Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Bettel a Macron mat ënnerschiddlech digitalen Usiichten
https://moien.lu/lifted-dating/

https://moien.lu/world-free-online-dating-sites/

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat schonn annoncéiert, datt Bréissel 2018

what to do when your best friend is dating a bad guy
https://moien.lu/lifted-dating/

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!

Radikal riets an en erkläerte Feind vun der Pressefräiheet, geet

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz
https://moien.lu/lifted-dating/

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz

Scho säit 1995 gëtt haut den Dag vun der Toleranz

D’Parkplaz Kris ass a Wierklechkeet eng Kris vum ëffentlechen Transport

Meenung

D’Parkplaz Kris ass a Wierklechkeet eng Kris vum ëffentlechen Transport

Bis virun d’Dier muss de mam Auto kommen. Direkt virum Geschäft parken oder virun denger Hausdier. Dat steigert deng Liewensqualitéit. Sou oder sou ähnlech ass et grad a ville Gemengen während dem Wahlkampf vun de verschiddenste Parteien ze héieren. A gläichzäiteg: Ze vill Busser verstoppen eis Stroossen. An ech kréien d’Gefill, mir wieren erëm an de 60er Jore gelant.

De Glawen, datt een duerch méi Parkplazen an de Stied d’Liewensqualitéit vun de Leit erop kritt, war fir mech schonn ëmmer ganz schwéier nozevollzéien. Domatter zitt een nëmme nach méi Kaméidi a seng Bannestad, wou een dach wëll, datt Leit liewen. Stännege Kaméidi, Ofgaser an Ähnleches fërderen dobäi absolut net d’Liewensqualitéit. Am Plaz dovunner sollt een dach op Park and Ride a Bus-Navette setzen, virun allem och bei groussen Evenementer.

Wann eis Busser gutt gefëllt wieren, wieren eis Stroossen e gutt Stéck mi eidel. Datt engem d’Busser negativ opfalen läit wuel och dorunner, datt se extrem gebündelt optauchen an deelweis eidel sinn. Mee et sinn ëmmer nach déi vill Autoen, déi am meeschten de Verkéier am Grëff hunn. Wa méi Leit géifen op den ëffentlechen Transport zeréck gräifen, wieren déi Autoe scho mol manner. An da si mer nach guer net op d’Douce Mobilitéit ze schwätze komm…

Déi kleng Stied am Groussherzogtum hunn alleguerten de Problem, datt se Problemer hunn, attraktiv ze sinn. Dat huet net eppes domatter ze dinn, datt een net direkt bei de Geschäfter parke kann. Et huet domatter eppes ze dinn, datt oft de Reiz besteet, sech iwwerhaapt dohinner ze bewegen. Absurditéite, wéi beispillsweis e Cactus, deen op Däiwel komm Raus Parkplazen virun der Dier wëll hunn, obwuel direkt hannert em e risege gratis Parking um Däich ass, sinn a bleiwe komplett onverständlech. Do muss en Ëmdenken an d’Käpp: Souwuel bei de Politiker vu gewësse Parteien, als och bei de Leit, déi mam Auto bei de Bäcker fueren, deen 100 Meter virun der Hausdier ass.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel