Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Arméi am Afghanistan muss besser opgestallt ginn
International Neiegkeeten

Arméi am Afghanistan muss besser opgestallt ginn

Nodeems den US-President ugekënnegt huet d‘Zuel vun den US-Zaldoten am

Een Architekt fir d’Lëtzebuerger Bio-Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Een Architekt fir d’Lëtzebuerger Bio-Landwirtschaft

Eise Bezuch zu Liewensmëttel an zur Ëmwelt muss sech änneren.

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis
International Neiegkeeten

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis

Am Interview mat der ARD, huet den däitsche Gesondheetsminister Jens

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?

Fir de Ministerpresident Benjamin „Bibi“ Netanyahu steet déi politesch Carrière um Spill

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?

Wann den nationalkonservative Premier vun Israel am Wahlkampf ass, kann Näischt hie bremsen. Campagne maachen, dat beherrscht de Benjamin Netanyahu wéi kaum en aneren. Säit zéng Joer huet hien sech esou un der Muecht gehalen, e Rekord…

Bei dëse Parlamentswahlen awer kéint seng Carrière a Fro gestallt ginn. Géint de „Bibi“ – wéi de Premier am eegene Land vu senge Fans genannt gëtt – leeft eng Ermëttlung wéinst Korruptioun an de Procureur huet ugekënnegt de Benjamin Netanyahu wéinst: Bestiechlechkeet, Verontreiung a Bedruch ukloen ze wëllen. Kéim et dozou, wier dem 69 järegen seng politesch Carrière um Enn.

Fir et net esouwäit kommen ze loossen, huet de „Bibi“ déif an de nationalistesche Kreesser gefëscht an de Siidler wéi den ultrareliéise Wieler eng Rei „Zougeständnesser“ gemaach. Esou d‘Annonce am Fall datt hien nach eng Kéier gewielt géif ginn, d‘Jordandall ze annektéieren. Dat kënnt bei de Nationalkonservative gutt un a séchert him d‘Ënnerstëtzung vun enger vernetzter Communautéit.

Seelschaften

E weidere Punkt: den israelesche Premier stellt gären als de Mann „mat de beschten internationale Kontakter“ duer. Op Wahlplakater ass hien dann och ëmmer nees zesumme mam Donald Trump ze gesinn. Datt den Amerikaner och eng Allianz mat Saudiarabien, déi och net wierklech zu de Frënn vun Israel ze ziele sinn, agaangen ass, schéngt beschtefalls als „Detail“ betruecht ze ginn…

Säi politescht „Iwwerliewen“ awer kann de Benjamin „Bibi“ Netanyahu nëmmen ofsécheren, wann et him geléngt eng „riets“ Majoritéit an der Knesset (Parlament) ze erhalen. Déi kann a wäert och, wann se dann zesummekënnt, de Ministerpresident mat enger Gesetzesännerung viru „Verfolgung duerch d‘Gesetz“ schützen, him souzesoen d‘Immunitéit géint juristesch Poursuitte gewähren.

Ob dës Rechnung opgeet? Dat hänkt am wiesentlechen dovunner of, wéi sech dem „Bibi“ seng Likud géintiwwer der „Mëtt-Lénks“ Allianz vum Benny Ganz, Spëtzekandidat vu Kahol Lavan (Blo-Wäiss) schloe wäert. An de Sondage féiere béid politesch Stréimungen e Kapp u Kapp Rennen an et gesäit tatsächlech spannend aus. An deene blo-wäisse geet et ëm: „Ni méi Netanyahu!“.

Géigegewiicht

Et sinn déi „säkular“ Israelien déi dem fréiere Generol a senger Ekipp de Réck stäipen, mee och dëst Bündnis wier op e Partner ugewise fir se regéieren. Interessant dann och d‘Annonce vum Benny Gantz, datt hie sech eng säkular Allianz mat der Likud vum Benjamin Netanyahu virstelle kann, dat allerdéngs ouni eben den Netanyahu. An do gëtt et tatsächlech och bei Likud „Interessi“.

De fréiere Verdeedegungsminister Avigdor Lieberman, Leader vun „Yisrael Beiteinu“ a russeschen Immigrant gëllt als rietsnationalistesch, net awer als reliéis. Hien ass och Verantwortlech dofir, datt de Benjamin Netanyahu am Abrëll keng Regierung zesummestelle konnt. Hien hat gefuerdert datt och ultraorthodox Judden Déngscht an der Arméi maache mussen, an fir eppes Opreegung gesuergt.

Mat dësem politesche Schachzuch ass et dem Avigdor Lieberman gelongen, d‘Fro „Israel: säkular oder reliéis?“ zum zentrale Wahlkampfthema ze maachen, wat hien net onsympathesch gemaach huet. Hie gëtt an de Sondage gutt bewäert, an kann sech esouwuel den Netanyahu wéi och de Gantz als Ministerpresident virstellen. Am léifste wier him eng Allianz mat Likud a Blo-Wäiss…

mat indymedia/tlv

Ähnlech Sujeten Avigdor Lieberman, Benjamin Nehanyahu, Benny Gantz, Israel, Parlamentswahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel