Search

You may also like

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg
Neiegkeeten

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg

Den ëffentlechen Defizit huet sech an der EU iwwert déi

„Lifelong Learning“: Mat der Salariatskummer kee Problem
Neiegkeeten

„Lifelong Learning“: Mat der Salariatskummer kee Problem

Sech weiderbilden, e liewe laang, dat mécht net nëmme Sënn,

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi
Neiegkeeten

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi

Nodeems S.A.R. de Prënz Paul-Louis de Nassau seng Formatioun an

Parkingstariffer am Spidol: D‘ULC hëlt den Dialog op

Parkingstariffer am Spidol: D‘ULC hëlt den Dialog op

Am däregen Dossier ëm d‘Parkingstariffer am Spidol deet sech eppes. Dëser Deeg haten sech déi Verantwortlech vun de Robert Schumann Spidäler (HRS) mat Vertrieder vum Konsumenteschutz (ULC) begéint. Et wëll een no enger raisonnabeler Léisung sichen.

Ufank Februar hat d‘ULC, alertéiert duerch seng Memberen, déi erschreckend héich Parkingstariffer am Spidol a Fro gestallt. Mat Präisser vu bis zu 9 Euro fir dräi Stonne parken, oder 27 Euro fir e ganzen Dag, wier eng rout Linn iwwerschratt ginn. Elo koum et zur gefuerderter Entrevue.

Virun allem um Kierchbierg suergen dës Parkingstariffer fir Kappwéi

Et war d‘Geleeënheet, wou jiddereen seng Positioun am konstruktiven Dialog konnt virleeën. D‘HRS an d‘ULC si sech duerchaus bewosst, datt d‘Parkingssituatioun virun allem um Kierchbierg wäit dovunner ass, optimal ze sinn. Et sinn da virun allem d‘Patienten déi op eng Behandlung waarden, d‘Besicher an d‘Personal, deenen hei d‘Rechnung gemaach gëtt.

Béid Säiten, esou d‘ULC an hirem Communiqué, wieren sech awer eens doriwwer, dat een no Ausweeër a Léisunge muss sichen. Esou hätten déi Verantwortlech vun HRS versprach, datt een nach bis Enn Mäerz, no der Auswäertung vu verschiddenen Analysen, bereet wier der ULC entgéint ze kommen.

Esou kéinten d‘Tariffer zu den ënnerschiddlechen Dageszäiten an de Weekender nees no Ënnen ugepasst ginn. Och weider Moossnamen, wéi beispillsweis de „Kiss & Care“, stinn als Optioun am Raum. Zudeem war am Kontext vun der Entrevue, och drop higewise ginn, datt am Zesummenhang mat de Parkingsproblemer, et wéineg Reaktiounen aus den zoustännege Ministère ginn huet.

Bis konkret Moossname virleie wäert een elo eppes Gedold mussen hunn. Laut der ULC wëll ee sech dann awer nach emol zesummesetzen, an iwwert déi da virgeluechte Propose schwätzen. Et misst awer schonn eppes fir d‘Leit dobäi erauskommen.

Related topics HRS, Parkingstariffer, Spidol, ULC
Next post Previous post