Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!
Money Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!

Wéi divers meteorologesch Déngschter mellen, ass an dëser Woch mat

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht
Money Neiegkeeten

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerger Hymn um Hockenheimring

Hockenheim an den Dylan Pereira, dat passt gutt zesummen. Hei

money

Käschte vum Partielle Chômage belafen sech aktuell op 145 Milliounen Euro

Käschte vum Partielle Chômage belafen sech aktuell op 145 Milliounen Euro

Um Méindeg huet de Konjunkturcomité ënnert der gemeinsamer Presidence vum Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an dem Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) siegéiert. Si hu gëschter déi Demande fir de partielle Chômage validéiert, deen am Kontext vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, dee vun 2.594 Betriber ugefrot ginn ass.

Heibäi handelt et sech ëm Entreprisen an de Secteure, déi net op Uweisung vun der Regierung hu missen hir Aarbecht astellen, mee trotz allem en zolitte Réckgang vun hiren Aktivitéite mussen a Kaf huelen. Vun dësen Demande sinn iwwer 35.500 Salariéeë betraff. Dësen Entreprise ginn elo Avancen an Héicht vu 86,6 Milliounen Euro zougestanen.

Wat déi Entreprise betrëfft, déi ee Retard beim bezuele vun de Cotisatiounen an d‘Sozialkeesen opweisen, esou gouf decidéiert, datt een dës ausnamsweis, och zum Benefice vum partielle Chômage, géif unhuelen. Entreprisen, déi elo awer ee Retard vun 3 Méint hunn, gesinn hir Avancen ëm 10% gekierzt. Wie méi wéi 3 Méint a Verspéidung, deem ginn d‘Avancen ëm 20% gekierzt.

Wat déi Entreprise betrëfft, déi opgrond den Entscheedunge vun der Regierung guer keng Aktivitéit méi ausübe kënnen, an déi dann och direkt vun der ADEM traitéiert ginn, esou goufen hei bis ewell schonn 2.483 Demande behandelt, dat fir ee Gesamtbetrag vun iwwer 57,3 Milliounen Euro. Hei sinn 37.754 Salariéeë vum partielle Chômage betraff.

Déi nächst Sëtzung vum Konjunkturcomité gouf op den 10. Abrëll fixéiert.

Iwwert de SIP matgedeelt, vum Wirtschaftsministère an dem Konjunkturcomité, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Razvan Chisu / unsplash

Ähnlech Sujeten ADEM, Dan Kersch, Fränz Fayot, Konjunkturcomité, partielle Chômage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel