What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn
Abraham Lincoln, John F. Kennedy, George Bush oder Donald Trump:
Abraham Lincoln, John F. Kennedy, George Bush oder Donald Trump:
A geléister a kollegialer Atmosphär, hunn sech gëschter um Krautmaart
Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am
Während d‘Koalitiounsregierung no de Stäre gräift, hunn sech déi lénk mat enger konstruktiver Oppositiounspolitik hir Plaz an der Chamber eruewert. Si konnten dann och ee, gemooss un hirer Gréisst, zefriddestellende Bilan virleeën.
Den Deputéierte Marc Baum weist drop hinn, wéi wichteg et senger Partei ass, eng kritesch Oppositioun ze sinn. Esou ass et hinne gelonge wichteg Debaten ze lancéieren. Debaten déi net nëmmen an der Chamber, mee och an der Gesellschaft gefouert musse ginn.
Déi lénk hunn sech wierksam abruecht: Beim Mindestloun, de „working poor“, der Reduktioun vun der Aarbechtszäit, dem Logement, der Finanzplaz, der Zukunft vun der EU, dem Fräihandel a villes méi. An dësem Sënn sinn si dann och net prinzipiell géint de Wuesstem, weisen awer drop hin, datt mat der aktueller Politik d‘Léit kee Notzen dovunner hunn.
Mat de politeschen Entscheedunge vun der Koalitiounsregierung, géif alt nees eng Minoritéit privilegiéiert an déi sozial Perspektiv ënnerschloe ginn. D‘Liewensqualitéit, d‘Ëmwelt an d‘Aarbechtskonditioune missten eng gréisser Bedeitung hunn. Déi Räich unzelackelen an Steierdumping fir grouss Entreprisë si fir d‘Bierger am Land kee Gewënn.
Datt d‘Koalitioun vun enger Austeritéitspolitik zu enger Investitiounspolitik iwwergaangen ass, begréisst de Marc Baum. Esou wier d‘Steierreform wuel am Usaz eng richteg Entscheedung, mee et géifen déi dovunner profitéieren, déi et net am néidegsten hätten.
Och huet déi lénk näischt géint ee geuerdente Wuesstem anzewennen, mee et géif sech erausstellen, datt deen aktuellen net gutt iwwerluecht wier. D‘Koalitioun wier deemno net amstand Schratt ze halen. Dat betrëfft besonnesch den Ausbau vun den Infrastrukturen an de Logement. Si konstatéieren, datt eng Verdrängung stattfënnt an de Besoin net erfëllt ka ginn. D‘Präisser vun de Wunnenge gi fir den duerchschnëttleche Salarié onbezuelbar.
De Chômage geet zréck, mee an den Ae vun déi lénk a Bezuch op déi gutt Konjunktur, vill ze lues. Dobäi wier et emol en Zil vun der LSAP gewiescht, nees a Richtung Vollbeschäftegung ze goen. U si riicht sech dann och de Virworf, datt et keng Kohärenz tëscht dem Wuesstem an dem Wuelstand zu Lëtzebuerg gëtt.
Sécherlech hätten d‘Gesetzer zu der Fleege- a Gesondheetsreform grondsätzlech Verbesserunge bruecht. Déi Gesetzer géifen awer dem Ofbau am Secteur net entgéintwierken, d‘Austeritéit wier nach ëmmer festgeschriwwen. D‘Regierung, och wann se beméit wier, bleift widderspréchlech bei den erziilte Resultater.
Ersiichtlech gëtt dat dann och beim progressive Gesetz, dat dem Laangzäit-Chômage sollt entgéint wierken. Och de Wiessel vum RMG zum REVIS: am Usaz gutt geduecht, bei der Ëmsetzung awer d‘Zil verpasst. Bei méi noer Betruechtung kommen déi lénk zum Schluss, datt een hei éischter bei der Bestrofung ukomm ass, wéi bei enger reeller Léisung vum Problem.
Zum Thema Verfassungsreform muss sech d‘Koalitioun dann och der Kritik stellen, e Stëllstand provozéiert ze hunn. Während sech déi gesellschaftlech Initiativ weiderentwéckelt, wier am Koalitiounslager eng konservativ Haltung entstanen. Do eleng der CSV d‘Schold zouzeschreiwen ass also net richteg.
Inakzeptabel fir déi lénk ass dann och d‘Auswäitung vum „Etat d‘Urgence“ déi als autoritär ugesi gëtt. Et beschränkt d‘Grondrechter an et ka bis zur Beschneidung vun der Meenungsfräiheet kommen. Och d‘Justifikatioun fir dës Moossnam wier net ersiichtlech an déi ugefouert Ursaache géifen enger Diskussioun net stallhalen.
Déi lénk hunn ugesicht hiren Uspréch vill vun de gesaten Ziler erreecht. Si ginn de Bierger an der Chamber eng Stëmm. Hunn de gesellschaftspolitesche Wëlle matgedroen a sech géint den CETA (Fräihandelsaccord mat Kanada) ausgeschwat. Si waren déi eenzeg, déi d‘Fuerderunge vun der Gewerkschaft am Gesondheetssecteur matgedroen hunn.
Si hunn och Virschléi a ville Beräicher gemaach, déi mëttlerweil och bei deenen anere Parteie gefale fannen. Fuerdere mat gudder Begrënnung vun der Regierung sech am Logement verstäerkt anzebréngen an hunn Léisungsvirschléi dësem eeschte Problem ze begéinen. Et féiert kee Wee derlaanscht, déi ëffentlech Hand muss Wunnenge bauen an nei Modeller promouvéieren.
Gedanken zu enger Koalitioun mussen sech déi lénk am Moment nach keng maachen. D‘Konditiounen heifir ginn net erfëllt an eigentlech ginn se och dovunner aus, datt bei de nächste Chamberwahlen eng grouss Koalitioun (LSAP/CSV) sollt erauskommen. Si wäerten sech also weider fir eng sozial a gerecht Gesellschaft asetzen a konstruktiv a kritesch d‘Aarbecht vun der Regierung an der Chamber begleeden.
Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu