Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen
https://moien.lu/dating-chicago-over-40/

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen

D’Doudesaffer hunn zu Lëtzebuerg en historesche Minimum erreecht: Et gouf

job dating caen
https://moien.lu/dating-chicago-over-40/

we dating too

Fir den Akt IX vun de giele Gileten, haten sech

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli
https://moien.lu/dating-chicago-over-40/

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Vill Tierken haten um Samschdeg déi gutt – oder manner

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“

Si sinn déi „klengsten“ Oppositiounspartei, an et ass d‘Wuertspill erlaabt ze behaapten, datt um Krautmaart den „David sech dem Goliath gestallt huet“. Zu zwee eleng géint 58 opzetrieden ass dann och keng „Freed“, besonnesch wa gewosst ass, datt se prinzipiell ignoréiert ginn.

Den David Wagner an de Marc Baum waren sech dees beim Iwwerhuele vum Mandat bewosst, datt et net géif einfach ginn. Zu zweet ass et einfach onméiglech an alle Kommissioune vertrueden ze sinn, an esou konnt ee sech dann och nëmmen op bestëmmte Sujeten an Theme konzentréieren. An d‘Prioritéiten déi si sech gesat hunn waren: Soziales, de Logement, d‘Aarbecht an d‘Ëmwelt.

Während der Legislaturperiod hunn si sech och mat transnationalen Themen ausenanergesat. Si hu beim CETA, dem TTIP an dem JEFTA eng kloer Positioun vertrueden. Dat wieren alles Accorden déi eenzeg den Zweck géifen erfëllen, déi sozial an ekonomesch Standarden ze ënnergruewen.

„Mir sinn d‘Stëmm vun der Zivilgesellschaft“

Fir den David Wagner war et am Kontext vum parlamentaresche Bilan wichteg ze betounen, datt ee wäit méi ass wéi dat wat ee gären emol als „Protestpartei“ bezeechent. Si hätten op mannst de Verdéngscht der Zivilgesellschaft an de Chamber eng Stëmm ginn ze hunn.

Méiglech war dat net zu gudder Lescht och, well déi lénk bei de Walen 2013 en zweet Mandat bäi kritt hunn. Si konnte géintiwwer der Vergaangenheet, wou si aus der Defensiv hu missen agéieren, dës Kéier wiesentlech méi Offensiv optrieden. An hei hunn si, wann och indirekt, Erfolleger virzeweisen: d‘Mindestlounerhéijung, eng sechst Woch Congé, oder den Accès zum Logement.

Elo ass et zwar net esou, datt een eng Motioun oder e Gesetzprojet duerchbruecht hätt, mee wann ee sech d‘Aussoe vu ville Minister unhéiert an de Wahlprogramm vun de Parteien ukuckt, muss ee feststellen, datt d‘Propose vun déi lénk opgegraff goufen, deels einfach iwwerholl ginn.

Schéin ass et, wann ee sech net schumme muss

Den David Wagner weist drop hin, datt si sech mat hiren dräi Gesetzpropositiounen net hannert den aneren Oppositiounsparteie verstoppe mussen. Deem kann een esou zoustëmmen, besonnesch wou gewosst ass, datt d‘CSV mat 23 Mandater der och kaum méi op d‘Rei kritt huet.

Elo muss gewosst sinn, datt vill Dossieren och immens vill Aarbecht duerstellen. Enger Aarbecht déi si sech net entzunn hunn, awer dofir net belount, mee einfach ignoréiert goufen. Dobäi kann een der déi lénk bescheinegen, datt si an der Chamber net op Quantitéit, mee op Qualitéit wäert geluecht hunn. Si ware koherent mam Programm, an eigentlech déi eenzeg Oppositioun um Krautmaart.

An de Marc Baum kann an dësem Kontext och nëmme feststellen, dat déi lenk als eenzeg an der Chamber géint Oprëschtung, Militärsatellit a Fräihandelsaccorde mobiliséiert hunn. Esou déi gréng, déi sech emol als Pazifiste presentéiert haten, wieren an dësen Dossieren ageknéckt.

Net nëmmen um Krautmaart aktiv

Wann engem an der Chamber nëmmen Hallefhäerzeg (wann iwwerhaapt) nogelauschtert gëtt, muss een de Message anescht an d‘Ëffentlechkeet bréngen. Si waren sech dann och net ze schued, entgéint anere Volleksvertrieder, sech mat hiren Iddien u ville Manifestatiounen ze bedeelegen.

Op et de Protest vun de Studenten, oder d‘Manifestatioune vun de Gewerkschaften (Fleegesecteur, Bausecteur, asw…) war, si hu Partei ergraff, an sech do solidaresch gewise wou et ubruecht war. Dat war gutt iwwerluecht, a bescheinegt der déi lénk, dat et gelongen ass déi ëffentlech Diskussioun ze beaflossen. De Beweis ass an de Wahlprogrammer vun deenen anere Parteien nozeliesen.

Wéi et bei de Chamberwahlen ausgeet ass natierlech net gewosst, woubäi déi „Grouss“ sech awer mussen an Uecht huelen. Villes vum deem fir dat déi lénk asteet, kënnt beim Bierger gutt un. Op deen dann awer gewëllt ass dat mat sengem Kräiz ze bestätegen?

Foto: (v.l.n.r.) Serge Urbany, Marc Baum, Carole Thoma, David Wagner, Justin Turpel. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bilan, Chamber, Chamberwahlen 2018, déi lénk, Krautmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel