Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington
International Neiegkeeten

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington

De Konflikt tëscht den USA an dem Iran ass nom

Le Salon des Douceurs: Wann d’Luxexpo eis glëschtereg mécht
International Neiegkeeten

Le Salon des Douceurs: Wann d’Luxexpo eis glëschtereg mécht

Fir eng alleréischt Kéier setzt dëse Salon de Schockela, d’Patisserie

money
Mir hunn e bessere Kompetitivitéitsbilan wéi dat am Ausland behaapt gëtt
International Neiegkeeten

Mir hunn e bessere Kompetitivitéitsbilan wéi dat am Ausland behaapt gëtt

De Mëttelstandsminister huet gëschter am Wirtschaftsministère de Kompetitivitéitsbilan 2019 virgeluecht,

Kee „Gewënner“ bei de Parlamentswahlen an Israel

Kee „Gewënner“ bei de Parlamentswahlen an Israel

Eng eendeiteg Victoire gëtt et weder fir de Likud vum Benjamin Netanyahu, nach fir Kahol Lavan vum Benny Gantz. Bei den israelesche Parlamentswahlen sollen de Likud 31 bis 33 Sëtzer a Kahol Lavan 32 bis 34 Sëtzer erhalen hunn, wat zu engem politesche Patt féiere géif.

Endgülteg Zuele leien nach net vir, mee dat huet den Benjamin Netanyahu net dovunner ofgehalen um Mëttwochmuere sengen Unhänger als de „Gewënner“ ze presentéieren. Hien huet dann och schonn ugekënnegt, iwwer déi nächst Deeg Verhandlunge féieren ze wëllen an eng staark Regierung op d‘Been ze stellen. Zil wier et eng „anti-zionistesch“ Regierung ze verhënneren.

Israel

De Benjamin „Bibi“ Netanyahu gesäit sech nees als de Wahlgewënner a wëll eng Regierung bilden. Ob hien den Auserwielten ass an ob et zu enger „grousser“ Koalitioun komme kann? Eng Äntwert dorops ass net virun nächster Woch ze erwaarden.

Säi Géigner, de Benny Gantz huet sengersäits de Ball „flaach“ gehalen an eppes Gedold gefuerdert. Nach géifen déi endgülteg Resultater net virleien. Dat soll net verhënneren, datt et schonn zu enger éischter „Kontaktopnam“ komme kann. De Leader vu blos-wäiss wëll schonn an den nächsten Deeg mam Avigdor Lieberman an anere méigleche Koalitiounspartner iwwert eng Regierung schwätzen.

Israel

De Benny Gantz a seng Kahol Lavan dierften déi stäerkst politesch Kraaft an Israel ginn. Mee regéieren dierft ouni déi nationalkonservativ Likud an déi rietsextrem Israel Beitenu net méiglech sinn.

Net anescht gesäit am Lager vun Israel Beitenu aus. Hire Leader, den Avigdor Lieberman huet nach um Dënschdegowend eng national a liberal Regierung gefuerdert. Hie geséich et gäre wann et zu enger Dräier-Koalitioun: Likud, Kahol Lavan an Israel Beitenu komme géif. Eng breet Koalitioun déi noutwenneg wier, well sech Israel an engem Noutstand befanne géif. Et ass eng Méiglechkeet.

Keng eendeiteg Majoritéit

Déi nationalkonservativ Likud, d‘Jamina-Partei vun der fréierer Justizministesch Ajelet Schaked an déi sëllech streng reliéis Gruppéierunge kommen, esou déi lescht Zuelen déi eis virleien, op 54 bis 57 Sëtzer. Dat geet net duer fir d‘Majoritéit an der Knesset ze iwwerhuelen, dofir wieren 61 Sëtzer noutwenneg. Déi rietsextrem „Ozma Jehudit“ ass un der Spärklausel vun 3,25% gescheitert.

IsraelBesser gesäit et och am Lager vun der „Mëtt-Lénks“ Allianz aus. Blo-Wäiss, déi Demokratesch Unioun an d‘Aarbechterpartei, kéimen den ament och nëmmen op 54 bis 58 Sëtzer. Dem Avigdor Lieberman seng ultra-riets Partei gëtt mat 8 bis 10 Mandater kreditéiert. Interessant: déi vereenegt arabesch Lëscht gëtt mat 11 bis 13 Sëtz, déi drëttstäerkst Kraaft am israelesche Parlament.

IsraelEt war schonn déi zweet Parlamentswahl an dësem Joer, an dës Kéier huet eng däitlech gréisser Wahlbedeelegung gi wéi nach virun engem hallwe Joer. Den zentrale Wahlcomité huet matgedeelt, datt d‘Bedeelegung um 19 Auer bei 63,7% geleeën ass. Dat wieren 2,4% méi wéi bei Wahlen am Abrëll. Éischt konkret Zuelen zu der Sëtzverdeelung ginn haut am Laf vum Dag erwaart.

mat indymedia/tlv

Ähnlech Sujeten Avigdor Lieberman, Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Israel, Parlamentswahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel