Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten
qq international dating site https://moien.lu/70-30-rule-dating/

free quick dating sites

Um Samschdeg sinn eng 8.000 Manifestanten duerch d‘Stroosse vu Chemnitz

https://moien.lu/trigger-fist-matchmaking/
qq international dating site https://moien.lu/70-30-rule-dating/

Éischt Victoire ënnert neiem Management

Changementer kënne gutt sinn, verlaangen awer oft och eppes Zäit

Europa ass e Gedicht!
qq international dating site https://moien.lu/70-30-rule-dating/

Europa ass e Gedicht!

Eng entflaamt a mat Witz gewierzte „Poetry-Performance“ fir Europa presentéieren

money

Partnerschaft tëscht Cargolux an Emirates Skycargo

Partnerschaft tëscht Cargolux an Emirates Skycargo

Zu München gouf en Dënschdeg tëscht der Cargolux an Emirates Skycargo ee wichtegen Accord fir eng strategesch Partnerschaft ënnerschriwwen. Dësen eenzegaartegen an grondleeënden Schratt ass deen éischten senger Aart an der Loftfahrtindustrie, verreent en dach eng sougenannten „Mainline Airline“ mat enger reng op Loftfracht spezialiséierter Fluchgesellschaft. Dës Zesummenaarbecht tëscht zwee Operateuren mat complementaire Stäerkten an gedeelte Wäerter stinn fir en exzellente Service um Client.

Den Accord, ee sougenannten „Memorandum of Understanding“ ass beim „Air Cargo Europe“ Event a Präsenz vum Infrastruktur- a Nohaltegkeetsminister François Bausch (déi gréng) an den Hären Richard Forson, President vun der Cargolux (Bildmëtt) an Nabil Sultan, Emirates Senior President Cargo (lénks am Bild), ënnerschriwwen ginn.

Am grousse Ganzen geet et drëms säitens der Cargolux, der Emirates Skycargo Frachtraum ob der Boeing 747F zur Verfügung ze stellen. Domadder kritt Emirates en erweiderten Accès op ee rengen Transportfliger fir senge Cliente Transportcapacitéit fir schwéier/iwwerdimensionéiert Fracht ze offréieren. Zousätzlech huet Emirates dann och nach weider Transportcapacitéite zousätzlech zu der eegener Boeing 777 Frachter Flotte.

Béid Entreprisen wëllen dann och Frachtraumreservéierungen an „interline agreements“ béidsäiteg weider entwéckelen. Dat erlaabt dësen Fluchgesellschaften d‘Notzung vu Capacitéiten op Strecken déi se aktuell eenzel net ofdecken. Fir d‘Cliente vun béid Cargolux an Emirates Skycargo ee grousse Virdeel, mee och d‘Airlines selwer vergréisseren esou hiert d‘wirtschaftlecht Ëmfeld.

D‘Cargolux huet mat dësem Accord elo dann och Accès zum Frachtraum vun de Passagéiermaschinnen an erreecht weider 150 Destinatioune an 83 Länner, während Emirates sech Plaz an de Groussraumfliger bannent dem Cargolux Netzwierk séchert.

Emirates wëll mat den Cargoflich a Richtung Lëtzebuerg ab Juni dëst Joer ufänken. D‘Fracht vu béiden Operateuren gëtt op der selwechter Plaz ënnert der Responsabilitéit vun der Cargolux zu Lëtzebuerg konditionéiert. Zur gläicher Zäit wäert d‘Cargolux seng Frequenz a Richtung Dubai erhéijen. Domadder verbessert sech d‘Konnektivitéit tëscht Lëtzebuerg an Dubai World Central (DWC) enorm. Zu Dubai iwwerhëlt Emirates den Handling.

Ähnlech Sujeten Cargolux, Dubai, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel