Search

You may also like

Och Wierder kënne wéidoen!
Kultur Neiegkeeten

Och Wierder kënne wéidoen!

Haislech Gewalt huet vill Gesiichter. Et ass net nëmme Gewalttätegkeet an

Oh yes,we have no bananas!
Kultur Neiegkeeten

Oh yes,we have no bananas!

Freides, 10. Januar 2020 | 20:00 ARTIKUSS – Zolwer E musikalesche

Editorial: Wa Populisten et besser maachen!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wa Populisten et besser maachen!

Wat si mir net iwwert se hiergefall. Mir hu se

PARITY EP-Release den 13. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik!

Support: Pleasing, Legacy of Atlas a Kitshickers

PARITY EP-Release den 13. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik!

Fir déi jonk Lëtzebuerger Band Parity ass et ee weidere Schrëtt zu eppes Groussem. Nodeems si ee Joer laang déi modern Metalzeen mat Optrëtter beräichert hunn, kënnen si elo houfreg déi éischt EP OCEAN presentéieren.

Zwee Joer ass et hir, datt déi 5 Museker sech vereent, an esou déi verschiddenst musikalesch Aflëss zesummebruecht hunn. D’Resultat, wat hire Stil ugeet, géifen si selwer als Modern Metal bezeechnen. Mat der EP OCEAN beweisen si duerch 4 Tracks, wat domat gemengt ass.

Ma, gedeelte Freed ass bekanntlech déi bescht Freed, an esou huet Parity sech e puer Kollege mat u Land gezunn, fir een eenzegaartegen Owend ze organiséieren. Ufänke wäert de Freideg Owend mat Pleasing, experimentellem Math-Rock, ier et da mat Legacy Of Atlas virugeet. Och si hunn 2019 ganzer 3 nei Singlen erausbruecht, op déi ee sech freeë kann. Weider Material vun de Metalcore-Museker wäert follegen. Zu gudder Lescht – awer net als leschten Act vum Owend versteet sech – kann ee sech Kitshickers notéieren, déi d’Fans an der Kulturfabrik mat hire Wierker einfach ewechhae wäerten!

Wéi, wat a wou?

D’EP-Release vu Parity, zesumme mat Pleasing, Legacy Of Atlas a Kitshickers, fënnt Freides, den 13. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik statt. D’Diere maachen um 19:00 Auer op. Tickete ginn et fir 10 €, respektiv fir 15 € mat der EP op der Plaz.

Related topics Concert, EP-Release, Kitshickers, Kulturfabrik, Legacy of Atlas, Math-Rock, Metal, Metalcore, Musék, Parity, Pleasing
Next post Previous post