Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?
Neiegkeeten Sport

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?

De Verkéiers- an Nohaltegkeetsminister huet gëschter drop higewisen, datt déi

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter

An den europäesche Länner steet de 25. Mäerz ganz am

dislike
US-Politik: Wann der zwee unenee geroden
Neiegkeeten Sport

US-Politik: Wann der zwee unenee geroden

Washington kënnt net zur Rou. Nodeems sech den Donald Trump

D’Welt ass eng Spillplaz – Loscht op Parkour?

D’Welt ass eng Spillplaz – Loscht op Parkour?

D’Kaizen Parkour Academy (KPA) luet an, fir eng spannend Erausfuerderung ze woen. Duerch gekonnt Beweegungen a Spréng, d’Iwwerwanne vu Grenzen an d’Meeschtere vun Hindernisser bréngt d’Sportaart Parkour Iech um schnellsten a beandrockendste Wee vun A no B. Elo kritt Dir d’Geleeënheet dës Disziplin an aller Sécherheet a mat erfuerenen Trainer auszeprobéieren!

Wéinst der immenser Nofro no Parkous huet sech eng Sektioun vum Réimecher Turnveräin „Cercle de Gymnastique Remich“ als eegen Organisatioun ënnert dem Numm Kaizen Parkous Academy zesummegestallt. Fënnef jonk, awer erfueren „Traceurs“ hu sech dozou entscheet, hiert Wëssen, wat si sech iwwert Joren un Training a Probéieren ugëeegent hunn, mat aneren ze deelen an d’Konscht vun der Fortbeweegung weiderzeginn.

Mëttlerweil besteet de Veräin aus dem Émilie Bleser, Mika Schaeffer, Carlo Glod, David Holbrechts, Yannick Lippert, Claudia Sagrillo, Marc Schaeffer, Coen Van Sprang und Olivier Gilson.

Parkour

© Kaizen Parkour Academy

Sief déi bescht Versioun vun dir!

Duerch Parkour léiert een, zu wat den eegene Kierper fäeg ass an datt ee seng Erwaardungen tatsächlech iwwertreffe kann. Et stécht méi dohannert, wéi just eng Sportaart: D’Ëmwelt gëtt anescht wouergeholl – wéi eng grouss Spillplaz, déi op besonnesch Aart a Weis entdeckt ka ginn.

Ob eleng oder am Grupp gi Balance, Geschécklechkeet, Kraaft a villes méi trainéiert. Ma, et gesäit een d’Welt och aus ganz anere Perspektiven.

Dat eenzegt wat een dofir braucht ass Motivatioun a Freed u der Beweegung. D’Ekipp suergt dofir, datt all Sportler a Sécherheet d’Technike bäibruecht kritt. D’KPA bitt dobäi Trainingen fir Kanner ab 8 Joer opwäerts un. No uewen hi gëtt et keng Altersbegrenzung, schliisslech kann ee souguer als eeler Persoun léieren, wéi een ouni Verletzungsgefor fale kann.

Parkour

© Kaizen Parkour Academy

Wou a wéini?

D’Course vun der Kaizen-Parkour-Akademie fänken an der éischter Septemberwoch 2020 un, sou fern et d’Hygiènesmesuren zouloossen. Fanne kann een d’Ekipp dann an der Sportshal vu Rëmerschen (29 Wäistrooss, 5440 Rëmerschen). E genauen Zäitplang an noutwenneg Informatioune ginn et op www.kaizenparkouracademy.lu an der Rubrik „Training“.

Parkour

Ähnlech Sujeten Balance, Erausfuerderung, Geschéck, Hindernisser, Kaizen Parkour Academy, Kraaft, Rëmerschen, Sécherheet, Spillplaz, Sport, Training
Nächsten Artikel Virrechten Artikel