Search

You may also like

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden

Et muss senger Natur geschëlt sinn, datt de Patrick Dury,

OFGESOT: „E Laf fir d’Natur 2020“
International Neiegkeeten

OFGESOT: „E Laf fir d’Natur 2020“

Dësen Evenement gouf duerch d’Covid-19-Pandemie ofgesot! D’Evenement E Laf fir

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer
International Neiegkeeten

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer

Endlech mol positiv Noriichten aus dem Haus vum Gezwitscher! Twitter

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop

Nodeems de Komiker Wolodymyr Selenski am Abrëll d‘Presidentschaftswahle gewonnen hat, ass sech gefrot ginn, wéi hien ouni den Zousproch vum Parlament soll regéiere kënnen. Dës Fro wier duerch den Ausgang vun de Parlamentswahlen, bei deenen seng Partei „Sluha narodu“ (Serviteur vum Vollek) no éischten Auszielunge mat 43,9% vun de Stëmme kreditéiert gëtt, beäntwert.

Elo muss een dës Zuelen eppes relativiséiere well nach net 100% vun de Stëmmziedel ausgewäert goufen, mee et schéngt geséchert, datt dem Selenski seng Partei als stäerkste politesch Kraaft aus dëse Parlamentswahle wäert erausgoen. Domatter kann dat „politescht Experiment“ en zolidd Fundament erhalen an de President Wolodymyr Selenski sollt säi Programm kënnen ëmsetzen.

UkrainSeng Prioritéiten: 1. De Konflikt an der Ostukrain bäileeën; 2. D‘Zaldoten déi a Gefaangenschaft sinn zréckhuelen; 3. Der Korruptioun e Reedel virleeën. Domadder konnt de Selenski mat Sluha narodu seng Landsleit iwwerzeegen, déi besser Wiel fir d‘Land ze sinn. Woubäi ze bedaueren ass, datt d‘Wahlbedeelegung mat knapp 50% den demokratesche Prozess an der Ukrain a Fro stellt…

Wéi sech d‘Géigner geschloen hunn

Interessant un dësem Wahlausgang ass de Fait, datt déi russlandfrëndlech Oppositiounsplattform „Fir d‘Liewen“ (Опозиційна платформа) vum Yuriy Boyko, sech déi zweet Plaz bei dëse Parlamentswahle séchere konnt an esou virun der Partei „Europäesch Solidaritéit“ (Європейська солідарність) vum fréiere President Petro Porochenko läit. Dat ass eng kleng Iwweerraschung.

Dem Julija Tymoschenko seng Partei „Heemecht“ (Batkiwschtschyna) besetzt déi véiert Plaz, an dem ukrainesche Rocksänger Swiatoslaw Wakartschuk seng Partei Holos (Stëmm), kënnt op déi fënneft Plaz. Domadder hu fënnef vun den 22 Parteien déi sech un der Wahl bedeelegt hunn, de Sprong an d‘Parlament geschafft. De Selensky huet Koalitiounsgespréicher mat Holos annoncéiert.

UkrainElo also, nodeems de Wolodymyr Selenski während zwee Méint wéineg duerchsetze konnt, an hie Neiwahlen ausgeruff hat, schéngt hien eng Liewensfäeg Koalitioun opstellen ze kënnen. Dat wier dréngend néideg, well d‘Bierger erwaarden sech Reformen, an dat méiglechst kuerzfristeg. Et ass dann och verständlech, datt sech de President ee Wirtschaftsexpert als Regierungschef wënscht.

mat indymedia/mow

Foto: © Kyle Parker

Related topics Parlamentswahlen, Ukrain, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post