Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!
after 2 months of dating

70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!

Zum 70 Gebuertsdag vun der NATO huet d’Friddens a Solidaritéitsplattform

https://moien.lu/krystal-walter-matchmaking-edmonton-ab/
after 2 months of dating

hookup culture topics

De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg,

Facebook am Fokus vun der irescher Dateschutzkomissioun
after 2 months of dating

Facebook am Fokus vun der irescher Dateschutzkomissioun

Irland huet e Freideg annoncéiert eng Enquête ageleet ze hunn,

Parlamentaresche Bilan LSAP: „Gutt geschafft!“

Parlamentaresche Bilan LSAP: „Gutt geschafft!“

Bei der Virstellung vum parlamentaresche Bilan, konnt sech den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry, op den insgesamt positive Bilan vun der Koalitiounsregierung beruffen. E Constat den dann awer net verhënnert, datt ee sech fir d‘Chamberwahlen als „Eenzelkämpfer“ opstellt.

Et léisst ee sech dann och net vun der Kritik géintiwwer der Koalitiounsregierung beandrocken. Et kann een et eben net jidderengem gerecht maachen, woubäi villes vun de virechte Regierung verschleeft ginn ass, wat och zu net esou populäre Gesetzer a Reforme gefouert huet. D‘Tatsaache géifen zu gudder Lescht der Koalitioun dann awer Recht ginn.

Den Alex Bodry weist drop hin, datt keng Regierung virun dëser, esouvill Aarbecht erleedegt hätt, an et zudeem gelongen ass, de Staatshaushalt nees eenegermoossen an den Equiliber ze bréngen. An dat esou gutt geschafft ginn ass, hätt och vill mam Engagement vun der LSAP-Fraktioun an sengem parlamentareschen Team ze dinn. Et ass een bei der LSAP houfreg op déi geleeschten Aarbecht.

Eng rekordverdächteg Legislaturperiod

Et si ronn 600 Gesetzer um Krautmaart gestëmmt ginn, wat, esou den LSAP-Fraktiounspresident, en absolute Rekord wier. Am Verglach: während de leschte Legislaturperioden, sinn am Schnëtt tëscht 450 a 500 Gesetzer an der Chamber behandelt ginn. Hei kann een dann och nach festhalen, datt déi grouss Majoritéit vun de Gesetzer, vun der Oppositioun matgedroe gi sinn.

A wann déi da behaapt, datt een eréischt „spéit erwächt“ wier, da kann een dergéint halen, datt obwuel d‘Zil dat ee sech Koalitioun gesat hat – also d‘Objektiver déi am Koalitiounsaccord fixéiert goufen anzehalen – een fir unzefänken emol dat wat déi virecht Regierung ugefaangen hat, och huet missen zu engem gudden Ofschloss bréngen.

Berécksiichtegt een dann nach, datt d‘Regierung och missen op d‘Aktualitéit reagéieren, misst et jidderengem aliichten, datt keen Zäit hat sech ze langweilen. A wouriwwer ass net alles legiferéiert ginn? Trennung vu Kierch a Staat, d‘Reform vun der Police an de Rettungsdéngschter, de REVIS, e sëllechen Infrastrukturprojeten a villes méi. Esouguer op d‘Zukunft wier sech virbereet ginn…

Wéineg konstruktiv Oppositiounspolitik

Den Alex Bodry kann sech och nëmme wonneren, datt et Stëmme ginn huet, déi der Regierung ënnerstellen, datt „déi liddereg owes wibbeleg géife ginn“, woumatter op eng verlängert Sessioun an Chamber higewise wëll ginn. Hien erënnert da kuerz drun, datt iert d‘Chamberwahlen an den Oktober verluecht gi sinn, um Krautmaart reegelméisseg bis Enn Juli siegéiert ginn ass.

Esou ass net ausgeschloss, datt et och am September nach zu Chamberssëtzunge komme kann. Et wier nach muenches ze erleedegen: d‘Vermummungsgesetz, d‘Geschlechtsbestëmmung um État Civil…

Verwonnert war ee bei de Sozialisten, datt et säitens der Oppositioun nach ni esou wéineg „Kontra“ ginn huet. Als gréissten Oppositiounspartei hätt d‘CSV esou mann Gesetzprojeten agereecht wéi nach ni an hirer Geschicht. Si wieren zudeem och déi Partei, déi hire „Programm“ als lescht wäert virstellen, well, esou den Alex Bodry, d‘CSV den Doute wëll erhalen.

Dat géif d‘LSAP anescht maachen. De Programm steet a gëtt ëffentlech diskutéiert, firwat een dann och zouversiichtlech ass, gestäerkt aus de Chamberwahle vum Oktober ervirzegoen. Op a mat wiem no der Wal eng Koalitioun méiglech ass, kann dann och eréischt entscheet ginn, wann d‘Resultater virleien. Woumatter eigentlech erkläert gëtt, datt ee sech all Optioun offe léisst.

Foto. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alex Bodry, Bilan, Chamberwahlen 2018, Legislaturperiod, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel