Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Woch fir Sträichinstrumenter
Neiegkeeten

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Eng ganz Woch laang stinn d‘Sträichinstrumenter am Conservatoire vun der

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen
Neiegkeeten

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen

Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net

Europa ass e Gedicht!
Neiegkeeten

Europa ass e Gedicht!

Eng entflaamt a mat Witz gewierzte „Poetry-Performance“ fir Europa presentéieren

Parlamentaresche Bilan DP: „Mir wëllen an der Verantwortung bleiwen“

Parlamentaresche Bilan DP: „Mir wëllen an der Verantwortung bleiwen“

„Et ass keen definitive Bilan, well mir wëllen och an der nächster Regierung Verantwortung iwwerhuelen“, esou den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger, bei der Virstellung vum parlamentaresche Bilan, deen d‘Parteien zum Enn vun enger Chambersessioun virleeën.

An hei gëtt – wéi bei allen aneren och – de Bléck net op déi lescht 12 Méint zougewennt, mee sech och déi gesamte Legislaturperiod bezunn. Den Eugène Berger stellt zefridde fest, datt et an der Geschicht vun der Partei déi zweete Kéier ass, datt een de Premierminister gestallt huet, an och dat op e neits am Kontext vun enger Kris, déi anerer ze veräntwerten hunn.

De Gaston Thorn hat 1974 och d‘Verantwortung „aus der Kris eraus“ iwwerholl, an d‘Land nees op Erfollegkurs bruecht. Och dës Koalitiounsregierung ass, aus enger vun der CSV provozéierter Kris entstanen. Et war een dann och motivéiert ze beweisen, datt een et besser kann. D‘Fraktioun hätt sech vun Ufank un mat vill Elan a Motivatioun den Erausfuerderunge gestallt.

Wat dobäi erauskomm ass, huet den DP-Fraktiounspresident mat vill Begeeschterung erläutert. Villes wier beweegt, d‘Land nees no vir bruecht ginn. Wat versprach ginn ass hätt een agehalen. Besonnesch déi finanziell Situatioun hätt e verbessert, ouni dat bei den Investissementer gespuert gi wier. Bei engem Rekordinvestissement vu ronn 10 Milliarden Euro, net falsch…

Gefillt 600 nei Gesetzer duerchgesat

Et ass dann och richteg, datt vill Dossieren – aler a neier – ugepaakt gi sinn. Dossieren déi net ëmmer Eestëmmegkeet bei de Bierger ervirgeruff, Entscheedungen déi Courage gefuerdert, a Reformen déi fir vill Leit am Land Verbesserunge bruecht hunn. Esou beispillsweis d‘Trennung vu Kierch a Staat, d‘Steierreform oder d‘Reform vun der Police an de Rettungsdéngschter.

Iwwerhaapt misst een dëser Koalitiounsregierung gutt halen, sech net duerch Kritik vun de gesaten Objektiver oflenke gelooss ze hunn. Et sollt een dann och net nëmmen d‘Zuel vun den Dossiere berécksiichtegen, mee dat wat se Opweises hunn. Esou d‘Steierreform, déi bei deenen ukomm ass, fir déi se gemaach gouf. Och wann d‘DP, sech hei weider fir eng Individualiséierung asetze wëll.

D‘Leit hu méi vum Brutto, also méi Kafkraaft. Mee Kafkraaft eleng mécht d‘Bëtschel net fett, méi „Zäit“ sollt de Mënsch och hunn. Dofir stinn d‘Verännerunge beim Elterecongé, an déi gratis Kannerbetreiung (20 Stonnen/Woch). Mat der Familljepolitik hätt dës Regierung richteg geleeën, wat och aus diverse Sondagen ervirgeet.

Et ass nach villes ze dinn

Wann also villes zum beschte konnte gedréit ginn, esou géif nach ee puer Schantjen déi ee wéilt engem gudden Enn zouféieren. Et hätt een eng gutt Leeschtung virzeweisen, an et hätt ee bewisen, datt een, och an enger Koalitioun zu Drëtt, d‘Interesse vun der Bevëlkerung berécksiichtege kann, ouni dofir déi eegen Ideologie ze afferen.

D‘DP gëtt dann och selbstbewosst an d‘Summervakanz, aus där se gutt Virbereet an d‘Campagne fir d‘Chamberwahle wäert erauskommen. A wann d‘Wieler d‘Leeschtung vun dëser Regierung och als Erfolleg betruechten, da misst et sech opgoen. Déi demokratesch Partei ass jiddefalls virbereet a géif gäre mat der selwechter Motivatioun, och der nächster Regierung Verantwortung iwwerhuelen.

Foto: Déi Demokratesch Partei huet vill Opweises a ka mat vill Selbstvertrauen op d‘Campagne fir d‘Chamberwahlen duergoen. Wéi Verantwortung geet, hunn se schonn emol bewisen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bilan, Chamber, Chamberwahlen 2018, DP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel