Search

You may also like

Däitsch Grenzgänger zu Lëtzebuerg: Oppassen Télétravail!
International Neiegkeeten

Däitsch Grenzgänger zu Lëtzebuerg: Oppassen Télétravail!

De Finanzministère huet viru kuerzem bekannt ginn, datt een Ofkommes mat

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2
International Neiegkeeten

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2

[onionbuzz quiz-id=94][/onionbuzz] No de Wahle vum leschte Joer huet sech

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!
International Neiegkeeten

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Et ass richteg, datt den Handy hannert dem Steier zur

USA offizialiséieren Austrëtt aus Paräisser Klimaofkommes

USA offizialiséieren Austrëtt aus Paräisser Klimaofkommes

Nodeems den Donald Trump am Juni 2017 dëse Schratt ugekënnegt hat an dofir entspriechend vun der Weltcommunautéit kritiséiert gouf, huet Washington elo offiziell hir „Kënnegung“ vum Accord annoncéiert.

KlimaofkommesD‘Amerikaner hunn d‘UN informéiert datt si sech elo aus dem Paräisser Klimaofkommes zréckzéie wäerten. De „Pakt“ wier eng onfair Belaaschtung fir déi amerikanesch Wirtschaft, esou de Mike Pompeo an enger Stellungnam. Den US-Ausseminister huet bäigefüügt, datt d‘USA och weiderhi wëlle kooperéieren, fir d‘Widderstandskraaft géintiwwer den Auswierkunge vum Klimawandel ze stäerken.

Amerika setzt op Wuesstem bei gläichzäiteger Reduzéierung vun den Zäregasemissiounen. Fir dat hinzekréien, setzt Washington op en Energiemix an deem och fossil Energie wéi Kuel oder Pëtrol virkommen. Domatter ass d‘Marschrichtung virginn, an en Termin fir d‘Kënnegung huet sech d‘US-Regierung och scho gesat. A Kraaft getruede war dat Paräisser Klimaofkommes de 4. November 2016.

KlimaofkommesVirgesinn an dësem Accord war och, datt d‘Klimaofkommes dräi Joer a Kraaft muss sinn iert ee Staat dëse kënnegen dierf. Kënnegt e Staat, dann dauert et nach emol ee Joer bis den Austrëtt effektiv gëtt. Dat wier an dësem den 3. November 2020, also no der US-Presidentschaftswahl.

Verrot un der Zukunft

D‘Oppositioun hunn dëse „Schratt“ veruerteelt an nach emol drun erënnert, datt de Klimawandel déi existenziell Bedreeung vun eiser Zäit ass, d‘Gesondheet an Wuelergoe vun de Mënschen a Gefor bréngt. D‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, betount, datt den Donald Trump mat dëser Entscheedung d‘Zukunft vun den nächste Generatioune verréit.

Mam Paräisser Klimaofkommes haten sech d‘Staats- a Regierungscheffe sengerzäit d‘Zil gesat, d‘Äerderwiermung däitlech ënner 2°C am Verglach zur virindustrieller Zäit ze halen. Et sollt sech ugestrengt ginn d‘Äerderwiermung bei +1,5°C ze stoppen. Grondsätzlech Inhalter vum Accord si verbindlech, woubäi et keng Konsequenzen huet, wann ee sech net u seng Zousoen hält.

KlimaofkommesDe franséische President Emmanuel Macron huet d‘Entscheedung vun den Amerikaner bedauert a gemengt, datt mat dësem Schratt eng franséisch-chinesesch Kooperatioun nach méi Gewiicht kritt. Deen ass op Staatsbesuch zu Shanghai an et heescht, datt hie mam Xi Jinping scho muer eng Deklaratioun ënnerzeechne wäerten, an dem d‘Onëmkéierbarkeet vum Accord erkläert gëtt.

mat indymedia/nyc

Related topics Donald Trump, Klimawandel, Mike Pompeo, Paräisser Klimaofkommes, UNO, USA
Next post Previous post