Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Schlofe géint de Stau
International Neiegkeeten

homeschool dating sites

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll

homeschool dating sites
International Neiegkeeten

Kann een Entreprisen zur Verantwortung zwéngen?

Zu Lëtzebuerg installéiert transnationalen Entreprisen sollen zur ethescher Verantwortung gezwonge

D‘Piraten net erfreet iwwert de Privatiséierungsprojet vun den CFL
International Neiegkeeten

D‘Piraten net erfreet iwwert de Privatiséierungsprojet vun den CFL

Mam Gesetzprojet 7254, deen sech op d‘Ëmsetzung vun der EU-Direktiv

Bei de Parlamentswahlen an Israel kënnt et net zur Iwwerraschung

Likud kuerzzäiteg hannert de „Blo-Wäissen“, sollt awer d‘Regierung bilden…

Bei de Parlamentswahlen an Israel kënnt et net zur Iwwerraschung

Wéi mir eis gëschter Owend déi stattlech israelesch Tëlee gekuckt huet, sinn engem kuerz Zweiwel opkomm. Kuerz no 22 Auer waren dem Benny Gantz seng Blo-Wäiss (Kahol Lavan) mat 1 Sëtz Virsprong op dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu seng riets-nationalistesch Likud gemellt ginn.

Mee Héichrechnungen, Prognosen an soss Dommheeten déi sech ganz gescheiter aus virtuelle Kristallkugele selwer arieden, kann ee beschtefalls als „Kaderprogramm“ vun den israelesche Parlamentswahle consideréieren. An esou ass et haut de Moien dann och en eppes méi kloert Bild dat sech presentéiert, an d‘Zuele sinn virun allem offiziell. D‘Iwwerraschung ass ausbliwwen.

Parlamentswahlen

De Likud geet als stäerkste Fraktioun ervir, direkt gefollegt vum Benny Gantz senger Mannschaft. Bezitt ee sech op d‘Regierungsbildung, esou huet dee vu rietsradikal bis ultrakonservativ ausgeriichte „Block“ – also d‘Likud an déi „streng reliéis“ – ganz kloer d‘Majoritéit an der Knesset.

De Bibi ass Baba a ganz aus dem Haischen

„Dir hutt eis eng gigantesch Victoire geschenkt. Onvirstellbar, an ënner schwieregste Konditiounen, géint eng feindlech gesënnte Press. D‘Partei ass gewuess, den Erfolleg léisst sech weisen. (…) Esou eppes huet et nach net ginn. Ech ka mech net entsënnen datt mir jeemools esouvill Mandater haten“, esou an der Nuecht de Benjamin „Bibi“ Netanyahu, nodeem hie sech zum Gewënner erkläert huet.

Parlamentswahlen

Hien huet betount, datt déi nächst Regierung eng „riets Regierung“ wäert sinn (datt ass allerdéngs schonn iwwer 20 Joer esou NvdR) mee hien sech operluecht huet, de Premierminister vun alle Bierger (ausser den Araber an/oder Palestinenser) vum Staat Israel ze sinn. Dat kléngt net wéi wann do ee gewëllt wier, op e friddlecht Liewe mat de Palestinenser hinzeschaffen.

De Benny gesäit sech och als Premierminister

Hien ass entscheet als „Dauphin“ aus dëse Parlamentswahlen ervirgaangen: de Benny Gantz, fréiere Generol a gläichfalls en Hardliner. Logesch datt och hie sech als Premierminister gesäit. „(…) ee grellt Liicht läit iwwer Israel. Et ass en historeschen Dag an iwwert eng Millioun Mënschen hunn Blo-Wäiss gewielt“, esou dee neie Kandidat, dee sech um politesche Schachbriet behaapte konnt.

Parlamentswahlen

„Mir wëllen dem Benjamin Netanyahu fir déi dem Land geleeschten Déngschter Merci soen, well mir wäerten de Wielerwëlle respektéieren. Et ass genee esou wei hien et seet: déi gréisste Partei sollt d‘Mandat zur Regierungsbildung erhalen“, erkläert an der Nuecht de Generol, déi ei mir de Moie wäert festgestallt hunn, datt déi Blo-Wäiss méiglecherweis net déi gréisste Fraktioun stellen.

Et bleift alles – méi oder wéineger – beim alen

Et ass also och 2019 nach net zu engem Changement komm, an déi reliéis fanatesch wéi och déi national orthodox Stréimungen an Israel, bleiwe majoritéitsfäeg. Parteien aus dem politesch lénke Spektrum (dat sinn déi wou Israel als Staat gegrënnt an bis Enn de 70er geleet haten) gëtt nach. Mee mat enger Handvoll Mandater, kann ee sech nach net emol eeschthaft als Oppositioun presentéieren.

D‘Mifleget haAwoda haIsra‘elit (Aarbechterpartei) vum Avi Gabbay kënnt op grad emol 5%. „Dat ass kee schéinen Owend fir eis. Iwwerhaapt ass et kee liichten Owend fir mech“, esou de Parteipresident no den éischte Prognosen. An Tatsächlech gëtt et ëmmer manner, d‘Aarbechterpartei schéngt verdaamt ze sinn, e weidert bestoen nach just an de Geschichtsbicher feieren ze kënnen.

E Bléck op d‘Lag am Land an wat d‘Wahl bréngt

Déi israelesch Gesellschaft ass laang net esou homogen, wéi et oft an de Medien duergestallt gëtt, an net all Israeli ka sech vum Nationalismus oder enger reliéis-orthodoxer Regierung begeeschtere loossen. Net ze vergiessen, datt ronn 20% vun der Bevëlkerung sougenannt „arabesch“ Israelie sinn, déi mam Boykott vun de Wahle beweisen, datt si sech dem demokratesche Prozess verweigeren.

Parlamentswahlen

Laut den offiziellen Zuelen, hu gëschter an Israel grad emol 60% vun der Wahlberechtegte gebrauch vun hirem demokratesche Recht gemaach. Esou einfach kann een e Staat sekulariséieren, wat awer de Zukunft net entgéint kënnt. Déi wou elo an hire „Mandater“ bestätegt gi sinn, wäerten sech kaum fir de Fridde mat Palestina asetzen. Et sollt ee vun enger Verschäerfung vun der Lag ausgoen…

mat indymedia/tlv

Bild: Eng Famill wéi aus dem Billerbuch: de Benjamin Netanjahu huet mat senger Fra op der Tëlee, dës Nuecht schonn seng Wahlvictoire gefeiert. Hien dierft dann och d‘Regierung bilden. (video take out)

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Benny Gantz, Israel, Kahol Lavan, Likud, Parlamentswahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel