Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President
https://moien.lu/dating-seiten-test/

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President

Um Samschdeg haten déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg (JSL) zu Esch-Uelzecht

internet dating sydney
https://moien.lu/dating-seiten-test/

Vide Commode & Aperobe – e Freideg an der Kulturfabrik!

Um Freideg, den 30. August invitéiert d’Escher Kulturfabrik op déi

Pipo Peng: Domm Elteren
https://moien.lu/dating-seiten-test/

Pipo Peng: Domm Elteren

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech

Wéi de Freideg d‘ADR hire parlamentaresche Bilan virgeluecht huet, ass si net nëmmen op déi gutt Aarbecht vun hiren dräi Deputéierten an de parlamentaresche Mataarbechter agaangen. Nee hei ass de Fanger an esou munch Wonn geluecht ginn, déi d‘Regierung opgerappt huet.

De Gast Gibéryen huet a senger Ried fir unzefänken drop higewisen, datt dëse Bilan am Géigesaz zu de Jore virdrun, en anert Gewiicht hätt, well et hei drëms geet eng ganz Legislaturperiod ze bewäerten. Wat déi eegen Aarbecht um Krautmaart betrëfft, esou dierft ee Parteiintern zefridden zréckblécken.

Alles an allem hunn déi dräi ADR-Deputéiert 475 parlamentaresch Froen abruecht, 31 Motiounen deposéiert an am ganzen 10 Gesetzprojeten agereecht – an dat ass ee méi wéi d‘CSV – déi sech mat ganz ënnerschiddlech Sujeten ausenanergesat hunn.

Vir der e puer an Erënnerung ze ruffen: d‘Grondschoul, den Tram, den Déiereschutz, d‘Arméi, d‘Patienteverfügung, d‘Fleegeversécherung an d‘Lëtzebuerger Sprooch waren a si wichteg Themen déi vun der ADR behandelt goufen. An un Interpellatiounen huet et der ADR och net gefeelt.

Zefridde war de Gast Gibéryen op e neits mam Referendum vun 2015. Den ADR wier decidéiert mat engem dräifachen „Nee“ an d‘Campagne fir de Referendum gaangen, an hätt Opklärung bedriwwen. Wier d‘Campagne eppes méi laang gelaf, hätt den „Nee“ nach besser ofgeschnidden.

Wourëms et am Wahlkampf ka goen…

Fir d‘ADR dierft zu den Haaptthemen am Wahlkampf, d‘Wuesstemsdebatt gehéieren. D‘ADR hätt heizou an der Chamber eng Interpellatioun gemaach, a kënne feststellen, dat esouwuel déi lénk, wéi och d‘CSV (als gréissten Oppositiounspartei), dës matgedroen hunn.

De Gast Gibéryen huet sech dann eng Freed dorausser gemaach, dorunner ze erënneren, dat et do emol eng Partei ginn huet, déi dem fréiere Minister fir Transport an ëffentlech Bauten, Robert Goebbels (LSAP), ee gëllene Bagger iwwerreecht hunn, well dësen d‘Land zoubetonéiert hätt.

Ma d‘ADR ass der Meenung datt, wéilt een dat widderhuelen, een dem Nohaltegkeetsminister François Bausch (déi gréng) mindestens eng Platin-Versioun sollt zoukomme loossen. Kee Minister virun him, hätt Lëtzebuerg esou massiv versigelt. An et wier hei och nach keen Enn a Siicht, woubäi net eleng den Tram gemengt ass.

Sécher gestallt ass dann och, datt fir d‘ADR déi Lëtzebuerger Sprooch, fir déi si sech systematesch asetzt, zum Thema am Wahlkampf gëtt. D‘Regierung hätt sech elo en 20 Joresplang ginn, hätt awer dofir beim Nationalitéitegesetz versot. Bedauert gëtt hei, datt hei CSV deem zougestëmmt huet, an d‘Ufuerderungen un d‘Sprooch no ënne revidéiert goufen.

E Wuert zu de Staatsfinanzen

Wouriwwer een net erfreet ass, kann ee sech awer lëschteg maachen, muss sech de Gast Gibéryen geduecht hunn, wei hien d‘Behaaptung vum DP-Generalsekretär aus enger Dageszeitung zitéiert huet. Laut dem Claude Lamberty hätt d‘Koalitiounsregierung e gesonde Staatshaushalt virzeweisen.

D‘Realitéit awer wier eng aner, an entgéint der Feststellung vum Claude Lamberty, hätt ee keen Iwwerschoss vun 1,3 Milliarde generéiert, mee en zolitten Defizit an héicht vun 292 Milliounen Euro erwirtschaft. Et soll dann och schonn anere passéiert sinn, dat en Emprunt an enger politescher Ausso net konnt berécksiichtegt ginn.

Hei hätt dem DP-Deputéierten awer gutt zu Gesiicht gestanen, wann hien de Communiqué vum Finanzminister Pierre Gramegna (DP) vum 22. Juni ganz gelies hätt. An dësem war alles ganz detailléiert néiergeschriwwe ginn.

Am Kontext vu „Rekordwuesstem“, TVA-Erhéijung a Spuerprogramm, huet d‘Regierung fir 2018 en Defizit vu enger Milliard virgesinn, an zu Bréissel en Defizit an Héicht vu 587 Milliounen ugemellt. Wou do d‘Konten am Equiliber sinn, dat kann ee sech beim ADR och mam beschte Wëllen net erklären.

Owes ginn déi liddereg fläisseg

D‘ADR stellt dann och nach amuséiert fest, datt d‘Gambia-Regierung sech domatter bretzt, vill ëmgesat ze hunn, de Retard vun de virechte Regierung opgeholl hätt. Richteg wier villméi, datt an den éischte Jore vun der Legislaturperiod séier wéineg geschitt ass.

Wéi anescht kéint sech erkläre loossen, datt elo, wou een eigentlech virun der Vakanzenzäit steet, zousätzlech Seancen an der Chamber mussen ofgehale ginn, fir nach eng ganz Rei Gesetzer duerchgesat ze kréien. Hätt d‘Regierung esou geschafft wéi se dat vu sech behaapt, wier e bäi.

Mat dësem Aktionismus, esou de Gast Gibéryen, géif nëmmen de Versuch ënnerholl ginn, de Leit Wäiss ze maachen, et géif ee gutt schaffen. Dat wier eng erstaunlech Strategie, déi op der Hoffnung berout, datt de Wieler en drolegt Wiese mat kuerzem Verhalt ass.

Datt dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) no engem Mandat vun 10 Joer a virun enger Chamberwahl opfält, datt een de Mindestloun ëm 10% misst hiewen, ka verwonneren. Dat gëllt och fir de gratis ëffentlechen Transport, deen als Fuerderung bei der ADR scho laang am Wahlprogramm steet.

Koalitiounsgedanken

Datt d‘ADR de Wëllen huet a sech gutt opgestallt fillt, fir endlech Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen, ass gewosst. Eng Koalitioun kéint een awer nëmmen dann agoen, wann och de Programm stëmmt. Et géif mat der CSV vill Iwwerschneidungen a Gemeinsamkeeten.

Elo verhält et sech dann awer esou, datt d‘CSV, wann een dann den Äusserunge vum Viviane Reding Gehéier schenkt, vu vireran eng Koalitioun mat der ADR ausgeschloss wier. Dobäi wier déi fréier EU-Kommissärin eng vun de Mamme vun der Partei. Si hätt ëmmerhin an der éischter Rei gestane, wéi d‘ADR (deemools nach 5/6 Partei) gegrënnt ginn ass.

Zudeem, wann een d‘Viviane Reding emol bausse vir léisst, sollt een sech och an enger CSV doriwwer am klore sinn, datt wann een déi eege Wënsch a Versprieche fir d‘Bierger och wierklech wëll ëmsetzen, datt nëmme mat enger ADR realistesch ass. Ëmmerhi géif een déi selwecht politesch Linn vertrieden.

Mee iert et kann zu Koalitiounsverhandlunge kommen, muss gewielt ginn. An d‘ADR rechent sech bei dësem Wahlkampf gutt Chancen aus. E gudden, op d‘Bedierfnesser vum Land zougeschniddene Programm, eng jonk dynamesch Equipe déi op d‘Erfarung vun den eelere Kandidate baue kann, dat ass d‘Rezept fir den Erfolleg, esou zumindest gesäit et d‘ADR.

Foto: D‘ADR ass mat der geleeschter Aarbecht während de leschte fënnef Joer zefridden. De Koalitiounsregierung kann se dann allerdéngs keng gutt Zensur ausstellen. Als Koalitiounspartner vun der CSV wier ee bereet Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, Bilan, Chamberwahlen 2018, Gambia, Legislaturperiod
Nächsten Artikel Virrechten Artikel