Search

You may also like

E Beruff aus dem Gesondheetssecteur? (Lieserbréif)
Kultur Neiegkeeten

E Beruff aus dem Gesondheetssecteur? (Lieserbréif)

Wann ech z. B. Museksvideoen op enger grousser Internetplattform kucken,

Maniff fir de Patrimoine
Kultur Neiegkeeten

Maniff fir de Patrimoine

De Rendez-vous war treffend organiséiert: um Piquet, also direkt um

Iran: Fraen am Stadion
Kultur Neiegkeeten

Iran: Fraen am Stadion

Eng ronn honnert Fraen hunn um Dënschdegowend zu Teheran Zougang

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!

2019 luet partage.lu Iech an, aktiv d’Zukunft matzegestalten andeem Dir hir Partnerorganisatiounen an Afrika, Asien a Latäinamerika dobäi ënnerstëtzt hiert Liewe selwer an d’Hand ze huelen. Vu Guatemala bis Kongo, vun Indien bis Kenia ënnerstëtzt partage.lu Mënschen an der Hëllef zur Selbsthëllef. Am Mëttelpunkt vun der Campagne vun dësem Joer steet als grouss Erausfuerderung de Klimawandel.

„D’Zukunft ierwe mir net, mir schafen se, mir erfannen se, mir sichen se, mir maachen se op“ seet de Joseph Kalamba, Partner vu partage.lu aus dem Kongo. De Klimawandel ass eng Realitéit, déi eis all betrëfft. No Méint vun Hëtztwellen an Drécheperioden an Europa musse mir elo d’Zukunft am Kontext vum Klimawandel plangen a gestalten.

A Kenia huet d’Vollek vun der Turkana mat ëmmer méi heefegen Drécheperioden ze kämpfen, déi oft zu Hongersnéit féieren. D’Ernierungssécherheet vun der Bevëlkerung ze sécheren an esou den Däiwelskrees vun der Ofhängegkeet vu Liewensmëttelhëllefen brieche sinn d’Zieler vum Projet, déi partage.lu op der Plaz ënnerstëtzt.

Duerch Är Spende gi Buere geschaf a Mënschen ausgebilt, fir d’Liewensmëttelproduktioun an der Regioun virun ze entwéckelen oder eng eege kleng Entreprise ze grënnen. Sou kënnt Dir d’Turkana ënnerstëtzen sech selwer ze hëllefen an d’Zukunft aktiv matgestalten.

12 Projeten an 8 Länner fërdert partage.lu dëst Joer mat 2.220.000 €. De Kooperatiounsministère (MAEE) finanzéiert heivun 80%. D’Fondatioun Partage Luxembourg biet d’SpenderInnen matzehëllefen, déi reschtlech 20% (444.000 €) zesummen ze droen.

D’Kontonummer vu partage.lu ass LU74 1111 1261 0097 0000 (CCPL).

Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.partage.lu an op hirem Facebooksite.

Related topics Campagne, Don, Klimawandel, partage.lu, Spendenaktioun, Turkana
Next post Previous post