Prognose: Lëtzebuerger Sozialversécherungssystemer ze deier, seet den CNFP
De nationale Rot fir ëffentlech Finanzen (CNFP) huet bei senge
De nationale Rot fir ëffentlech Finanzen (CNFP) huet bei senge
T’ass d’Mëschung aus Poesie an essayistescher Aarbecht, déi de linguisteschen
Laut dem Communiqué vun der Weltbank, huet de President vun
Bei de Parlamentswahlen a Portugal huet dem amtéierende Ministerpresident António Costa seng Sozialistesch Partei eng däitlech Wahlvictoire virzeweisen. Obwuel si sech ëm bal 4% verbesseren, mussen sech d‘Sozialisten op en Neits op d‘Ënnerstëtzung vun hiren aktuelle Partner stëtzen, fir d‘Regierung ze bilden. Dat gutt Resultat vum PS wier dem Wirtschaftsopschwong geschëlt.
D‘Wahlbezierker sinn all ausgezielt an déi Sozialistesch Partei (PS) kritt 36,5% zougeschriwwen. Dat wiere knapp 4,5% méi wéi nach bei de leschte Parlamentswahlen 2015. A senger Ried huet den António Costa um fréie Méindegmuere gestraalt: „De PS huet seng Positioun gestäerkt“ sot hie sengen Unhänger an engem Hotel zu Lissabon. Déi hu just gejaut: „Victoire, Victoire, Victoire“.
Fir den António Costa ass et awer ersiichtlech, datt sech d‘Wieler fir eng Weiderféierung vun der Zesummenaarbecht mat anere Lénksparteien ausgeschwat hunn. E Constat deen sech och unhand dem Resultat vun der stäerkster Oppositiounspartei, der konservativer Sozialdemokratescher Partei (PSD) – si huet déi gréisste Fraktioun am Parlament gestallt – déi mat 29% zolidd verluer huet.
Zanter datt den António Costa am Hiecht 2015 d‘Muecht iwwerholl huet, kann ee feststellen, datt sech Portugal wirtschaftlech ganz gutt erholl huet. D‘Wieler hunn dat e Sonndeg mat hirem „Kräiz“ honoréiert, firwat d‘Zuel vun de sozialisteschen Deputéierte vu bis ewell 86 op da mindestens 106 klamme sollt. Fir déi absolut Majoritéit, wieren awer 116 vun den 230 Mandater Noutwenneg.
An der leschter Legislaturperiod, konnt sech den 58 järege Jurist, ouni formell Koalitioun op d‘Ënnerstëtzung vum „marxistesche Lénksblock“ (BE) an dem „gréng-kommunistesche“ Bündnis CDU verloossen. An och déi hu – wuel nëmme liicht – zougeluecht: BE kënnt op 10,5% an d‘CDU op 7%. Resultater déi den António Costa begréisst, well se fir Stabilitéit a Kontinuitéit stinn.
Réckbléck: 2011 hunn den internationale Währungsfong (IMF) an d‘EU, Portugal mat engem „Hëllefspak“ an héicht vun 78 Milliarden Euro virum Staatsbankrott bewoort. Et gëtt wuel nach ugefouert, datt déi Konservativ d‘Land aus der „Kris“ gefouert hätten, woubäi déi opgrond hirer onmoosseger Austeritéitspolitik ofgewielt goufen. Den António Costa hat do Besseres am Sënn.
Hien huet d‘Spuerpolitik gelackert, d‘Sozialausgaben erhéicht an sech awer un déi vu Bréissel operluechten „Austeritéitspläng“ gehalen. Gutt gehollef huet dem Ministerpresident den Tourismus. E regelrechte Boom an dëser Branche ass der Konjunktur entgéint komm. D‘Wirtschaftsleeschtung läit däitlech iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt. An dat soll esou och weidergefouert ginn.
mat indymedia/lis
Foto: © PS