Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!

Scho virun der Zäit vun de Giele Gileten ass et

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach
International Neiegkeeten

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Well sech d’Star Tom Cruise beim Tournage vum sechsten Opus

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur
International Neiegkeeten

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur

De Skandal deem sech Facebook selwer ausgesat huet, an deem

E Partenariat fir de kommerzielle Weltraum

Lëtzebuerg an d‘USA ënnerschreiwen eng Absichtserklärung zur Eruewerung vun de Weltraumressourcen

E Partenariat fir de kommerzielle Weltraum

Et war, historesch betruecht, en denkwierdegen Dag, wéi den 10. Mee eise Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP) an den US-Sekretär fir Handel, Wilbur Ross, eng detailléiert Absichtserklärung zur gemeinsamer kommerzieller Notzung vum Weltraum a senge Ressourcen, ënnerschriwwen hunn. Et weist och, wéi wichteg Washington eng Zesummenaarbecht mat eis ass.

Mee déi Absichtserklärung schéngt dem Wilbur Ross vill ze bedeiten. „Et ass dat den Ufank vun enger ausseruerdentlecher Bezéiung. (…) Mir wäerten zesummeschaffe fir e Milliardegeschäft am Weltraum opzebauen“, esou den ale Mann, deen nach betount datt Washington eng Kooperatioun mam „klenge“ Lëtzebuerg als „wichteg“ betruecht. Et ass ëmmer wichteg wann et ëm Geld geet…

Et geet ëm de Goss net ëm d‘Wëssen

D‘Schlagwuert ass dann och „Business“. Gemengt ass domatter den Ofbau vu Rohstoffer am Weltall, also villméi d‘Notze vun de Ressourcen déi sech op Himmelskierper befannen. An d‘Lëscht vun de Gidder ass laang. Nieft Eisen, Kobalt, Néckel oder Tungsten an Zénk, ass och „Energie“ eng Ressource déi gesicht ass. An Energie soll et um Mound ginn, firwat deen nees interessant ass.

Vermutt ginn enorm Reserven un Helium3-Isotopen, déi sech fir „d‘Produktioun vu propperer Energie“ géif notze loossen, a bei der Léisung vun eisen Ëmweltproblemer eng entscheedend Hëllef kéint sinn. Gutt et ass nach net gewosst wéi een drun kënnt, a wann ee bis drun ass, muss een dat och nach op d‘Äerd transportéiert kréien. Fir vill Mënsche sécherlech en utopesche Gedanken…

Partenariat

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider: „Dës Absichtserklärung déngt als Plattform mat där esouwuel Lëtzebuerg wéi och déi vereenegt Staaten hir Zesummenaarbecht an hir Projeten am Weltall gemeinsam virundreiwe kënnen. Ähnlech wéi déi vereenegt Staaten, ass Lëtzebuerg dat éischt europäescht Land, dat e gesetzleche Kader virgëtt, deen unerkennt, datt d‘Ressourcen am Weltall genotzt dierfe ginn. Dës Vereenbarung mat de vereenegte Staaten bedeit e weider bedeitende Fortschrëtt bei der Verbesserung vun der internationaler Zesummenaarbecht duerch eis ‚spaceressources.lu‘ Initiativ“. © Martine de Lagrdère/moien.lu

Ronderëm eise „bloe Planéit“ schwiewen eng 15.000 Asteroiden (also dat sinn elo déi wou de Wëssenschaftler bekannt sinn), déi alleguerten eng oder méi vun dëse Ressource a sech droen. Esouguer Waasser – a form vun Äis – gëtt et „do uewen“, an dat kéint eng grouss Roll spillen, wann et drëms geet Laangzäitweltraummissiounen ze organiséieren. Eent vun de groussen Ziler.

Mir hu längst alles gesetzlech gereegelt

Et gëtt awer och eng Rei gutt Grënn, firwat d‘Amerikaner onbedéngt mat eis „Geschäfter“ maache wëllen. Dee wichtegsten dierft sinn, datt sech Lëtzebuerg net nëmmen Administrativ an och am wëssenschaftleche Beräich d‘Moyene gëtt, nee esouguer e Gesetz fir d‘notze vun de Ressourcen aus dem Weltraum, hu mir op d‘Rei kritt. E Gesetz dat weltwäit eenzegaarteg an net onëmstridden ass.

Zudeem sollt een de Stellewäert vun der „Luxembourg Space Agency“ (LSA) net ënnerschätzen. Et dierf och drop higewise ginn, datt et bis ewell schonn eng 20 Entreprisen aus dem Secteur gëtt, déi sech fir de Standuert Lëtzebuerg entscheet hunn. E weidere Grond fir d‘Zesummenaarbecht ass eis Expertise. Säit 1985 gëtt et d‘SES, an dat ass ëmmerhin de weltwäit gréisste Satellittebedreiwer.

E Pilier vum Bruttoinlandprodukt

Dem Etienne Schneider war et siichtlech eng grouss Freed, dem Wilbur Ross deen esou wichtege wirtschaftlechen Impakt vum Projet „spaceressources.lu“ an engem Saz ze resuméieren: „Dëse Projet erwirtschaft elo schonn 2% vum BIP am Weltraum. Dat ass deen héchsten Taux an der EU an ee vun de héchste weltwäit. A mir wëllen dësen Undeel an den nächste Joren nach erhéijen“.

Esou e Resultat géif sech de Wilbur Ross och fir säi President wënschen, an de Wirtschaftsminister muss sech geduecht hunn, wann dee géigeniwwer schonn erstaunt de Mond opstoen huet, da geet nach eppes. „Lëtzebuerg hëlt schonn haut eng gréisser Plaz am Weltraum an wéi d‘USA. (…) D‘USA a Lëtzebuerg ënnerscheeden sech vläicht an hirer Gréisst, mee si hunn déiselwecht Ziler“.

Partenariat

Den US-Sekretär fir Handel, Wilbur Ross: „Déi vereenegt Staaten a Lëtzebuerg deelen sech e räicht historescht Ierwen an déi gemeinsam Visioun, datt d‘Zukunft am Weltall virun allem wirtschaftlech wäert sinn. Dës Absichtserklärung bilt d‘Grondlag fir eng méi enk Zesummenaarbecht am Kader vu villfältegen Aktivitéiten, dorënner Fuerschung, Erkundung, Verdeedegung a wirtschaftlech Notzung vum Weltall. Si erméiglecht och e Partenariat bei bedeitende Problemer am Weltall, wéi Reguléierungsformen a Weltraumschrott“. © Martine de Lagrdère/moien.lu

An dat Zil ass d‘Entwécklung vun enger kommerzieller Raumfaart. Béid Länner wëllen sech dann och net eleng fir e gültege legale Kader asetzen, mä och d‘Finanzéierung an d‘Versécherung, vum Weltraum-Biergbau mat neien Instrumenter regelen. Dozou gehéieren erstaunlecherweis och Fuerschungs– Kommunikatiouns- an Observatiounsprojeten. An d‘Militär wëll och matmaachen…

Den ale Mann huet net nëmme friddlech Absichten

Mee d‘Amerikaner wëllen d‘Welt beherrschen an do ass et scho bal selbstverständlech, datt si dësen Usproch och op de Weltraum auswäiten. De Wilbur Ross, deen een net als onbedeelegte vum trumpschen Handelskrich mat China bezeechne kann, wëll d‘Partenariat mat Lëtzebuerg och militäresch notzen. Dat a Kooperatioun mat NASA, US-Verdeedegungsministère an NATO.

Interessant ass, datt den Amerikaner sech net iwwert déi méiglech Kooperatioun mat de Russen ausgelooss huet. E wäert sech geduecht hunn, datt den US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Randy Evans, scho genuch zur „Frëndschaft tëscht eisem Premier Xavier Bettel a sengem russeschen Homolog, Dmitri Medvedev“ gesot huet. Dee war wuel och do, mee just fir mat op d‘Foto…

Foto: (v.l.n.r.) Den US-Sekretär fir Handel, Wilbur Ross; den US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Randy Evans; eise Wirtschaftsminister a Vizepremier, Etienne Schneider. © Martine de Lagrdère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Randy Evans, USA, Weltraumressourcen, Wilbur Ross
Nächsten Artikel Virrechten Artikel