Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft
International Neiegkeeten

Saudescht Kinnekräich iwwerrascht Weltgemeinschaft

Déi saudesch Monarchie ass wéinst senger traureger Roll am Jemen,

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!
International Neiegkeeten

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!

Och dës Woch hu mer erëm vill schwéier Wierder erausgesicht.

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss
International Neiegkeeten

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss

Och zu Stroossen sinn d‘Gemengewahle „passé“ an laut dem Gemengegesetz

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech

E Freideg huet Teheran den Appell vu Paräis zréckgewisen, mat deem déi franséisch Regierung „erweidert Verhandlungen zur Notzung vun Atomenergie“ erreeche wëll.

Teheran hält et net fir ubruecht nei Verhandlungen opzehuelen, esou laang wéi d‘Signataire vum Nuklearofkommes hir Engagementer an dësem Dossier net anhalen. „Et gëtt keng Vertrauensbasis fir Verhandlungen, an et gëtt eng Rei ‚Froen‘ déi net verhandelbar sinn“, esou de Statement vum Bahram Ghasemi, Spriecher vum iraneschen Ausseministère, dee vun der Agence Tasnim zitéiert gëtt.

Frankräich hat en Donneschdeg Teheran drop higewisen, datt sech den Iran net erweiderte Verhandlungen entzéie kann, déi iwwert d‘Engagementer erausginn, déi am Nuklearofkommes vun 2015 enthale sinn. En Ofkommes, deem säin Zil et ass, ze verhënneren datt sech déi islamesch Republik eng Atomwaff zouleet.

Kann ee dem Iran Verhandlungen ofzwéngen?

„Den Iran kann sech de Verhandlungen zu dräi groussen Themen, déi eis beschäftegen, net méi entzéien“, esou de franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian. Hien huet hei notamment „d‘Zukunft vun den Engagementer vum Iran no 2025“ genannt. Et geet ëm de ballistesche Programm, an dem Iran sengen Engagementer an de Konflikter vun der Regioun.

Dobäi ass et eigentlech de Wëlle vun den Europäer, dorënner och Frankräich, d‘Nuklearofkommes vun 2015 ze retten, nodeems sech d‘USA eesäiteg aus dem Accord zréckgezunn hunn. Den Donald Trump hat argumentéiert datt den Accord ze permissiv wier. D‘Experte sinn sech allerdéngs eeneg, datt hei d‘Partenariat mat Saudiarabien, dem Äerzfeind vum Iran, an Israel, den eigentleche Grond ass.

Ouni Garantie kann Teheran net iwwerzeegt ginn

De Bahram Ghasemi huet e Freideg geäntwert, datt Europa fir unzefänke beweise misst, datt et amstand ass den Accord ze retten, nodeems d‘USA dëse gekënnegt hunn, an d‘Sanktioune géint den Iran nees agefouert hunn.

„Déi europäesch Autoritéiten hu bis ewell ëmmer nees hir Positioun widderholl, mee waren net an der Lag déi noutwenneg Garantie virzeleeën déi mir erwaarden, fir dësen internationalen Accord ze erhalen“, esou de Spriecher vum iraneschen Ausseministère. Laut him huet „dat iranescht Vollek keng aner Wiel, wéi hinne géinteniwwer mësstrauesch ze sinn“.

Paräis vertrëtt US-Interessen

Eigentlech sollt et esou sinn, datt Frankräich, zesumme mat der EU, Groussbritannien, Däitschland, Russland a China den Accord erhale wëll. Wann een elo der Ausso vum Ausseminister Jean-Yves Le Drian opmierksam nogelauschtert huet, esou muss ee feststellen, datt hien sech de „Suergen“ vum US-President uschléisst, an Teheran zu neie Verhandlungen zwénge wëll.

Zu Verhandlunge kann eventuell nach kommen, mee et schéngt ausgeschloss, datt un dësem Dësch och eng Plaz fir d‘Amerikaner virgesinn ass. Teheran huet widderholl drop higewisen, datt eng Entrevue mat den USA ausgeschloss ass. Et wier een och net gewëllt nei ze verhandelen. Teheran huet sech wuertgetrei un den Accord vun 2015 gehalen. En Accord deen dem Iran drastesch Kontrollen operluecht huet.

mat AFP

Foto: De franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian um informelle Meeting vun den europäeschen Ausseminister zu Wien. Hie schéngt beschloss ze hunn, sech der amerikanescher Positioun am Dossier „Iran“ unzeschléissen, a wëll Teheran zu neie Verhandlungen iwwert den Accord vun 2015 zwéngen. Problem: Teheran kann een zu näischt „zwéngen“. © Herbert Neubauer/APA/AFP

Ähnlech Sujeten Jean-Yves Le Drian, Nuklearofkommes, Paräis, Teheran, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel