Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump
Love Neiegkeeten WTF

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMADen Andy Serkis hëlt dat Bescht aus

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt
Love Neiegkeeten WTF

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt

Nom OGBL, deen um Dënschdeg seng Analys vun de Wahlprogrammer

cooldislike
Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen
Love Neiegkeeten WTF

Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen

Nei Woch, neie Shit-Storm. Des Kéier mat dobäi: Déi jonk

lovesurprise

Dank dësem Partenariat fanne méi Leit eng Aarbecht

Dank dësem Partenariat fanne méi Leit eng Aarbecht

Déi éischt Editioun vum Programm: „Entreprisen, Partner fir d’Aarbecht“, deen 2015 opgeholl ginn ass, geet op en Enn. Zäit fir en Bilan an a en Ausbléck op d’Aktioune fir den Zäitraum 2018 – 2020.

Um Méindeg hunn sech zu dësem Zweck de Nicolas Schmit, Aarbechtsminister; d’Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEM an de Jean-Jacques Rommes, delegéierten Administrateur vun der UEL (Verband vun de Lëtzebuerger Entreprisen) zesummefonnt.

D’Partenariat, dat tëscht der ADEM an der UEL 2015 ofgeschloss ginn ass, hat als éischt emol d’Zil, e Klima vum Vertrauen tëscht béide Partner opzebauen. Eng Partnerschaft déi sech an d’Reform vun der ADEM ageschriwwen huet, an zum Objektiv hat d’Zuel vun den Astellunge vun Demandeuren ze erhéijen.

Encourageant Resultater

An d’Zuele fir déi éischt Editioun loossen sech gutt liesen. Säit 2014 wiisst den Aarbechtsmaart. 2015 an 2017 hunn iwwer 5.900 Demandeuren nees Zougang zu enger fester Schaff fonnt. D’Zil vun de 5.000 ass also erreecht ginn. Dëse Rhythmus ze erhalen ass dann och d’Erausfuerderung.

Sech der Erausfuerderung stellen, dat geet fir d’ADEM nëmmen dann, wann si wësse, wou et fräi Plaze ginn. D’Zuel vun den Aarbechtsplazen déi disponibel sinn an der ADEM Gemellt ginn, sinn also eng grondleeënd Informatioun. Positiv deemno, datt d’Deklaratiounen iwwert déi lescht dräi Joer ëm 30% zougeholl hunn.

Hei sollt een dann och net vergiessen, datt d’Partenariat engen 30 Entreprisen an engem Beruffsverband et erméiglecht hunn, vun der ADEM de „Label“ ze kréien. Dat geet allerdéngs nëmme wann ee seng Engagementer fir d’Entwécklung vum Aarbechtsmaart eescht hëlt.

D’Formatioun: eng Grondlag

Fir d’Kandidate vun der ADEM ass d’Formatioun eng essentiell Grondlag. Dës Weiderbildunge sinn d’Äntwert op e konkrete Besoin vun den Entreprisen. Déi geziilte Formatiounen hunn dann och ganz däitlech Resultater erginn a vill Demandeuren nees zu engem Patron gefouert.

Och der digitaler Demande dréit d’ADEM Rechnung. Hei ass et dann d’Zesummenaarbecht mat den zwou Patronatskummeren, der Handelskummer an der Handwierkerkummer, déi hir Friichte gedroen huet. Déi hunn sech den Ustrengungen ugeschloss a mat gratis Course fir d’Demandeure, mee och der Entwécklung vun neie Formatiounen, e wichtege Bäitrag geleescht.

D’Leit zesummebréngen

E weidert Objektiv vum Partenariat, war d’Entwécklung vun neie Mesuren, déi et sollten erlaben d’Entreprisen an d’Demandeuren zesummenzeféieren. Den JobBoard vun der ADEM konnt esou schonn 2016 um Internetsite www.adem.lu genotzt ginn. Iwwer 1.500 Entreprisë benotzen dann och dës Plattform, op där si op de Profil vu bis zu 20.000 Kandidate kënnen zréckgräifen.

Well ee bei der ADEM gären op Nummer sécher geet, hunn beim LISER eng Enquête bestallt. Aus dëser geet ervir, datt d’Servicer vun der ADEM bei den Entreprisë ganz beléift sinn. Nëmme 7% vun de Befroten hu gesot, datt si net méi wéilten op den Service zougräifen.

Besonnesch gutt ofgeschnidden huet den Internetsite selwer (88%) an och de Contact-Center (77%) vun der ADEM entsprécht de Virstellungen déi ee bei dësem ambitiéise Projet hat. Et dierft een also bal behaapten, datt wien eppes Konkretes sicht, hei och d’Chance huet dat ze fannen. Verbesseren awer muss e sech och mat dësem Service stänneg.

Wat bréngt Zukunft?

Fir unzefänken dierf emol ënnerstrach ginn, datt béid Partner sech fir weider dräi Joer gebonnen hunn. De neie Programm soll sech dann och de „benodeelegte“ Kategorië vu Chômeure méi geziilt unhuelen. D’Konjunktur u sech ass gutt an et gi kontinuéierlech nei Plaze geschafen.

Aktuell ass den Aarbechtsmaart ganz dynamesch, wat bedeit, datt et fir eng steigend Unzuel vu Beruffer, respektiv Secteure, net genuch Kandidate gëtt. Deem wëll d’ADEM zesumme mat der UEL entgéintwierken. Natierlech bleift een Haaptzil d’Zuel vun den Astellungen ze erhéijen an et den Entreprisë méi liicht ze maache Leit ze beschäftegen.

Net konkret genuch, déi Aart a Weis wéi een der Ongläichheet tëscht den Offeren an de Profille vun den Demandeure wëll begéinen. Geziilt deenen Entreprisen ze hëllefen déi Problemer mam Rekrutement hunn, ass éiergäizeg mee verlaangt dann och entspriechend Asaz.

Geduecht gëtt …

Fir all den Erausfuerderunge Meeschter ze ginn, ass virgesinn Aarbechtsgruppen ze organiséieren, déi sech der Entwécklung vu Formatiounsprogrammer sollen unhuelen, déi op d’Demande vun den Entreprisen zougeschnidden ass. Heizou gehéiert och d’Entwécklung vun neien digitale Moyenen, mat deenen déi zukünfteg Rekrutementer kënnen erkannt ginn.

Am Sënn vun enger besserer Transparenz vum Aarbechtsmaart, wëll d’ADEM och eng Zesummenaarbecht mat kommerzielle Plattformen net méi ausschléissen. Wéi se dat an Aklang mam neien Dateschutzgesetz (GDPR) wëlle bréngen, ass aus dem Communiqué net ervirgaangen.

De Jean-Jacques Rommes huet awer ënnerstrach, datt de Programm bis ewell e Succès war. Hie rifft dann och all d’Entreprisen op, sech der Initiativ unzeschléissen. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit ass sengersäits begeeschtert dierfe festzestellen, datt d’Partenariat esou gutt funktionéiert. Hien ass dann och ganz optimistesch am Bezuch op d’Zukunft

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ADEM, Isabelle Schlesser, Jean-Jacques Rommes, Nicolas Schmit, UEL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel