Search

You may also like

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris
International Neiegkeeten

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

„Wéinst engem „Sécherheetslach“ goufe 50 Millioune Facebook-Konte piratéiert“, esou um

Onerkläerlech Explosioun um Waldhaff: d’Granat hat keen Zünder méi!
International Neiegkeeten

Onerkläerlech Explosioun um Waldhaff: d’Granat hat keen Zünder méi!

Nom explosiven Tëschefall am Munitiounslager vun der Lëtzebuerger Arméi um

surprise
Douane mat engem erfreeleche Bilan
International Neiegkeeten

Douane mat engem erfreeleche Bilan

Zolidd Saisien, streng Kontrollen am Beräich vum Stroossentransport an am

Covid19-Pandemie: Steet Paräis virum Lockdown?

D‘Infektiounszuelen an d‘Hospitalisatiounen huelen nees dramatesch zou an elo muss reagéiert ginn

Covid19-Pandemie: Steet Paräis virum Lockdown?

Et war ofzegesinn, datt d‘Autoritéiten den neien Infektiounszuelen zu Paräis misste Rechnung droe firwat et net verwonnert, datt d‘Regierung fir d‘Haaptstad déi „maximal Alarmstuf“ ausruffe wëll. Zu engem totale Lockdown sollt et méiglechst net méi kommen. Déi éischt Betraffe sinn awer op en Neits d‘Gastronomie an den Hebergement.

ParäisDe leschte Patt virum Lockdown? Déi dote Biller dierften engem an den nächste Wochen eppes friem virkommen. © Rhonda Garad

Aus dem Büro vum Premierminister Jean Castex koumen um Sonndeg keng gutt Nouvellen. Wéinst der dramatescher Zounam un neien Infektiounsfäll an Spideeler déi mëttlerweil scho Patienten un aner Haiser iwwerweise mussen, huet de Regierungschef déi héchste Warnstuf fir Paräis verhaangen an esou trieden elo nees verschäerfte Moossnamen a Kraaft. Dat suergt fir eppes Onrou…

Esou mussen elo d‘Bistroen an d‘Caféen an der franséischer Haaptstad an verschiddene Viruerter hir Diere verschléissen. D‘Restauranten dierfen nach Public empfänken, mee nëmmen nach ënner Anhale vu verschäerften Hygiènesreegelen. Dës Moossname sollen ab muer Dënschdeg fir elo emol 14 Deeg gülteg sinn. Mee et ass elo och net nëmmen den Horesca-Secteur dee sech Suerge mécht.

ParäisEt gëtt keng „fräi Nuecht“ méi am eigentleche Sënn, elo wou d‘Bistroen an d‘Caféen um 22 Auer mussen hir Dieren zou maachen. Am muer Dënschdeg sollen se ganz zoumaachen. Et ass enstpriechend roueg an der franséischer Haaptstad. © Claire Downey

De ganzen Detail betreffend déi ab dem 6. Oktober gülteg Reegelen, wëllen d‘Buergermeeschtesch Anne Hidalgo an de Paräisser Police-Präfekt Didier Lallement um haitege Méindeg de Bierger ënnerbreeden. Fir den Ament schéngt d‘Populatioun dat Ganzt nach mat enger gewësser Rou a mat Pragmatismus unzegoen. Dat wichtegst allerdéngs schéngt alle gemeng: Nëmme kee Lockdown.

Ouni Protest geet et och net

Am Kampf géint d‘Covid19-Pandemie, huet bis ewell déi maximal Alarmstuf nëmmen zu Marseille an op der Guadeloupe gegëllt. An der südfranséischer Hafestad hunn d‘Bistroen an d‘Caféë schonn d‘Diere mussen zoumaachen. Dogéint hat et dann och massiv Protester ginn, déi och deels vun de lokalen Autoritéite gestäipt goufen. Mee et huet alles näischt genotzt, Sécherheet huet Virrang.

ParäisAn allen Arrondissementer ginn Teststatiounen opgestallt. © A. Painter

Wat Paräis betrëfft, esou hat de Gesondheetsminister Olivier Véran schonn zäiteg drop higewisen, datt sech Lag an der Haaptstad, wéi och a verschiddene Viruerter, rapid verschlechtert an nëmmen d‘Andämme vun den Infektiounszuelen eng vëlleg Schléissung vum Horesca-Secteur verhënnere kann. De Weekend ass d‘Zuel vun den Neiinfektioune bei eisen Noperen op bal 17.000 geklommen.

Zanter Ufank vun der Pandemie, sinn am Frankräich ronn 32.000 Persounen un de Folge vun der Virusinfektioun verstuerwen. Domadder gehéiert d‘Land zu deenen am stäerkste vum Covid19 betraffene Länner bannent der europäescher Unioun. Et ass zur Stonn net dovunner auszegoen, datt d‘Evolutioun vun der Pandemie sollt en Afloss op eis Grenzen hunn. Mee et gëllt d‘Aen opzehalen.

mat indymedia/par

Foto: Wéinst erschreckend héijen Infektiounszuele mussen d‘Autoritéiten zu Paräis zu drastesche Moossname gräifen. Et geet elo an éischter Linn drëms ee Lockdown ze verhënneren. © Graphenes

Related topics Covid19, Covid19-Pandemie, Frankräich, Lockdown, Paräis
Next post Previous post