Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou
International Neiegkeeten

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou

Nom schwéiere Feier vum 9. September am Parking Rousegäertchen, hat

80/80/90-Reegel: D’Taina Bofferding gëtt d’Bestätegung
International Neiegkeeten

80/80/90-Reegel: D’Taina Bofferding gëtt d’Bestätegung

D’Inneministesch Taina Bofferding huet wärend der Reunioun vun der zentraler

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer
International Neiegkeeten

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer

Gëschter huet S.E. d’Arlette Conzemius, Ambassadrice vu Lëtzebuerg zu Bréissel

Paräis: Trump a Putin gënnen sech eng Entrevue

Paräis: Trump a Putin gënnen sech eng Entrevue

Zanter Wochen hunn den Donald Trump an de Vladimir Putin d‘Spannung héich gehalen, op et zu Paräis, am Kader vum 100. Anniversaire vum Waffestëllstand vum 1. Weltkrich, zu enger Renconter géif kommen oder net. Si hunn sech getraff, awer net ënner véier Aen…

Et muss beduecht ginn, datt sech béid Natiounen net grad frëndschaftlech géinteniwwer stinn, an Entrevuen tëscht hiren Dirigenten éischter seele sinn. Do ass d‘Enquête iwwer d‘Amëschung an d‘Presidentewahle vun 2016, de Konflikt an der Ukrain, d‘Ënnerstëtzung vum syresche Regime, mee och d‘Sanktiounen, déi d‘USA de Russen operluecht hunn.

Ronderëm engem Menü (Homard, Gefligel a Gromperen), hunn den US-President an de russesche President, sech am Elysée laang iwwert international Themen ënnerhalen. Mat um Dësch derbäi: de franséische President, Emmanuel Macron, an den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres.

Frëndlech Atmosphär

Laut der franséischer Presidence, war et en oppent Gespréich. Béid Männer hätten iwwer „Jänni a Männi“ geschwat, ouni op déi Sujeten anzegoen, déi souwisou net zu Paräis geléist kënne ginn. De Vladimir Putin, esou bericht déi russesch Presseagence Ria Novosti, hätt d‘Diskussioun mam US-President als vu „gudder Qualitéit“ ëmschriwwen. Detailer huet et keng ginn.

Hirersäits huet d‘Spriecherin vum Milliardär, Sarah Sanders, de Medien erkläert, datt béid Männer „während dem Mëttegiesse ganz produktiv Diskussioune gefouert hunn“. Si haten heifir zwou Stonnen Zäit, hunn sech op englesch ënnerhalen, an déi global Situatioun beschwat.

Putin

Den Donald Trump hat am Kontext vun der Commemoratiounsfeier zum 100. Anniversaire vum Waffestëllstand, gewinnt vill Opmierksamkeet geschenkt kritt. © Zakaria Abdelkafi/AFP

De Vladimir Putin, mat der Hëllef vu sengem Interpret, huet sech – esou d‘Informatioun vun der franséischer Presidence – zur Lag am noen Osten (Syrien, Saudiarabien an Iran), mee och zur Situatioun mat Nordkorea geäussert. Themen déi och Europa abezéien, firwat sech och déi däitsch Bundeskanzlerin, Angela Merkel, punktuell an d‘Gespréich abruecht huet.

Esou e Gespréich, och wann et net an engem „bilaterale Kontext“ stattfënnt, ass net evident. „Mir hunn näischt virgesinn“ sot den US-President nach ee Mëttwoch. Hien hat domatter eng Informatioun aus dem Kreml dementéiert, deen en informellt Treffen an Aussiicht gestallt hat.

Ganz „manéierlech“

Laut dem Vladimir Putin, sollen déi franséisch Autoritéiten drëms gebieden hunn, datt de Programm zur Commemoratioun vum 100. Anniversaire vum Waffestëllstand, net duerch eng bilateral Renconter parasitéiert gëtt. Et wier weder d‘Plaz nach de gudden Zäitpunkt dofir.

„Mir hunn eis drop gëeenegt, net den Aarbechtsprogramm vun der franséischer Presidence fir d‘Commemoratiounsfeier ze perturbéieren. Et kënnt hei och net zu enger bilateraler Renconter, mee déi kann un Rand vum nächste G20-Sommet oder méi spéit stattfannen“, huet de Vladimir Putin e Sonndeg, kuerz virum Mëttegiessen, géintiwwer de Medien deklaréiert.

Um Sonndegmuere waren den Donald Trump an de Vladimir Putin, jidderee fir sech, bei den „Arc de Triomphe“ gefuer. De russesche President, deen als leschten ukomm ass, war spontan op de Milliardär zougaange fir dësem d‘Hand ze ginn, iert hien den Domm gehuewen a gelaacht huet.

Putin

Iwwer wat sech d‘Bundeskanzlerin, Angela Merkel, an de russesche President, Vladimir Putin, beim „Paräisser Forum fir de Fridden“ ënnerhalen hunn? © Yoan Valat/pool/AFP

Nom Mëttegiessen, huet de Vladimir Putin um Paräisser Forum fir de Fridden deelgeholl. Deen huet den Donald Trump, zu Gonschte vun engem Besuch um amerikanesche Kierfecht vu Suresnes (bei Paräis) ausfale gelooss. Hei huet de Locataire aus dem Wäissen Haus, de „couragéierten Amerikaner“ déi am grousse Krich hiert Liewe ginn hunn, en Hommage ausgeschwat.

Déi nächst Entrevue

Laut dem Dmitri Peskov, Spriecher vum Kreml, hu béid Presidenten sech drop gëeenegt, eng méi detailléiert Diskussioun, um Rand vum G20-Sommet – Enn November an Argentinien – ze féieren. Wéi eng Themen hei solle behandelt ginn, ass net gesot ginn.

D‘Efforte vum US-President, d‘Relatioun mat Russland nees ze verbesseren, sinn um Widderstand vum eegene Lager gescheitert. Dat engersäits, wéinst der federaler Enquête zu enger méiglecher Amëschung an d‘Presidentielle vun 2016, an anersäits, wéinst dem Verdacht vun der Kollusioun tëscht dem Wahlkampfteam vum Trump an dem Kreml.

Bei hirem „Sommet vun de beschte Frënn“ Zu Helsinki am Juli, ware béid Presidenten openaner duer gaangen. E Fait deen esou an Amerika net begréisst ginn ass, firwat den Donald Trump sech der Kritik: hir wier ze conciliant, ausgesat huet.

mat AFP

Foto: Den „Handshake“ tëscht dem Vladimir Putin an dem Donald Trump, kuerz virun der Commemoratiounsfeier beim „Arc de Triomphe“. Nom Festakt hunn sech béid Presidente bei engem informelle Mëttegiessen iwwert Jänni a Männi ënnerhalen. Zu bilaterale Gespréicher kann et méiglecherweis scho beim G20-Sommet am November ginn. © Ludovic Marin/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Donald Trump, Emmanuel Macron, Paräis, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel