Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!
Neiegkeeten

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?
Neiegkeeten

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMADeen eppes anere Festival: „Nuecht vun de

Wéi gutt kenns du däi Land?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du däi Land?

Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee et kann een trotzdeem vill

Méi parlamentaresch Kontroll iwwert d‘Arméi

Wann déi gréng de Bilan vun hirer Verdeedegungspolitik virleeën ass d‘Matgefill gefuerdert

Méi parlamentaresch Kontroll iwwert d‘Arméi

Et sinn elo 13 Méint hir datt de François Bausch ënnert anerem och Krichsminister a Minister fir déi bannenzeg Sécherheet ass. Zwee politesch Portefeuillen déi net esou wierklech bei déi gréng passe wëllen, trotzdeem ganz am Aklang mat hire (neie) Partei-Prinzipien ze si schéngt.

Dat zumindest ass den Avis vun esouwuel de Parteipresidentin Djuna Bernard, wéi och der grénger Presidentin vun der Kommissioun vu bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung, Stéphanie Empain. Esou heescht et dann och, datt sech Verdeedegungspolitik net op militäresch Interventiounen dierf beschränken, mee d‘Arméi och soll agesat gi fir d‘Wäerter an de Multilateralismus ze verdeedegen.

Interessant gëtt et, wann se erklären, datt d‘Partei sech géif fir eng „gréng Verdeedegungspolitik“ asetzen, an hei awer eppes ganz anescht dorënner verstinn, wéi dat wat d‘Ausso ze leeschten amstand ass. Hei ass villméi de Gesetzprojet gemengt, deen den Asaz vun der Arméi am Kontext vun humanitäre Missiounen oder Missiounen zur Friddenserhalung zukünfteg bestëmme soll.

Bezitt ee sech op d‘Gesetz, sollt een éischter vun enger „demokratescher Verdeedegungspolitik“ schwätzen, vu datt hei virgesinn ass, d‘Parlament méi an den Decisiounsprozess anzebannen. Dat stäerkt d‘Kontroll vun der Chamber bei esou Asätz, déi bis ewell ganz eleng vun der Regierung beschloss oder verworf goufen. Et wäert allerdéngs den Entscheedungsprozess net beschleunegen.

Esou solle virun all Auslandsasaz fir unzefänken all déi zoustänneg Kommissioune consultéiert ginn a wann et sech dann och nach ëm eng „sensibel“ Missioun handelt, soll den Asaz um Krautmaart an enger Plenière debattéiert ginn. Zudeem muss dann de Krichsminister all 3 Méint an der Chamber de virleefege Bilan vun de lafende Missiounen an/oder Asätz presentéieren. Wann et hëlleft…

Parlamentaresch Arméi

Bei aller Noutwennegkeet eng Arméi ze ënnerhalen an déi och fir Friddensmissiounen am Ausland bereet ze stellen, hei gëtt ersiichtlech, datt déi gréng net nëmmen de Wandel hin zu enger liberal-wirtschaftlech ausgeriichter Partei hikritt huet, mee sech elo ganz kloer an erkennbar vu „Peace & Love“ getrennt hunn. Erschreckend hei d‘Rhetorik déi ugewannt gëtt fir et engem ze verkafen…

Esou hunn déi zwou Dammen un der Säit vum Minister fir humanistesch Krichsféierung nach emol ënnerstrach, datt hei ëm eng Politik geet, déi sech op d‘Sécherheet vun de Mënschen an d‘Ethik konzentréiert. D‘Stephanie Empain – dat wéineg Erfarung mat Krich huet an esou net weess, datt esou eppes ni fair a schonn emol guer net human stattfënnt – huet eng fundéiert Meenung dozou.

Si hält fest, datt déi fundamental Rechter ëmmer d‘Iwwerhand behale mussen an ee generell méi fir d‘Preventioun maache muss. Mat anere Wierder, et geet net duer sech dann anzesetze wann de Konflikt längst ausgebrach ass, firwat sech deen zivillen a militäresche Volet ergänze mussen. Mee militäresch Interventioune ginn esou natierlech och net ausgeschloss, mee dat ass d‘ultima Ratio…

Eng Konditioun déi awer zwéngend fir en Auslandsasaz vun der Lëtzebuerger Arméi muss erfëllt ginn, datt ass en internationaalt Mandat. Woubäi dëse vun der Europäescher Unioun, der NATO oder de Vereenten Natiounen (UNO) muss ausgestallt ginn. Esou Mandater kéinten sech erginn, wann sech deemnächst wéinst dem Klimawandel ëm Ressource gestridde wäert ginn.

Anescht ausgedréckt, et geet bei dësen Asätz och – wann net esouguer primär – ëm d‘Verdeedegung vun „eisen Interessen“. Laut de Vereenten Natiounen, wieren an Zukunft 40% vun de Konflikter dem Zougrëff op Ressource geschëlt, firwat eng Politik vun der Preventioun an der humanitärer Hëllef ëmmer sollt Virrang genéissen. Géifen se dat all maachen, kéint d‘Welt e Stéck besser sinn…

Illustratioun: © Brandi Ibrao / unsplash

Ähnlech Sujeten Arméi, déi gréng, Djuna Bernard, François Bausch, Stéphanie Empain, Verdeedegungsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel