgoen. Mee einfach war och dat net. Dës „Fans“ déi jo alles fir de Fussball an hire Club géife maachen, jo wéi et schéngt bereet sinn „Léif a Séil“ ze afferen, hu sech der Police mat allem wat de Fan-Shop ze bidden huet entgéintgestallt: Feierwierkskierper, Fläschen a soss Gedrecks…

Op där anerer Säit, hu sech d‘Vertrieder vun der Staatsgewalt mat de Gadgeten aus hirem Arsenal, ze wiere gewosst. Tréinegasgranaten a Gummiskugele sinn agesat ginn, mee Rou huet et keng abruecht. Bis Mëtternuecht hat d‘Police 22 besonnesch gewaltbereet Toperte festgeholl, trotzdeem ass d‘Konfrontatioun bis déif an d‘Nuecht weidergefouert ginn. Am ganze goufen 83 Leit verhaft.

A jo… Bayern huet 1.0 gewonnen.

mat indymedia/par

Foto: Et hat nees ee groussen Asaz a vill Poliziste gebraucht, fir d‘Rou an de Stroosse vun der franséischer Haaptstad nees hierzestellen. © Préfecture de Police, Paris

Ähnlech Sujeten Championsleague, Gummikugelen, Paräis, Police, Tréinegas, Vandalismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel