Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zwee wéi Pech a Schwiefel: Orban empfänkt Salvini
Auto International post dating mot dating apps used in spain

best dating site for mid 30s

An dräi Woche sinn d‘EU-Wahlen, an den Interessi ass éischter

https://moien.lu/retired-military-online-dating/
Auto International post dating mot dating apps used in spain

Verbesserunge fir d’Leit aus dem Gemengesecteur!

D’Inneministesch Taina Bofferding huet sech mam SYVICOL, der FGFC an

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich
Auto International post dating mot dating apps used in spain

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich

Fir déi franséisch Riichter, déi den Optrag hunn iwwert d‘Gefuddels

surprise

2030: Paräis eng grouss Foussgängerzon?

2030: Paräis eng grouss Foussgängerzon?

De perséinlechen Auto, „dat ass net méi de Schema vun haut“, esou um Samschdeg d’Buergermeeschtech vu Paräis, d’Anne Hidalgo. D’Sozialistin huet op neits säi Wonsch zum Ausdrock bruecht, 2030 keng Autoe méi zu Paräis ze hunn.

„De Fait haut nach en Auto ze besëtzen, ganz eleng, dat war de Schema vun de gloriéisen 30er, dat ass net ei de Schema vun haut“, deklaréiert d’Buergermeeschtesch bei der Presentatioun vun der Hallefzäitbilanz am véierten Arrondissement.

Si erënnert drun, datt säit si Buergermeeschtesch vu Paräis ass (2014): „hate mir ni esou vill Deeg wou d’Loftverschmotzung iwwert dem Alarm-Niveau geleeën ass“. D’Anne Hidalgo huet och drop higewisen, datt ee gezwonge wier ze agéieren, dat schnell, och wann et komplizéiert ass.

Mat dëser Perspektiv um Dësch, huet si d’Objektiv vun de Gemeng widderholl, bis 2030 keng Bensin-Autoe méi an der franséischer Haaptstad wëllen ze hunn. „Dat ass d’Richtung déi mech interesséiert, déi ech voll ganz matdroen, déi am Gemengerot vu Paräis debattéiert a gestëmmt gëtt. Wann et eng Richtung ass déi mer wëllen, am Fréijoer 2018“ erkläert d’Buergermeeschtesch.

Eng Deklaratioun awer, déi net soll mat engem Verbuet gläichgestallt ginn. „D’Fro ze verbidden oder net ze verbidden, ergëtt kee Sënn. Haut gëtt en Zil festgeluecht“ insistéiert d’Anne Hidalgo.

Vläicht maachen d’Leit jo och mat

An si leet nach eng Schëpp drop: „Mir erreechen dat Zil keng Autoe méi zu Paräis ze hunn, op Bensin oder Diesel, vläicht virun 2030, well sech d’Gewunnechten, d’Hiersteller an d’Innovatioun Rendez-vous ginn hunn“. An och de Constat, datt nach just 10% vun den Awunner hiren Auto huele fir op d’Aarbecht ze kommen.

Bei dëser Reunioun déi ëffentlech war, huet d’Buergermeeschtesch, ëmgi vun hire Schäffen, an Erënnerung geruff datt „déi läscht dräi Joer besonnesch haart waren“, mat Referenz op d’Attentater vun 2015. „Joren déi eis wäerten zeechnen, individuell an kollektiv“.

Fir hiert Engagement ze ënnermaueren huet d’Anne Hidalgo dann och d’Zuele vun de Bilanz erausgeholl: „2001 gouf et zu Paräis 13% Sozialwunnengen. Mir stinn elo bei 22%. Dat nennt een eng volontaristesch Politik“. A si verséchert, datt „450.000 Mënschen a Sozialwunnenge liewen“.

Paräis soll méi propper ginn

Wat d’Propretéit vu Paräis betrëfft, esou huet de Schäffe Mao Peninou ënnerstrach, datt hien e Budget vun „enger hallwer Milliard Euro“ geréiert an datt „38 Milliounen Euro“ eleng fir Botzmaterial agesat ginn. „Mir hunn 260 nei Plaze geschaaft. Trotzdeem ass d’Situatioun net befriddegend“, gesteet sech de Schäffen an.

„Vum 1. Januar zum 30. September, sinn net manner wéi 68.000 Protokoller fir ‘Onziviliséiert’ behuele geschriwwe ginn“ preziséiert d’Colombe Brossel, Adjointe fir d’Sécherheet. Op der aner Säit geet et dem Tourismus nees besser. Den Adjoint Jean-François Martins betount: „Paräis huet déi beschten 8 Méint säit 10 Joer kannt“.

De Martins versprécht dann och, datt de Budget agehale gëtt, mat Bezuch op d’olympesch Spiller vun 2024. An hien erënnert drun, datt nëmmen zwee Site misste gebaut ginn. Zum Ofschloss huet d’Buergermeeschtesch nach d’Ëmrëss vun hirer „numerescher Schoul“ detailléiert. Eng Schoul déi 2018 hir Dieren opmécht an alle Kanner tëscht 12 an 18 soll opstoen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Anne Hidalgo, Auto, Frankräich, Paräis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel