Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du eis Naturparken?
when do damon and elena start dating

Wéi gutt kenns du eis Naturparken?

Ween eis Natur entdecke wëll, deem bidden sech zu Lëtzebuerg

infp dating advice
when do damon and elena start dating

pass dating

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie

Bedeelegt iech un de Gespréichsdëscher vun der ASTI
when do damon and elena start dating

Bedeelegt iech un de Gespréichsdëscher vun der ASTI

D‘ASTI invitéiert all interesséiert Persounen, sech un de Gespréichsdëscher a

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?

Falls net, gëtt et awer héich Zäit bis dohinner luussen ze goen. De Parc Merveilleux vu Beetebuerg erlaabt et engem, am Kader vun engem eenzege Besuch, direkt zwou Welte kennenzeléieren, déi an engem grousse Raum matenaner verknäppt sinn.

D‘Welt vun den Déieren engersäits, an d‘Welt vun den Dreem an den Abenteuer anersäits. Flott dorunner de gesamte Kader, deen déi ganz Famill, op jonk oder manner jonk, beschtens empfänkt. Elo ass et richteg, datt de fréiere „Mäerchepark“ och haut nach virun allem fir d‘Kanner eegent, mee stécht net an eis alleguerten e Kand, dat sech d‘Déiere vu 5 Kontinenter wëll ukucke goen?

Parc Merveilleux

D‘Geschicht vum Goldiesel huet eis et ugedoe gehat. © Luigi De Stephanis/moien.lu

An wéi ass et mat de Mäerchen, déi viru laanger laanger Zäit dem Parc de Numm ginn hunn? Ma déi sinn nach ëmmer aktuell, an op et ëm de gestiwwelte Kueder oder ëm d‘Routkäppche geet, et géif e sech wonneren, wéi jonk och dës Geschichte bliwwe sinn.

Nieft den Déieren an der Mäerecherswelt kann een un och Aktivitéiten deel huelen. Esou zum Beispill de Mini-Golf, oder déi flott Rennstreck mat sengen elektresche Gefierer. Et kann een et awer och virzéien an den Hütten säin eegent Abenteuer ze erliewen. Wéi ee gesäit ass un alles geduecht ginn, wat bei eise Butze gutt Laun suergt, an dovunner sollt ee profitéieren.

Se hunn un alles geduecht

Déi Erwuesse ginn natierlech net vergiess, a wien, nodeems en dat eent oder anert Mäerchen an Erënnerung geruff krut, eppes ziddereg an de Knéie ginn ass, dee ka sech an der Cafeteria oder dem Restaurant nees erhuelen. Wann et engem gutt gefall huet, a wann déi kleng sech gutt geschéckt hunn, kann ee jo nach iert en heem geet, e Bléck an de Souvenirsbuttek werfen

Parc Merveilleux

D‘Yasmina mam Quentin, an de Kanner Naomie an Nathan. Si ware schonn emol hei, an wäerte wuel och nach emol zréckkommen. D‘Präisleeschtungsverhältnes ass garantéiert net den eenzege Grond dofir. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Bei eisem kuerze Besuch, sinn eis d‘Yasmina a hire Mann de Quentin, mat de Kanner Naomie (2) an Nathan (6) iwwert de Wee gelaf. Si kommen hei vir aus der Belsch vu Vaux-sur-Sûre an et ass erkläerter weis net hiren éischte Besuch, a mat Sécherheet net hire leschten.

Virun zwee Joer waren se schonn emol luusse komm, well hinnen de Parc Merveilleux vun der Famill empfuele gouf. Si si géint 10 Auer ukomm, an hunn sech virgeholl den Dag hei ze verbréngen. Et soll e flotten Dag, mat de Frënn a vir d‘Kanner ginn. Iwwerhaapt sinn se vun der Offer begeeschtert. Eng Offer déi „ee sech leeschte kann“, well d‘Präisser Familljegerecht sinn.

Parc Merveilleux

Eng grouss Spillplaz wéi hei, luet an sech säin eegent Abenteuer ze gestalten. © Luigi De Stephanis/moien.lu

De Parc ass nach all Dag, bis den 8. Oktober vu mueres 9.30 bis owes 18.00 Auer op. Déi Grouss bezuelen 10 Euro Entrée, d‘Krapperte bis 14 Joer nach 6 Euro. Fir Leit mat spezifesche Besoine kascht et der 7 Euro. E Familljecarnet (fir 10 Leit) oder den Abonnement gëtt et fir 50 Euro.

mam Luigi De Stephanis/moien.lu

Foto: Wann de Parking virum Parc op engem Feierdag oder Sonndeg emol ze voll ass, et gëtt och eng Gratis Navetten, déi de Relais tëscht der Gar Beetebuerg an dem Parc maachen. Si zirkuléiere vun 13.15 bis 19.15 Auer, an dat all Véierelsstonn. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beetebuerg, Parc Merveilleux
Nächsten Artikel Virrechten Artikel